Search

You may also like

Confinement: Esou vill Zäit, wéi nach ni am Internet verbruecht
Neiegkeeten

Confinement: Esou vill Zäit, wéi nach ni am Internet verbruecht

Enger Etüd vum STATEC no hunn 38% vun den Internetbenotzer

My Urban Piano – Lëtzebuerg am Tastenféiwer
Neiegkeeten

My Urban Piano – Lëtzebuerg am Tastenféiwer

Vum 23. Mee bis de 16. Juni sinn, am Kader

Neies vun den Impeachment-Hearingen
Neiegkeeten

Neies vun den Impeachment-Hearingen

De Gordon Sondland, US-Ambassadeur bei der EU, huet bei de

Aktiounsdag: Loosst d’Kand an Iech eraus!

Aktiounsdag: Loosst d’Kand an Iech eraus!

Haut fënnt e ganz besonnesch spaassegen Aktiounsdag, nämlech de „Sidd-nach-emol-e-Kand-Dag“ – Zäit den Alldag an d’Problemer e Moment hannert sech ze loossen an e puer Stonne laang onbeschwéiert ze sinn. Loosst d’Kand an Iech eraus, piddelt am Sand, kuckt Lächer an d’Loft, spillt Gesellschaftsspiller oder dreift einfach e bëssen de Furri.

Et ass schéin, d’Zäitrad zeréck ze dréien a mat Fangerfaarwen de Stuffendësch ze verschéineren. Spillen a Kand sinn ass keng Zäitverschwendung. Souguer déi geeschteg Gesondheet an d’Kreativitéit profitéieren dovunner. Genéisst also de Moment.

„Et däerf een net verléieren, d’Welt mat den Ae vun engem Kand ze gesinn.“

— Henri Matisse

Déi meescht Erwuessener hunn dat Onbeschwéiert leider verléiert. Dobäi ginn ënnerschiddlech Methoden den Dag ze feieren – iwwerrascht e gudde Frënd mat Seefebloosen oder Stroossekräid. Spillt zesummen mat de Poppen oder Autoen, danzt am Reen a puddelt am Bulli. Dobäi kann et nawell spannend ginn no Artikelen ze sichen, déi een un déi eege Kandheet erënneren.

Den eegene Kanner Zäit ze schenken ass eng weider gutt Iddi. Am einfachsten ass dat natierlech wann d’Kanner am Spillschoul- oder Grondschoulalter sinn. Een Tour op der Spillplaz mécht duebel souvill Freed wann ee matschaukelt, oder d’Rutschbahn erofflitt, an der Hoffnung, datt een net hänke bleift. Esou erliewe Kanner deemno wéi eng ganz nei Säit un hiren Elteren a se wäerten déi gemeinsam Zäit nach méi genéissen. E staarkt Band entsteet.

Loosst Iech virwëtzeg op dës Aventure an, Erwuesse kënnt Dir muer erëm sinn.

Opmaacherbild: © Arthur Hidden – www.freepik.com

Related topics Aktiounsdag, Gecksen, Gesondheet, Kand erausloossen, Kreativitéit, Onbeschwéiert Welt, Seefeblosen, Sidd-nach-emol-e-Kand-Dag, Spillen, Spillplaz
Next post Previous post