Search

You may also like

Wäifestival am Delhaize – Iwwert 200 Produite maache Loscht op méi
Neiegkeeten

Wäifestival am Delhaize – Iwwert 200 Produite maache Loscht op méi

Vum 17. September bis de 14. Oktober 2020 inclus luet

A Gedenken un d’Affer vum Massaker vu Sonnenburg
Neiegkeeten

A Gedenken un d’Affer vum Massaker vu Sonnenburg

Um vergaangene Freideg huet de François Bausch, Vize-Premierminister a Verdeedegungsminister,

Israel huet seng Impfcampagne erweidert
Neiegkeeten

Israel huet seng Impfcampagne erweidert

Keng aner Natioun op der Welt huet seng Impfstrategie deraart

Signalbrécke fir d’N2a a Richtung Echangeur Hamm

Signalbrécke fir d’N2a a Richtung Echangeur Hamm

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt op der N2a a Richtung Echangeur Hamm (Irgäertchen) zwou Signalbrécken opgestallt ginn. De Chantier dauert vun Donneschdes, den 21. November 2019 géint 20 Auer bis Freides, den 22. November géint 6 Auer.

Spärungen

  • D’N2a tëscht dem Irgäertchen a Richtung Kalchesbréck (Cents) an dem Findel ass a béid Richtunge gespaart
  • De Bypass tëscht der N2 ab Sandweiler an der N2a a Richtung Kalchesbréck (Cents) ass zou

Ëmleedungen

  • Den Trafic, dee vum Irgäertche kënnt an a Richtung Cents a Fluchhafe Findel fiert gëtt iwwert d’N2 an den Cents ëmgeleet
  • Den Trafic, dee vum Cents an dem Fluchhafe Findel kënnt an a Richtung Irgäertche fiert, gëtt iwwert d’N2 an den Cents ëmgeleet

N2a

Weider Informatioune ginn et ënnert www.cita.lu.

Related topics Cents, Chantier, Echangeur Hamm, Findel, Fluchhafen, Irgäertchen, Kalchesbréck, N2a, Signalbréck, Stroossebauverwaltung
Next post Previous post