Search

You may also like

money
Google séchert sech 34 Hektar zu Biissen
International Neiegkeeten Stories WTF

Google séchert sech 34 Hektar zu Biissen

Um Méindeg ass Bewegung an den Dossier „Google-Datenzenter“ komm. Dat

Gutt Nouvelle: D‘Salariéeë vun der SOCOM hunn hire Kollektivvertrag
International Neiegkeeten Stories WTF

Gutt Nouvelle: D‘Salariéeë vun der SOCOM hunn hire Kollektivvertrag

Den OGBL-Departement „Bâtiment, Artisanat du Bâtiment et Constructions métalliques“ an

De Schleier vun der Demokratie
International Neiegkeeten Stories WTF

De Schleier vun der Demokratie

Et ass net wëll een den islameschen Terror ënnerstëtzt, Mënscherechter

surprise

Si sinn einfach eraspadséiert

Si sinn einfach eraspadséiert

D‘Taliban iwwerhuelen no knapp engem Mount de Presidentepalais zu Kabul an de „Serviteur“ vun den USA, de soi-disant President Ashraf Ghani iwwerléisst d‘Afghane sech selwer. Offiziell, esou d‘Marionett vun den Ex-Besatzungsmuechten, hätt hien d‘Land verlooss, fir ee Bluttvergéissen ze vermeiden… wuel dat eegent an dat vu sengem sozialen Ëmfeld.

Nach um Sonndegmueren – déi éischt Taliban si séileroueg duerch d‘Haaptstroosse gelaf an hu wuel en éischt Mooss geholl – hat den afghaneschen Inneminister Abdul Sattar Mirsakwal, erkläert datt eng frëndlech Iwwergab vun der Muecht a Preparatioun ass an et net zu engem Ugrëff op Kabul an/oder déi friemlännesch Besatzer kënnt, déi jo am Begrëff sinn, sech aus dem Stëbs ze maachen.

Vill Länner sinn am Stress, well esou einfach ass et net déi eege Leit „a Sécherheet ze bréngen“. Eis däitsch Nopere beispillsweis schéngen tatsächlech eréischt ee Freideg informéiert ginn ze sinn, datt een den Taliban Afghanistan iwwerléisst. Si schécken um haitege Méindeg en éischte Fliger, fir Leit aus dem Land ze fléien. Kaum een Afghan dee fir Däitschland geschafft huet, wäert matgeholl ginn.

Dat steet eppes am Widdersproch zu den iwwer 60 Länner, déi an enger gemeinsamer Erklärung vun den Taliban fuerderen, all déi leit „zéien ze loossen“ déi d‘Land verloosse wëllen. Klengt wéi wann sech 60 Länner zugläich bereet erkläre géifen, honnertdausende Flüchtlingen opzehuelen? Dat wier nei, well déi Flüchtlingen déi si mat hire Waffen anerwäerts geschafen hunn, wëllen se net.

Elo sollt een awer dierfen dovunner ausgoen, datt och déi fanatesch Taliban, zumindest am Usaz esou eppes wéi international Unerkennung wëllen hunn, firwat si duerchaus och bereet sinn, dat zumindest am Ëmfeld vun der afghanescher Haaptstad Kabul, net den éischte Schoss ofzeginn. A wat méi Mënschen d‘Land verloossen, wat et der manner huet, déi den neie Regimm a Fro stellen…

„De Krich an Afghanistan ass eriwwer“

Mat dësem weeweisende Sproch hunn déi bäerteg Friddensnobelpräisdréier de Presidentepalais zu Kabul iwwerholl. De fréiere Locataire, Ashraf Ghani, huet sech an den Taschkent ofgesat. Dobäi sollt hien dach zesumme mat senger Ekipp an den Taliban eng Iwwergangsregierung bis zu den nächsten demokratesche Walen, op d‘Bee stellen. Aus dem Exil dierft dat awer elo schwéier ginn.

