Search

You may also like

Wat ass um Streckeradar esou schwéier ze verstoen?
International Neiegkeeten Stories

Wat ass um Streckeradar esou schwéier ze verstoen?

Et gouf, et kann een et net anescht soen, grouss,

money
Black Friday: Deem enge säi Leed ass deem aneren seng Freed
International Neiegkeeten Stories

Black Friday: Deem enge säi Leed ass deem aneren seng Freed

D‘Annonce gëschter vum Premierminister an der Gesondheetsministesch d‘Betriber aus dem

Déi kulturell Mëttespaus
International Neiegkeeten Stories

Déi kulturell Mëttespaus

D’Mëttegpaus mat engem Concert genéissen? Ma dat ass kee Problem

Si hunn de Reen geséit…

D‘Spiral vun der Gewalt konzentréiert sech op d‘Gazasträif an d‘Grenzstied op israelescher Säit

Si hunn de Reen geséit…

Och um Samschdeg huet déi israelesch Arméi hir Vergeltungsschléi géint Ziler an der Gazasträif fortgesat. Bei dësen Interventiounen ass och d‘Héichhaus zu Gaza platt gemaach ginn. Ee Schlag mat „Wierkung“, well hei hunn eng ganz Rëtsch un auslännesche Medien hir Büroen ënnerhalen.

Et ass net dat éischt Gebai, datt vun der israelescher Loftwaff zanter ee Méindeg dem Buedem gläich gemaach gëtt. D‘Virgoensweis ass och gutt agespillt: d‘Awunner gi gewarnt, fir net ze soen „Gebieden“, hirer Wee ze goen, an déi maachen dat am allgemengen och. Da kommen d‘Fliger a zerstéieren déi viséiert Infrastruktur. Mam Héichhaus vu gëschter, si fënnef Gebaier zerstéiert ginn.

An de meeschte Fäll ginn dës Zerstéierunge mat der Presenz vu bewaffente Milizen an dem Asaz vu selwer zesummegeneelte Rakéite gerechtfäerdegt. Dat trëfft esou wuel meeschtens och zou, et bleift allerdéngs net aus, datt militäresch Asätz sougenannt Kollateralschied mat sech bréngen. Dat bedeit am Kloertext, datt d‘Piloten an den Etat-Major scho wëssen, wat sech hannert hiren Ziler verbiergt.

Palestina

Hei waren d‘Büroe vun der amerikanescher Associated Press (AP) an vun al-Jazeera (Katar), mee laut dem israelesche Geheimdéngscht, och „militäresch Ressource vun der Hamas“ ënnerbruecht. Domadder gëtt d‘Haus zum militäreschen Zil. D‘Hamas huet dann och Tel Aviv eng appropriéiert Äntwert op d‘Zerstéierung vun dësem Héichhaus ugekënnegt. No Deseskalatioun kléngt dat net.

Wann een an Israel wuel och Versteesdemech fir dem AP-President Gary Pruitt seng Ausso: „Dat ass eng immens beonrouegend Entwécklung“ huet, esou waren och si zäitno informéiert ginn a konnten hir Mataarbechter a Sécherheet bréngen. Zudeem (an dat gëllt och fir eis Partner) weess all Journalist op der Plaz, op wat hie sech aléist. Hei op Iwwerraschung ze maachen e schlechte Witz.

An et huet nach ee puer Gedenkdeeg

Elo ass déi bewaffent Ausenanersetzung kee Sens-Unique, och wann d‘Proportionalitéiten net am geréngste stëmmeg sinn. Wann déi israelesch Arméi a Loftwaff ëmmer direkt ee ganze Quartier platt mécht, esou gëllt bei de Rakéite vun der Hamas oder dem islameschen Dschihad, éischter de Prinzip „Gléck“, firwat et éischter seelen zu Affer op Säite vun den Israelien huet. An awer…

Do wou d‘Lotterie vun der Gewalt e Gewënner zitt, wéi beispillsweis zu Tel Aviv oder Be‘er Sheva, gëtt et dann israelesch Affer, wat nees ee weidere Géigeschlag mat sech bréngt. Esou dréit d‘Spiral vun der Gewalt. Säit en Dënschdeg huet et aacht Rakéitenugrëff eleng op Tel Aviv ginn, an am Viruert Ramat Gan huet eng Rakéit hir déidlech Missioun erfëllt. Och weider Stied goufe getraff.

Palestina

No Rakéiten op d‘Küstestied Ashkelon an Ashdod, wou aacht Affer ze bekloe sinn, huet d‘IDF nees a bekannter Manéier geäntwert. Eng hallef Dosen Ofschossrampe sinn an der folleg zerstéiert ginn, och zwou Kampfeenheete vun der Hamas, wiere beim Géigeschlag „neutraliséiert“ ginn. Datt gëtt awer vun der offizieller palestinensescher Noriichtenagence Wafa eppes anescht duergestallt.

