Search

You may also like

Wéi steet ëm d‘Aarbechtsplazen?
Neiegkeeten Stories

Wéi steet ëm d‘Aarbechtsplazen?

Datt sech d‘Covid19-Kris och géif zolidd op den Aarbechtsmaart auswierken,

A futile and stupid gesture packt de Spagat tëscht Dokumentarfilm a Komedie
Neiegkeeten Stories

A futile and stupid gesture packt de Spagat tëscht Dokumentarfilm a Komedie

Den National Lampoon ass an Europa keng esou bekannten Entitéit,

De Konkurrenzkampf ass bei de Schoulen ukomm, esou d’Gewerkschaften
Neiegkeeten Stories

De Konkurrenzkampf ass bei de Schoulen ukomm, esou d’Gewerkschaften

Fir den SEW-OGBL ass déi ëffentlech Schoul einfach net méi

Si hunn sech ee Sondage bestallt (Analys)

D‘TNS-Ilres huet am Optrag vum Landwirtschaftsministère eng dausend Leit zur Qualitéit vun de Lëtzebuerger landwirtschaftleche Produite befrot

Si hunn sech ee Sondage bestallt (Analys)

1.003 fir de Liewensmëttelakaf matverantwortleche Residenten si via Internet an Telefon ugeschwat ginn (21. Januar bis 3. Februar). De TNS-Ilres Client-Service-Direkter Tommy Klein huet dës Etüd gëschter zesumme mam Landwirtschaftsminister presentéiert. Keen zoufälleg ausgewielten Datum, wann ee weess wéini se gemaach gouf…

Haut mécht bekanntlech déi Ettelbrécker Landwirtschaft-Foire (FAE) hir Dieren op, an ee bessere Kontext fir eppes Werbung fir déi am Land hiergestallte landwirtschaftleche Produite kann do net schueden. Et ass also – well se representativ ass – eng wonnerbar orchestréiert Aktioun gewiescht, woubäi, loosse mir éierlech sinn, eigentlech jidderee wësse sollt, wéi gutt eis Landwirtschaft ass.

Mee et geet jo och ëm Marketing a Promotioun, firwat jo dës Etüd laang genuch zeréckgehale gouf, fir se zum beschtméiglechen Ament virzeleeën. Zudeem ass et jo och interessant, wat d‘Abonnente vum „myPanel“ esou vu sech ginn. Doriwwer eraus ass et eigentlech drëms gaange gewuer ze ginn, wéi sech d‘Akafsgewunnechte vun de Residenten am Pandemiejoer 2020 verännert kéinten hunn.

Laut TNS-Ilres hätte 4 vun 10 Konsumenten hiert Verhale changéiert, 3 vun 10 wieren esouguer bereet et bei der Verännerung ze beloossen. Fir de Landwirtschaftsminister Romain Schneider (LSAP) d‘Geleeënheet ze constatéieren, datt d‘Residenten zu Lëtzebuerg sech der Wichtegkeet vun der Liewensmëttelkette bewosst gi sinn. Woubäi et jo nach aner Aspekter ze berécksiichtegen huet.

Haaptsaach et ass een zefridden

Esou erfreet sech de Minister iwwert d‘Solidaritéit déi hei géintiwwer de Lëtzebuerger Produzenten zum Ausdrock sollt bruecht gi sinn. Wann dann aus der Etüd ervirgeet, datt ronn 90% vun Akeef am Supermarché getätegt ginn, 48% a sougenannte Proximitéit-Geschäfter, 30% beim Produzent selwer an nach emol 26% um Maart – woubäi nach 9% op den „Drive“; 7% op den Internet a 4% aner Bezuchsquellen entfalen – kritt d‘Kredibilitéit eng liicht widder den Deckel. Dat huet ee Grond…

Gesäit een emol vum Cactus of, esou brauch et keng grouss Tabellen an Etüde fir festzestellen, datt dat meescht wat do am Alimentatiounsrayon feil gebuede gëtt, vu méi wäit hir kënnt. An nee hei sinn net déi exotesch Friichten oder soss „friemlännesch Spezialitéite“ gemengt. Et muss een dann zuweilen och zimmlech genau hikucken, fir ee regionaalt (also net zwéngend lëtzebuergescht) Produkt ze fannen. Och an den Epicerie gëtt no wirtschaftlechen an net no regionale Kritären akaf.