De Mohammed Naeem, dee sech als Spriecher vum politesche Büro vun den Taliban presentéiert, huet sengersäits Zouversiicht ausgestraalt: „De Krich an Afghanistan ass eriwwer. Mir versécheren allen, datt mir fir d‘Sécherheet vun de Bierger an den diplomatesche Vertriedunge suerge wäerten“. Hie füügt nach bäi, datt nach an dëser Woch déi nei Regierung wäert zesummegestallt ginn.

Héich offiziell: d‘Taliban gi vir, datt et fir all déi liichtfankeg Afghanen, déi tatsächlech geduecht hunn, datt d‘Amerikaner an hir „Partner“ komm wiere fir eng Demokratie opzebauen an esou eppes wéi Mënscherechter duerchzesetzen, sech keng Suergen ëm hiert Liewe musse maachen. Fir dee wärend der Besatzungszäit aktiv geliefte Verrot u Land a Gott, géif et eng generell Amnestie…

Dat dierft esou éischter net stëmmen, well op hirem Virmarsch hunn d‘Taliban schonn dausende Kollaborateuren zu Märtyrer gemaach. Si gesinn dat iwwregens manner als Verbriechen, wéi ee festhalen u bewäerten Traditiounen. Dat schonn zu Sowjetzäiten esou… A firwat sollten si och net d‘Friichte vun engem 20 Joer unhalende Fräiheetskampf eranhuelen? Si hate jo och net ugefaangen.

Et brauch Diplomatie, mee ouni geet et och

Wann et richteg ass, datt d‘Taliban keng Politik am eigentleche Sënn bedreiwen (dat maache China, Russland an esouguer Indien och net) esou sinn se gescheit genuch fir ze wëssen, datt ee Liewen an Isolatioun, wéi et grad mam Iran an Nordkorea bedriwwe gëtt, d‘Positioun vum Regimm net stäerkt an eppes Diplomatie net schuede kann. Diplomatie heescht jo och net, datt een éierlech muss sinn.

An esou seet eis de gesellege Spriecher vum Politbüro, datt déi kommend Regierung all d‘Länner wäert ëm Kooperatioun bidden. Et hätt ee vill Problemer ze léisen, déi vun de Besatzer implementéiert goufen. Als Fräiheetskämpfer hätt ee jo wuel seng Ziler erreecht, an elo géing et emol drëms goen déi erkämpften Onofhängegkeet ofzesécheren an d‘Fräiheet mam afghanesche Vollek ze genéissen.

Et wier elo un der Zäit den neien Dirigenten eppes Vertrauen ze schenken, schliisslech wëll ee jo kengem schueden. De Mohammed Naeem betount dann nach, datt d‘Taliban et kengem wäerten erlaben, vun Afghanistan aus en anert Land unzegräifen. Firwat och, obwuel mat de schéinen a moderne Waffesystemer déi d‘Amerikaner an hir Partner hannerloossen, kéint een eppes spillen…

Flott och, wei propper d‘Iwwergab vun de Policebüroen zu Kabul gehandelt gouf. D‘Beamten zu Kabul hunn et hire Kolleegen iwwer Land gläich gemaach: si hunn d‘Uniform ausgedoen, geklaut wat nach ze klaue war, a sech duerch d‘Bascht gemaach, wa si sech net direkt den neien „Hären“ ugeschloss hunn. Logesch, datt et mat esou Ëmstänn an den Diplomatequartieren ongemittlech gëtt.

De Fluchhafen… méi ass net dran

D‘Cowboyen hunn d‘Fändele vun der Ambassad geholl, an d‘Gebai ass eidel. Eigentlech wollt den Joe Biden déi halen, mee nodeems alles Zerstéiert gouf wat d‘Taliban sech hätte kënnen zu Notze maachen, ass sech op den Terrain vum Fluchhafen zeréckgezu ginn. Do leeft dann och zimmlech alles mat ongesécherter Waff duerch d‘Géigend. Si ginn hei nach ëmmer vu Afghanen ënnerstëtzt.

