Search

You may also like

Grousst Blomeesestierwen – De Grond konnt fonnt ginn!
Kultur Neiegkeeten

Grousst Blomeesestierwen – De Grond konnt fonnt ginn!

Krankheet, Dout oder komplett Inexistenz – d’Blomeesen haten et dëst

Wëllkomm am Naturstaat: Eng Aventure fir Kleng a Grouss!
Kultur Neiegkeeten

Wëllkomm am Naturstaat: Eng Aventure fir Kleng a Grouss!

Zënter dem 31. Juli kënnt och Dir op eng spannend

GEWËNNSPILL 2020: Signéiert Bicher waarden op Iech!
Kultur Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2020: Signéiert Bicher waarden op Iech!

Dir sidd, bedéngt duerch de Confinement vu Langweil geplot? Mir

De Kulturministère op der Sich no musikalesche Kompositiounen

De Kulturministère op der Sich no musikalesche Kompositiounen

Fir d’Saison 2020-2021 lancéiert de Kulturministère elo een Appell un all Museker fir nei musikalesch Kompositiounen ze erschafen. Dobäi wäerten 8 Wierker ausgewielt ginn a spéider vun den 8 Partner vum Projet interpretéiert ginn.

Zu de Partner gehéieren:

  • Déi Europäesch Soliste Lëtzebuerg
  • Déi Groussherzoglech Militärmusek
  • De Kammerorchester Lëtzebuerg
  • Den Ensembel „Estro Armonico“
  • Den Ensembel „United Instruments of Lucilin
  • Den nationalen Jazz-Orchester vu Lëtzebuerg
  • Den Ensembel „Ars Nova“
  • De Lëtzebuerger Gesangsensembel

Den Appell zur Kandidatur adresséiert sech un all Lëtzebuerger Kompositeur (egal op weiblech oder männlech oder Resident am Groussherzogtum. Zil ass et de Gewënner bei der musikalescher Entwécklung ze ënnerstëtzen an hir ze erméigleche mat engem professionellen Ensembel zesummen ze schaffen, spéider dann och säin eegent Wierk bei engem Concert ze héieren.

D’Stéck muss op mannst 8 Minutten daueren. Gewanne kann een ee Betrag tëscht 4.000 an 6.400 € (oTVA), jee no Ensembel. D’Kandidatur muss bis spéitstens den 22. Dezember 2019 un appel.musique@mc.etat.lu eragereecht ginn, zesumme mat enger Nott, u wéi een/wéi eng Ensembel(en) ee sech riicht.

Weider Informatiounen an de kompletten Appell fannt Dir HEI.

Related topics Appell zur Kandidatur, Kulturministère, Musék, musikalesch Kompositioun, Präis
Next post Previous post