Dëse „regionale“ Kritär wier 47% vun de Befrote wichteg, 42% géife grousse Wäert drop leeë wou de Produit hierkënnt an 33% orientéiere sech nom Präis. 32% vun de Leit ass et wichteg datt et ee saisonaalt Produkt ass dat méiglechst ee klengen Impakt op d‘Ëmwelt huet. 30% dinn uecht datt de Produit „Bio“ ass a grad esouvill kucken op d‘Verpackung. Fir eng Mark interesséiere sech nach 14%. Et dierf hei preziséiert ginn, datt „regional“ net „national“ bedeit. Do huet et en Ënnerscheed.

Net esou pingeleg sinn

Wéi gesot, datt ee sechs Méint ale Sondage 24 Stonne virun der Foire Agricole esou en Valeur gesat gëtt, bezitt sech ganz däitlech op déi vum Landwirtschaftsministère lancéiert Marketingcampagne zur Promotioun vun de regionale Qualitéitsproduiten. Et sinn allerdéngs d‘Conclusiounen déi hei am Fokus stinn. Esou heescht dann och:

„Aus dëser Etüd geet däitlech ervir, datt déi sanitär Kris d‘Wäerter evoluéiere gelooss huet, d‘Konsumente vill méi Wäert op esou Valeure wéi: Solidaritéit, Regionalitéit, Qualitéit an Nohaltegkeet oppassen. De Konsument beaflosst duer säi Konsumverhalen d‘Offer. De Konsument gëtt also ëmmer méi een attentionéierte Konsument“, behaapt emol de Romain Schneider.

Hien huet awer d‘Geleeënheet net verpasst, drun ze erënneren, datt de Gesetzprojet betreffend den Agreement fir ee Qualitéitssystem/Zertifikatioun sech voll a ganz an d‘Strategie zur Promotioun vun de Lëtzebuerger Landwirtschaftsprodukter aschreift. Dat soll jo dann dem Konsument hëllefen, den Ënnerscheed tëscht de Produkter am Supermarché ze maachen. Dat awer ënnersträicht erëm d‘Ausso déi mir am virechten Ofschnëtt, betreffend den Ursprong vun der Wuer, gemaach hunn.

Interessant Interpretatioun

Als leschte Constat säitens dem Duo Schneider/Klein wier nach ervirzehiewen, dat unhand dëser representativer Etüd, festgestallt gëtt, datt 84% vun de Menagen zu Lëtzebuerg sech méi Infoen zu regionale Produkter wënschen. D‘Sensibiliséierungscampagnen an d‘Promotioun vun de lokalen – also de Lëtzebuerger – Produzente weiderzeféieren ass quasi ee Mandat, datt de Konsument dem Minister iwwert den Ëmwee vun dëser Etüd gëtt.

Woubäi, wann een dann emol vum Sondage/Etüd ofgesäit, et och vill gutt Säiten huet, sech eisen, also de lokale Produzenten unzehuelen. Et huet eng helle Wull u ganz interessante Säiten:

Et dierf een dann och frech behaapten, datt et vu ville Naturschutzorganisatiounen a Verbänn besser Säiten huet, fir sech iwwert d‘Avantage vun engem „bewosste“ Konsum ze informéieren. Well mir elo och d‘Foire Agricole stäipe wëllen, well et eng gutt Saach ass, invitéiere mir iech dorunner Deel ze huelen. Dat geet jo dëst Joer a Presenz an digital, mat engem geniale Kaderprogramm. Hei fannt dir déi richteg Leit, déi net zuelebaséiert Conclusioune vu sech ginn, mee mat zwee Féiss dra stinn.

Foto: © Andi Superkern / unsplash

Related topics Etüd, FAE, Foire Agricole Ettelbréck 2021, Landwirtschaftsminister, Romain Schneider, Sondage, TNS-Ilres, Tommy Klein
Next post Previous post