Et heescht dat de kommerzielle Fluchverkéier géif oprecht erhale ginn, dat well beispillsweis eis däitsch a franséisch Noperen hir Landsleit opruffen d‘Land mat eegene Mëttel ze verloossen. Et besteet jo och, elo wou d‘Taliban hiert Wuert ginn hunn, kee Risiko méi fir Leif a Liewen. Nieft den USA, Groussbritannien, Kanada an enger Rei EU-Länner, huet et jo Appeller zur Mässegung.

Drësseg Länner, hu schrëftlech festgehalen, datt d‘Taliban elo d‘Verantwortung fir de Schutz vum Liewen an Eegentum hunn, wéi si och dofir musse Suerg droen, déi biergerlech Uerdnung nees hierzestellen. Näischt anescht hunn d‘Taliban wëlles, wann et wuel och eppes ënnerschiddlech Interpretatiounen huet, wat d‘Bedeitung vun dëse Wierder: Liewen, Schutz oder Eegentum ugeet.

A wéi vertrauenswierdeg d‘Taliban sinn, léisst sech un der Flucht vum Ashraf Ghani festmaachen. De Feigling, dee sech mat enger Handvoll Vertraute virleefeg an Usbekistan ophält, wier jo kaum zum Flüchtling ginn, wann hien näischt befierchten hätt, wéi dat vun den Taliban versprach gouf. Méiglech ass och, datt seng Financieren him nogeluecht hunn, sech aus de Schosslinn ze bréngen.

Et muss méi den Amerikaner vertraut ginn

Interessant un der Flucht vum Ashraf Ghani: si ass net nëmme vum US-Geheimdéngscht arrangéiert a méiglech gemaach ginn, si war esou geheim, datt dem afghanesche President seng Regierung, also déi nächst Märtyrer, kee Schimmer dovunner haten. Si goufen, esou seet een dat am diplomatesche Jargon „kal erwëscht“. Si schéngen zudeem keng „Offer“ vun de fréiere Besatzer kritt ze hunn.

Dem François Bausch säin afghaneschen Homolog, Bismillah Chan Mohammadi, schreift an engem vu senge leschten Tweets: „Ghani a seng Band soll der Däiwel huelen“ an de Chef vum héije Rot zu Verséinung, Abdullah Abdullah, weess datt Gott de Ghani wäert zu Rechenschaft zéien. Datt et kee Gott gëtt ass jo nach ville Mënschen eppes friem, firwat sech muss géigesäiteg ëmbruecht ginn.

Bei de Vereenten Natiounen, déi scho länger nach beschtefalls als Feigeblat vun engem disparate Vëlkerbond ze betruechte sinn, ass een anscheinend och ganz iwwerrascht doriwwer, wéi séier d‘Taliban sech hire Besëtz (dat inklusiv den humane Ressourcen) zeréckgeholl hunn. Hei mécht ee sech „elo“ allen Eeschtes wierklech Gedanken iwwert d‘Zukunft vun der Konditioun vun der Fra.

Haut am Nomëtteg, soll dann och den US-Sécherheetsrot siegéieren. Eng Sëtzung déi vun Estland an Norwegen ugefrot ginn ass. Och dat huet vill mat „Show“ ze dinn, ëmmerhin huet et politesch an diplomatesch Interessen dem Rescht vun der Welt ze weisen, datt ee sech këmmert. Et wäert keng Suitten hunn, well China a Russland déi grouss Notznéisser vun dësem Muechtwiessel sinn.

Erklärungsnout fir de geriatresche Patient

Fir de Cowboy aus Washington ass den Amarsch vun den Taliban a Kabul, wéi wuel och d‘Flucht vum afghanesche President, deen d‘Amerikaner fir vill Geld op dëse Poste gesat hunn, eng kleng Néierlag, woubäi et him jo eenzeg an eleng drëms gaangen ass, de amerikanesche Mammen hire Kanner onverletzt zeréckzeginn. Hat de Joe Biden den Taliban hir Versprieche wierklech gegleeft?

