Si verkafe Chrëschtbeemercher

Ab haut Samschdeg de 27. November, kënnen d‘Leit am Raum Beetebuerg – Näerzeng bei der Entente „F-H-N“ mam Kaf vun engem flotte Chrëschtbeemchen direkt zéng Veräiner stäipen:

De Stand ass geleeën op der Haaptstrooss (63, Escherstrooss zu L-3332 Fenneng) an all Dag vu 14 bis 19 Auer vu wierklech ganz léiwen a hëllefsbereete Borschte besat. Et kann een, esouwäit een am Ëmkrees vu ronn 10 Kilometer wunnt, sech säi Beemchen och ganz bequeem doheem uliwwere loossen, de Bam selwer gëtt dofir net méi deier.

Apropos „deier“… de Präis vir ee Chrëschtbam bis 1.80 Meter héich kascht iech 40 Euro, sollt dësen iwwert 1,80 musse grouss sinn, kascht en der 45 Euro. D‘Qualitéit ass wéi iwwert déi lescht Joren exzellent, well si keng laang Rees op sech huele mussen. Hei huet een also d‘Gewëssheet, datt och no Silvester, d‘Nolen um Bam sinn an net a der Stuff leien. Maacht iech awer bäi, et gëtt esoulaang verkaf bis kee méi do ass.

Dir wéilt eventuell wëlle reservéieren? Och dat ass kee Problem: de Luss erreecht dir ënnert der Nummer 691 140 755, de Ralph um 621 262 177. Si huelen net nëmmen är Bestellung entgéint, mee si beroden iech och Fachgerecht. Wann also och dir mengt, datt ee Veräiner ënnerstëtze sollt, mat engem super flotte Chrëschtbeemche vun der Entente HFN, sidd dir op der richteger Säit an hutt selwer dat meescht dovunner.

Dernières nouvelles