Search

You may also like

Dezenten an abordabele Logement, elo!
Neiegkeeten

Dezenten an abordabele Logement, elo!

Den 21. Januar, huet d‘EU-Parlament de Rapport vun der Kommissioun

Crimes of Malta – Afaart verweigert
Neiegkeeten

Crimes of Malta – Afaart verweigert

Ganzer 52 Persounen hunn missen ënner onmënschlechen an entwierdegende Bedéngunge

surprise
BioneXt LAB: beim Goss Hält de Spaass op
Neiegkeeten

BioneXt LAB: beim Goss Hält de Spaass op

Et huet Entreprisen am Land, déi sinn net vun dëser

SIGI: Den Dateschutz suergt fir Kappzerbrieches

SIGI: Den Dateschutz suergt fir Kappzerbrieches

D‘Erwaardungen un d‘Comitéssëtzung vum Interkommunale Syndikat fir d‘Gestioun vun der Informatik (SIGI) waren ugesicht der Dagesuerdnung grouss. De Volet, bei deem et dreems gaange wier Informatiounen ze erhalen, wéi d‘Gemengen der gesetzlecher Verflichtung – dem EU-Reglement zum Dateschutz – wëllen a mussen nokommen, dee gëtt eréischt bei der Sëtzung vum Januar behandelt.

An der fräier Aussprooch hat dann awer deen een oder aneren Delegéierten heizou eng Fro. Aus den Äntwerten ass dann zréckzebehalen, datt ab Mëtt bis Enn Mee 2018, all Gemeng gehalen ass e sougenannten Dateschutzbeoptraagten (DPO – Data Protection Officer) ze hunn. Dee muss net op der Gemeng schaffen, brauch awer en Agreement. Dat huet de Virdeel, datt déi Aufgab vun enger externer Persoun oder Firma kann iwwerholl ginn.

D‘Ufuerderungen déi mat der genereller Dateschutz Regulatioun (EU-GDPR) op d‘Gemengen duer kommen si wuel noutwenneg, mee suerge fir Kappzerbrieches. Engersäits ass et eng Aufgab déi net vum SIGI iwwerholl ka ginn, well et do en Interessekonflikt géif ginn. Anersäits dierft et – wéinstens fir eng Rei Gemengen – net einfach gi kuerzfristeg dee richtege Kandidat ze fannen. An trotzdeem dierf all Bierger ab dem 26. Mee vun der Gemeng verlaange gewuer ze ginn, wat se mat sengen Donnéeë maachen.

Wat ass den GDPR?

D‘Reglement ënnert der Bezeechnung „General Data Protection Regulation“ stellt op EU-Niveau e grousse Fortschrëtt duer, am Bezuch op de Schutz vum Bierger sengen Donnéeën. Kuerz d‘Gesetz zum Dateschutz ass am Sënn vun de Bierger verschäerft ginn, a gëtt den EU-Bierger d‘Kontroll iwwert hir Daten zréck. Dat am Aklang mam Gedanke vu Fräiheet, Sécherheet a Gläichheet, déi d‘Wäerter vun der EU duerstellen.

Schonn 2010 ware Gespréicher iwwert eng Reform opkomm, an 2012 huet d‘EU-Kommissioun dann och eng gesetzlech Reegelung virgeschloen. E Virschlag deen duerch d‘Evenementer ronderëm den Edward Snowden 2013 eng nei Dynamik entwéckelt hat, an opgewisen huet wéi wichteg eng Reglementatioun ass. Et huet dunn awer nach emol dräi Joer gebraucht, bis ee sech zu Bréissel op e gemeinsamen Text konnt eenegen.

De 4. Mee 2016 ass d‘Gesetz dann am offizielle Journal verëffentlecht ginn, an ersetzt d‘Dateschutzdirektive vun 1995. D‘GDPR dréit dann och de rezenten Entwécklungen, Applikatiounen, perséinlechen Donnéeën an der Online-Sécherheet Rechnung. Méi komplett wéi ënner https://www.whatisgdpr.eu/ kann et dann och keng Erklärung ginn. A wat jidderee sollt besonnesch interesséieren, et ass elo amtlech: et huet een Usproch drop „vergiess ze ginn“.

(N.v.d.R: en Artikel vum Dezember 2015, aus der COMPUTERWOCHE ass do och ganz opschlossräich)

Wat soss nach lass war

De SIGI erneiert seng Konventioun mam Sportsministère an déi bleift bis e klengen Zousaz onverännert. Nei ass just, datt eng Klausel agesat ginn ass, fir de Fall datt sech de Ministère no Oflaf vun der neier Konventioun géif desengagéieren. Dat heescht, datt do Käschte géifen ufalen. Heibäi handelt et sech awer nëmmen ëm eng Formalitéit, d‘Partenariat wier ganz gutt an et gëtt deemno kee Grond sech Gedanken ze maachen.

Wéinst der Aféierung vun den neie „Cheque Service“ ass „extra“ Aarbecht ugefall. Dat ass och mat Käschte verbonnen an déi ginn op „Regie“ verrechent. D‘Lëscht vun de Produkter an den Tariffer ass aktualiséiert ginn. Dat huet och domatter ze dinn, datt d‘Stad Esch Uelzecht Lizenze fir I-Tunes an den Office 365 ugefrot huet.

Beim rektifizéierte Budget 2017 an dem initiale Budget 2018 gëtt et weider keng Besonneschkeeten. De President Yves Wengler huet a sengem Kommentar drop higewisen, datt d‘Informatik sech exponentiell entwéckelt wat eng Erausfuerderung bleift an och de SIGI zwéngt mat ze wuessen. D‘Cliente verlaange méi Servicer, d‘Technologie ännert stänneg an och déi administrativ Contrainte huelen zou. Deem géif am Budget 2018 Rechnung gedroen.

Foto: © SIGI

Related topics Dateschutz, GDPR, SIGI
Next post Previous post