Den US-Ausseminister Anthony Blinken, e Mann mat groussem geostrategesche Wëssen a vill Erfarung betreffend déi islamesch Theologie, kennt natierlech all d‘Hannergrënn, a kann esou och der Welt erklären, wéi et konnt sinn, datt sech den Joe Biden, den nach Enn Juli sot: „et ass onwahrscheinlech, datt d‘Taliban d‘Land iwwerrennen“, esou bei senger Aschätzung verdoe konnt.

Schold hunn natierelch d‘Afghane selwer, déi esou eng Regierung zougelooss hunn. Schold hunn awer och déi beschtens vun den Amerikaner an hire Partner ausgebilten Zaldoten, déi sech weigeren d‘Taliban ze erschéissen. Den Anthony Blinken stellt zudeem fest, datt entgéint dem Vietnam, den Asaz am Afghanistan ee vollen Erfolleg ass, wëll et gelongen ass all déi gesaten Ziler ze erreechen.

Si hunn d‘Hannermänner vun den Uschléi vum 11. September erleedegt. Dat muss duer goen, huet jo och elo genuch kascht, dës Revanche. Dem Blinken säi Virgänger, de „Big“ Mike Pompeo ass ganz aus dem Haischen a freet sech eng Boss, datt et finalement säin Ofkommes (eigentlech ass et dem Donald Trump säint) aus dem, Fréijoer 2020 ass, dat hei erfollegräich ëmgesat gëtt.

Lëtzebuerger Diplomatie huet näischt matkritt

Och Lëtzebuerg huet d‘Fräiheet vu senge Bierger an der Europäescher Unioun um Hindukusch an zu Masar al-Sharif verdeedegt, also zumindest eng Hand mat ugepaakt. Allgemeng huet sech déi Lëtzebuerger Diplomatie ni vill zu Afghanistan geäussert, firwat dann och am Land kee Mënsch këmmert, wien sech do grad géigesäiteg den Hals opschneit, oder an de Kapp schéisst a firwat…

De sozialistesche Cyclist mat Auslandserfarung, Jean Asselborn, stellt géintiwwer Bertelsmann fest, datt déi mat vill Opwand, Asaz an Akribie ausgebilten afghanesch Zaldoten, net am Stand waren den Taliban entgéintzetrieden. Hie mécht dat um Fakt fest, datt den Afghan net loyal ass, wat esou wuel eppes mat Kultur a reliéiser Doktrinn kéint verbonne sinn. Mee dat kann net jidderee wëssen.

Fir de Jean Asselborn, war et awer richteg, 20 Joer laang den Afghanen Hoffnung op ee Liewen no amerikanesch-europäeschem Muster ze vermëttelen. Et huet ee missen amarschéieren (net well d‘USA Revanche wollten) mee fir endlech de Frae Rechter zouzegestoen a Schoulen opzeriichten. Op et richteg ass dat d‘USA sech zeréckzéien? D‘Äntwert iwwerléisst den Diplomat der Geschicht.

Wéi vill Afghanen Lëtzebuerg dann elo wäert ophuele mussen, schliisslech war ee jo erpicht drop, dierfe „matzespillen“ an et sollt een eventuell Verantwortung iwwerhuelen, weess aus dem Stand esou keen ze soen. Déi meescht wëlle guer keng Flüchtlingen, egal wou se hir kommen. Ob ert méi einfach ass, den Taliban verständlech ze maachen datt ee sech un international Reegelen hält?

Related topics Afghanistan, Ashraf Ghani, Jean Asselborn, Joe Biden, Kabul, Taliban, UN-Sécherheetsrot, USA
Next post Previous post