Search

You may also like

Coronavirus: Beonrouegend Situatioun am Iran
Neiegkeeten

Coronavirus: Beonrouegend Situatioun am Iran

D‘Kris, ausgeléist duerch den neiaartege Coronavirus Covid19, huet mëttlerweil bal

Méi Kameraen, méi Sécherheet?
Neiegkeeten

Méi Kameraen, méi Sécherheet?

Dëser Deeg si gläich zwou Petitioune fräi geschalt ginn, déi

Logement: Et muss besser ginn!
Neiegkeeten

Logement: Et muss besser ginn!

D‘Kris am Logement ass net an de Grëff ze kréien,

Op der Sich no Fleegekräft

Iwwer Kuerz oder Laang wäert de Mangel u Fleegekräft zum Sträit mat den Nopere féieren

Op der Sich no Fleegekräft

Et dierft kee Spidol am Land ginn, datt genuch Stammpersonal huet, fir enger zweeter Covid19-Well eeschthaft begéinen ze kënnen. Dobäi kënnt nach, dat d‘Majoritéit vun de Leit, déi bei eis am Gesondheetssecteur schaffen – all Beräicher ageschloss – Grenzgänger aus der Groussregioun sinn.

De leschte Mëttwoch huet den Direkter vun de Robert-Schumann-Spideeler, Claude Schummers, op der Antenn vu Bertelsmann/RTL erkläert, datt seng Haiser bis op weideres keng Mataarbechter aus der Groussregioun rekrutéiere wëll, déi sech awer weiderhi fir eng Plaz bewerben dierfen. Hei wëll de Claude Schummers eigentlech just verdäitlechen, datt seng Haiser net méi aktiv Personal hannert der Grenz wëll ofwerben. Eng Praxis déi d‘HRS-Spideeler souwisou ni ugewannt hätten.

Hei dierf bemierkt ginn, datt och Lëtzebuerger Spideeler – zumindest fir spezifesch Posten – schonn op sougenannte „Head-Hunter“ zeréckgräifen, dat ass eng allgemeng Praxis. Datt een elo net sollt an anere Spideeler Personal ofzéien ass allerdéngs scho wichteg, och bezunn op déi erwënschte gutt Noperschaft. Datt hei d‘Gesondheetsministesch de Spideeler operleet, vun eben enger schlechter Praxis beim Rekrutement ofzegesinn, deemno och verständlech. Wien awer wëll kommen dierf dat.

Bannent der EU ass et jo rechtlech gereegelt, datt all Lounofhängegen sech seng Aarbechtsplaz an deem Land dierf eraussichen, déi him am beschten entsprécht. Consideréiert een d‘Differenz an der Pai, wann ee dann emol d‘Gesondheetsberuffer matenaner vergläicht, gëtt séier ersiichtlech, datt déi Lëtzebuerger Spideeler keen „aktive Rekrutement“ an den Haiser maache mussen, dat ergëtt sech quasi vum selwen. A wa fräi Plazen ausgeschriwwe ginn, dierf sech jo jidderee fir d‘Plaz mellen.

Mee och zu Lëtzebuerg verléieren d‘Gesondheetsberuffer trotz interessanter Pai, un Attraktivitéit an d‘Haiser ginn ëmmer méi wäit no entspriechendem Personal sichen. Mee och dat ass net einfach. Wann d‘Salariéeën aus der Groussregioun op Lëtzebuerg keng Loscht méi hunn, huet dat vill mat der Mobilitéit ze dinn. Wa kee vu „méi wäit“ komme wëll, kann dat un der Logementskris leien. Et mécht kee Sënn anzwousch schaffen ze goen, wou d‘Hallschent vun der Pai fir de Loyer drop geet.

Zudeem sollt et zum gudden Toun gehéieren an och zu engem besseren Zesummenhalt an der Groussregioun féieren, wann ee sech endlech kéint op eng konkret a reglementéiert Kooperatioun accordéieren. Kee ka fir sech eleng déi sanitär Kris zefriddestellend kontrolléieren. Et ass also och net ubruecht sech an d‘Hoer ze geroden. Mee et muss emol grondsätzlech un der Attraktivitéit vun de Gesondheetsberuffer geschafft ginn. Fir si ze klappen a se Helden nennen, ass keng Léisung.

Illustratioun: An anere Spideeler Fleegepersonal „ofzéien“ kann net Deel vun der Léisung sinn. Et muss däitlech un der Attraktivitéit vum Beruff geschafft ginn a laanscht eng besser Kooperatioun an der Groussregioun féiert streng geholl och kee Wee laanscht. Op sech dat awer politesch vertriede léisst, ass matten an enger Kris net ofschléissend ze klären. © Hush Naidoo / unsplash

Related topics Covid19, Gesondheetssystem, Groussregioun, Hopitaux Robert Schumann, Personal, Rekrutement
Next post Previous post