Search

You may also like

Bed +Bike: 4 Etablissementer erhalen de Label!
Meenung Neiegkeeten

Bed +Bike: 4 Etablissementer erhalen de Label!

Haut de Moien huet den Tourismusminister Lex Delles 4 Herbergen

Liberty Steel: Gewerkschaften a Politik alarméiert
Meenung Neiegkeeten

Liberty Steel: Gewerkschaften a Politik alarméiert

Nodeems sech den indesche Stolkonzern mat Sëtz zu Lëtzebuerg den

Juristesch Beroderin vum Trump bezeechent Aids als Gottes-Strof fir Homosexuell Mënschen
Meenung Neiegkeeten

Juristesch Beroderin vum Trump bezeechent Aids als Gottes-Strof fir Homosexuell Mënschen

Dat de Milliardär a seng reliéis-konservativ Band nach ni eppes

Editorial: Si waren net geimpft!

Editorial: Si waren net geimpft!

Wann et sécher richteg ass, datt déi meescht ënnert eis, d‘Virdeeler vun enger Impfung unerkennen an et kann unhand den Zuelen erkennen, datt d‘Impfcampagne vun der Regierung scho Friichten dréit. Trotzdeem huet et och därer, déi vum ugebuedene Choix, also sech net impfen ze loossen, elo gebrauch maachen, a grondsätzlech sollt et, wann eppes fräiwëlleg ass, och keng grouss Erklärung oder Rechtfäerdegung fir de Refus brauchen. Mee an dësem Fall huet d‘Regierung decidéiert, datt d‘Fräiwëllegkeet just als „rhetoresch Floskel“ ze verstoen ass, a jidderee muss geimpft ginn, Punkt.

Per Gesetz dierft dat ganz schwéier ginn, an dee vum Beruffsverbuet ze goen – esou wéi dat elo a Frankräich duerchgezu gëtt – schéngt kaum realiséierbar. An all deene Secteure wou d‘Politik eng Impfflicht wëll duerchsetzen, gëtt händeréngend no Mataarbechter gesicht, also muss en anere Wee fonnt ginn. Also geet een op de Wee, datt een de Leit iwwert den Ëmwee vun engem Impfpass den Zougank zu kulturellen a sportlechen Evenementer verkomplizéiert, esouguer Akafe soll net méi méiglech sinn, wann een net geimpft oder geheelt ass. An esou gëtt och well kommunizéiert.

Aus der Kommunikatioun vun der Gesondheetsdirektioun geet dann och ervir, datt vun de 26.210 Covid19-Infektiounsfäll (Zanter dem 1. Januar), 94% vun de Betraffenen net geimpft waren. 3,11% haten eng éischt Dosis kritt, 2,92% ware vollstänneg geimpft. Am Fall vun de geimpfte schwätzt ee vun enger „Duerchbrochsinfektioun“ a berifft sech drop, datt de Vaccin nach keng Zäit hat déi gewënschten Immunitéit ze entwéckelen. Et gëtt leider net drop higewise, datt d‘Impfung u sech d‘Infektioun net verhënnert, mee d‘Auswierkunge vun der Infektioun op ee minimum reduzéiert.

Et gëtt och weiderhin net oppen driwwer geschwat, datt ee sech wäert mussen – änlech wéi bei der Influenza-Impfung – all Joers mussen eng nei Dosis fänke goen. Interessanterweis ass d‘Gespréich betreffend d‘Kräizimpfung eppes ofgeflaacht. Iwwerhaapt huet d‘Kommunikatioun bei eis am Land esou seng Gebriechen: d‘Task-Force kann nëmmen englesch, d‘Politik schwätzt franséisch a bezitt sech op Informatiounen an däitscher Sprooch. Deem géinteniwwer steet eng Troll-Arméi am Netz, déi de Mënschen erkläre firwat se sech net sollten impfe loossen. Esou léist sech de Problem net…

Illustratioun: Gutt drun ass, wien sech wierklech aus eegener Iwwerzeegung an net aus Angscht viru „Konsequenze“ impfe gelooss huet. Wien Zäit senges Liewes d‘Gefill huet zu eppes gezwonge ginn ze sinn, wäert sech iergendwann dofir revanchéiere wëllen. © Marisol Benitez / unsplash

Related topics Covid19, Impfcampagne, Impfflicht, Impfpass, Impfstrategie, Kowitschäck, Politik
Next post Previous post