Do heescht et datt sech déi israelesch Attack géint d‘Flüchtlingslager zu Shati gewannt huet, wou ee Wunnhaus vun der israelescher Loftwaff zerstéiert gouf. Eng Famill vun zéng Leit, dorënner aacht Kanner, wier bei dësem Ugrëff ëmbruecht ginn. Am Kontext vun der israelescher Äntwert si säit e Méindeg 140 Palestinenser – esou déi eegen Duerstellung – de „Märtyrerdoud“ gestuerwen.

Et breet sech weider aus

Am Kontext vun dëser erneiten Ausenanersetzung tëscht Palestinenser a Israelien, begrenzt sech de Konflikt awer net op de Grenzberäich zur Gazasträif an/oder dem Tempelbierg zu Jerusalem. Och am Norden an am Osten ass d‘Lag ugespaant. Un der Grenz zu Libanon huet et och 2 libanesesch Demonstranten erwëscht. Si goufen erschoss, well Zaldoten si als Terroriste wëllen erkannt hunn.

Aus Syrien sinn och Rakéiten a Richtung Israel ofgeschoss ginn. Aus Grënn ass et hei net zu engem Géigeschlag komm… Déi international Communautéit ass dann och – wuel op ganz verschidden Aart a Weisen – alertéiert a rifft zur Deseskalatioun op. Déi international Zivilgesellschaft, stellt sech hirersäits nees hannert d‘Kausa vun de Palestinenser, déi zanter 70 Joer ënnerdréckt ginn.

Et ass richteg ëmmer nees drop hinzeweisen, datt Israel déi eigentlech de Palestinenser zougestane Gebidder besat huet an ganz oppen engem Vollek säi Grond a Buedem ënner de Féiss ewech klaut. Eng Zweestaateléisung wier an de Ae vu villen Intervenante bestëmmt déi besser Léisung, mee déi rietspopulistesch Politik vun der Likud an déi lescht véier Joer US-Aussepolitik hunn en Impakt.

Fir den Ament sinn d‘USA schwéier domadder beschäftegt esou eppes wéi eng „Vermëttlung“ op de Wee ze bréngen. Wann e bedenkt, datt d‘US-Politik ni eeschthaft déi berechtegt Uspréch vun de Palestinenser (Zougang zu Waasser an Energie) verdeedegt huet, d‘Hamas ganz oppe vum Iran an der Tierkei gestäipt gëtt, mat deenen et „diplomatesch komplizéiert“ ass, richt et net no Erfolleg.

De Chef gräift zum Telefon

Datt d‘Amerikaner politesch an ideologesch en Deel vum Problem sinn, well si aus iergendengem Grond unhuelen, d‘Weltgemeinschaft hätt hinnen de globale Gewaltmonopol uvertraut, ass schonn ee gréissere Problem fir sech eleng. Datt d‘USA zur Stonn mat China a Russland am Clinch leien, suergt fir weider Problemer am UN-Sécherheetsrot, deen haut op en neits de Konflikt berode muss.

D‘USA hunn dem israeleschen Handelspartner a militäreschen Alliéierten nom Bombardement vum Héichhaus, an deem déi international Medie Büroen haten, nogeluecht gutt opzepassen, datt kee Journalist – a schonn emol guer keen amerikaneschen – zu Schued kënnt. D‘Spriecherin Jen Psaki sot, datt d‘Sécherheet vu Journalisten an onofhängege Medien, eng Prioritéit fir Tsahal muss sinn.

Palestina

Gewosst ass och, datt de Joe Biden mat de politesche Leader, dem Benjamin Netanjahu fir Israel an dem Mahmud Abbas fir Palestina, telefonéiert huet. De Problem: den Netanjahu ass Premier op Zäit an dierft zäitno d‘Mandat un de Jair Lapid verléieren, an op där aner Säit huet et den Abbas, deen de Leader vun der Fatah, dem Äerzrival vum Hamas ass. Wat wëll ee vun esou Looser hei erwaarden?

E Samschdeg war jo och nach den Dag vun der Nakba (dat steet fir déi palestinensesch Katastroph). Dag op deem dat brittescht Mandat betreffend Palestina beendegt gouf, an d‘Geschicht esou wéi mir se haut kennen, hire Laf geholl huet. Vill vun deenen déi haut – fir déi eng oder aner Säit – demonstréieren, wiere gutt beroden, sech emol mat den Urspréng vun desem Konflikt ze befaassen.

mat indymedia/tlv an Indymedia Middle East Center, Gaza

Foto: D‘Ekippe vum Zivilschutz sinn am Dauerasaz, an am gréisste Gesondheetszenter vu Gaza, de Shifa Spidol versicht een esou gutt et méiglech ze hëllefen. Mee et steet e selwer ënenr Beschoss © Hanan al- Reefi

Related topics al-Aqsa Moschee, Hamas, Israel, Jerusalem, Nakba, Palestina, UN-Sécherheetsrot, USA
Next post Previous post