Search

You may also like

De kuerze Besuch vum Marco Houwen beim Digitaliséierungsminister
Business International Money Neiegkeeten

De kuerze Besuch vum Marco Houwen beim Digitaliséierungsminister

De delegéierte Minister fir d‘Digitaliséierung, Marc Hansen (DP) hat de

Net nëmmen um Schumannseck huet et gebrannt!
Business International Money Neiegkeeten

Net nëmmen um Schumannseck huet et gebrannt!

Wéi de CGDIS matdeelt ass et gëschter uechtert Land wuel

Stater Schäfferot dierf zefridden an de Congé goen
Business International Money Neiegkeeten

Stater Schäfferot dierf zefridden an de Congé goen

Beim leschte Kaffi-Croissant mam Stater Schäfferot, stoungen nieft klenger Sujeten,

money

D‘Britten op der Sich no Handelsbezéiungen

Si hate laang Zäit sech op de Brexit virzebereeden… elo fält op datt net un alles geduecht gouf

D‘Britten op der Sich no Handelsbezéiungen

Elo wou de Premierminister Boris Johnson säi Vollek nees an d‘Fräiheet vun der Onofhängegkeet gefouert huet, a wuel och feststellt datt seng „Frënn“ déi aner Säit vum Äermelkanal, dach net esou op d‘Handelsbezéiunge mat Groussbritannien ugewise sinn, brauch et wirtschaftlech Alternativen.

Déi enkste Bezéiung hat sech de Boris Johnson mat den USA erhofft. Den Donald Trump hat den Englänner jo och ermontert der Unioun d‘Stir ze bidden, jo esouguer eng Trennung ouni Accord gouf dem Boris Johnson ugeroden. De Milliardär geet wuel als dee charismateschsten US-President aller Zäiten an d‘Geschicht an, d‘Muecht en Handelsaccord ze schléissen huet hien awer net méi.

Handelsbezéiungen

Esou ergëtt et sech – well de Joe Biden schéngt un der Insel keen Interessi ze hunn – datt d‘Britten sech no anere Partenariater mussen ëmkucken. Datt een dat ënnert Ëmstänn hätt misse parallel zu den Austrëttsverhandlunge missen upaken, ass just en Detail. Et geet jo ëm héich Politik, an dovu versteet de Bierger bekanntlech näischt. Hei geet et ëm Kompetenzen a profitabel Arrangementer.

Mee Groussbritannien ass e gewësser Mooss nach ëmmer en Empire an d‘Queen weiderhin och d‘Monarchin vun Australien, Kanada an e puer am Pazifik verluerenen Inselen. Bedauerlecherweis huet sech d‘Onofhängegkeet am Empire duerchgesat, an esou muss ee „Froen“ statt „Diktéieren“. An de Boris Johnson huet elo ugekënnegt, datt Groussbritannien nei Perspektiven huet…

Transpazifescht Fräihandelsbündnis

Esou wëll déi brittesch Regierung dann eng Demande zur Opnam an dat vun 11 Länner beschlosse Fräihandelsofkommes CPTPP (Transpazifesch Partnerschaft) areechen. Dat soll déi aner Woch stattfannen, huet et an der Nuecht op e Sonndeg aus der Downing Street geheescht. Hei geet een zudeem dovunner aus, datt d‘Verhandlungen zum Bäitrëtt, nach dëst Joer kënnen ofgeschloss ginn.

Handelsbezéiungen

Dat wier een Novum, bezunn op den Äifer deen d‘Ekipp Johnson bei de Verhandlungen zu engem Handelsaccord mat der Europäescher Unioun bewisen huet. Woubäi, wann se hire Prinzipien eppes ausser Siicht loossen, kéint et sech opgoen. Fir de brittesche Premier ass dësen éischte Schratt an d‘Zukunft de Beweis, datt Groussbritannien een enthusiastesche Virkämpfer vum Fräihandel ass.

Zu de Länner aus dem CPTPP: heizou gehéieren ënnert anerem Australien, Japan, Kanada, Mexiko an Neiséiland. Donieft eng Rei Länner déi sech wirtschaftlech gutt entwéckelen. Eenzeg d‘USA hunn et – dank der Wäitsiicht an groussem diplomatesche Geschéck vum Donald Trump – virgezu keng Méi opzewennen an deel vun engem Bannemaart mat 500 Millioune Konsumenten ze ginn.

mat indymedia/lon

Illustratioun: © Sandra Ahn Mode / unsplash

Related topics Boris Johnson, Brexit, CPTPP, Handelsaccorden, Handelsbezéiungen
Next post Previous post