Search

You may also like

Schluss mat Privatiséierungstendenzen am ëffentlechen Déngscht
Neiegkeeten

Schluss mat Privatiséierungstendenzen am ëffentlechen Déngscht

Wichteg Froen ronderëm den ëffentlechen Déngscht sollten zur Chefsaach erkläert

Hurrikan Florence: Éischt Affer an dausende Mënschen ouni Stroum
Neiegkeeten

Hurrikan Florence: Éischt Affer an dausende Mënschen ouni Stroum

Den ugekënnegten Hurrikan „Florence“, dee mëttlerweil zum „Tropestuerm“ erofgestuuft ginn

Isolatioun, Quarantaine a Contact-Tracing: D’Santé erkläert d’Prozedur
Neiegkeeten

Isolatioun, Quarantaine a Contact-Tracing: D’Santé erkläert d’Prozedur

Nodeems d’Infektiounszuelen an leschter Zäit nees immens an d’Luucht ginn,

Si wëllen sech zesummendoen

Si wëllen sech zesummendoen

Den 11. November un sech d‘Gemengeréit vu Groussbus a Wal eestëmmeg fir d‘Fusioun vun den zwou Gemengen ausgeschwat. D‘Fusioun sollt no der Erneierung vun de Gemengeréit bei de Kommunalwahle vun 2023 erméiglecht ginn.

Et ass keng Decisioun déi vun de Gemenge liichtfankeg geholl ginn ass. Et huet vill Sëtzungen an munch haart Verhandlung ginn. Et gouf analyséiert wou d‘Stäerkten an d‘Schwächte vun deem engen anere leien. Iwwert d‘Risiken ass am gläiche Mooss berode ginn, wéi iwwert déi sech hei ubiddend Opportunitéiten. Zu gudder Lescht goufen d‘Finanzen op de Leescht geholl.

Am Fréijoer sollen sech dann d‘Bierger vu Groussbus a Wal, zu enger méiglecher Fusioun mëttels engem Referendum ausdrécken. Am Virfeld zum Referendum soll et allerdéngs och nach eng Rei Biergerversammlunge ginn, bei deenen den Awunner de Projet emol wëll erkläert ginn a wou dës dann och hir Froe kënnen un hir politesch Vertrieder riichten. Et schéngt een awer um gudde Wee.

Illustratioun: © Dimitri Houtteman / unsplash

Related topics Gemengefusioun, Gemengerot, Groussbus, Referendum, Wal
Next post Previous post