Search

You may also like

T the Boss – Release vum Album „ De Papp“ an der Rockhal!
Neiegkeeten

T the Boss – Release vum Album „ De Papp“ an der Rockhal!

Dir sicht fir muer den Owend ee musikalescht Event a

Etienne Mougeotte, Dout vun engem audiovisuelle Gigant
Neiegkeeten

Etienne Mougeotte, Dout vun engem audiovisuelle Gigant

Den Etienne Mougeotte ass am Alter vun 81 Joer u

Mat Récksiicht op Flora a Fauna: Maintenance-Aarbechten beim Fliedermaustunnel
Neiegkeeten

Mat Récksiicht op Flora a Fauna: Maintenance-Aarbechten beim Fliedermaustunnel

Den Naturpark Our deelt mat, datt den Erliefnispad beim Fliedermaustunnel

Op der Sich no helle Käpp

D‘Chamber gënnt sech ee neie Service, dee vun der „Expertise“ a sicht dofir… Experten

Op der Sich no helle Käpp

Et schonn eppes méi laang hier, datt sech Deputéierter doriwwer beschwéiert hunn, net op Experten a spezifeschen Domänen zeréckgräifen ze kënnen, wann hinne vun der Exekutive komplizéiert Texter virgeluecht ginn. Fir deem elo ze begéinen, schaaft d‘Chamber een neie Service, an deem et esou Experte soll hunn.

Laut deem wat bekannt ass, sollen dräi Doktoranden (dat si Mënschen déi en Doktertitel ustriewen) zu dësem Zweck agestallt ginn. Dat geet duer, et gëtt jo och nëmmen dräi Beräicher fir déi et hei Experte brauch: 1) Wëssenschaften (allgemeng), 2) Wirtschaft/Finanzen an 3) Recht/Justiz. Laut dem Generalsekretär Laurent Scheek géif et och schonn éischt Kandidaturen. Detailer gouf et keng.

Wien sech hei virstellt – just well et esou um Site vun der Chamber steet – datt dëse Service elo ob engem Niveau vum „Wissenschaftliche Dienste des Bundestag“ oder de „Spezialiste“ vum EU-Parlament ze dinn huet, läit falsch. Et ass awer grondsätzlech ze begréissen, datt et eppes viru geet, woubäi d‘Chamber jo scho ganz laang an déifgräifend Relatioune mat der Wëssenschaft ënnerhält.

Dofir gëtt dëse Service an Zesummenaarbecht mam nationale Fuerschungsfong (FNR) geschafen, dee primär de wëssenschaftlech Etüde gewidmet ass. Zil ass eng politesch neutral an onofhängeg Fuerschung ze leeschten, déi d‘parlamentaresch Aarbecht ënnerstëtze soll. Dat kléngt wéi wann se wéisste wat se wëllen, woubäi et natierlech Reegelen an Richtlinne brauch déi et encadréieren.

All Mënsch kann also eng „Demande“ areechen, mee déi Deputéiert dierfen hir Froen net direkt un dëse Service (Experten-Zell) riichten. E politesche Grupp oder eng Kommissioun iwwregens och net. Déi mussen, wann se eng Expertise brauchen, dat bei der Presidentekonferenz ufroen. Eng wéi, de Generalsekretär Laurent Scheeck betount, ganz normal Prozedur am dësem héijen Haus…

Wéi et bis ewell gehandhaabt gouf

Iert elo beschloss gouf, datt dëse Service muss geschafe ginn, hunn déi Deputéiert sech op déi vun de Ministèren agesaten „Experten“ misse verloossen, wann dës d‘Erklärungen an de Komissioune geliwwert hunn, mat deenen ee Gesetz verständlech sollt ginn. Unhand de kontrovers diskutéierten an deels inkoherenten Texter zum Covid19, schéngt et mat dëser Expertise net wäit hir ze sinn.

Zudeem muss ee wëssen, datt déi jo „fir“ de Mandataire, also de Minister Erklärunge ginn an esou mat zimlecher Gewëssheet net op d‘Feeler/Nodeeler vum Text hiweise wäerten. Och dat beweisen déi ominéis Texter, déi der Chamber an de leschten néng Méint virgeluecht goufen. Et brauch also eng neutral an onofhängeg Source, déi vun der Presidentekonferenz an der Chamber geréiert gëtt.

Natierlech kënnen sech d‘Deputéiert selwer, iwwert hir Fraktioun oder extern Conseilleren hir eege qualifizéiert Expertise besuergen. Wat den FNR betrëfft, esou soll deen d‘Roll vum Intermediaire iwwerhuelen, an der Chamber hëllefe bannent de lëtzebuergeschen Institutiounen déi richteg Pärel ze fannen. Eng partiell Externalisatioun vun der Expertise, wa se neutral ass, soll zoulässeg sinn.

Hei muss ee sech allerdéngs bewosst sinn, datt dës Experten am seelenste Fall dierfte Lëtzebuerger sinn, an dës Expertise folgerichteg méi „generell“ Aspekter wäerte beliichten. Zudeem sollt een dat mat der Expertise, wann se net vu wierklechen Experte kënnt relativiséieren. Doktoranden si wuel héichwäerteg „Studenten“ awer ouni Ofschloss och nach laang keng Experte wéi hei duergestallt.

Related topics Chamber, Doktoranden, Experten, FNR, Fuerschung, Generalsekretär, Laurent Scheeck
Next post Previous post