Search

You may also like

De klenge Prënz Charles gouf gebuer!
International Neiegkeeten

De klenge Prënz Charles gouf gebuer!

Den Ierfgroussherzog an d’Ierfgroussherzogin hunn déi grouss Freed, d’Gebuert vun

Yemen: Déidlech Konfrontatioun an der Hafestad
International Neiegkeeten

Yemen: Déidlech Konfrontatioun an der Hafestad

Säit Donneschdeg huelen déi déidlech Konfrontatiounen tëscht de Regierungstruppen, déi

De Gardiennage als „Beruff“
International Neiegkeeten

De Gardiennage als „Beruff“

No enger Entrevue um 1. Oktober mat Vetrieder vum Educatiounsministère,

Meenungsfräiheet aus der Siicht vun den Ajatollahen

Den iranesche Blogger an Dissident Ruhollah Zam huet vill a laang Propaganda géint déi iranesch Féierung bedriwwen, elo huet dës decidéiert de 47 järegen opzehänken…

Meenungsfräiheet aus der Siicht vun den Ajatollahen

Fir de Ruhollah Sam war d‘Zukunft schonn am Summer virbestëmmt. De Blogger an Dissident war am Juni vum Revolutiounsgeriicht zu Teheran zum Dout veruerteelt ginn. Him gouf virgeworf, mat sengen Texter an Duerstellungen, d‘Mënschen zu Protest a Gewalt unzedreiwen. Dëst Urteel gouf elo vum ieweschte Geriichtshaff bestätegt. Um Samschdeg gouf hien un de Kran gehaangen…

Mat sengem Blog „Amad News“ huet Ruhollah Zam wuel tatsächlech esou eppes wéi Propaganda géint de Regime vun de reliéis fanatescher Regierung bedriwwen, mee datt hien zur Gewalt an/oder Protester soll opgeruff hunn, konnt net nogewise ginn. Woubäi dat wat weder wichteg nach Zweck vu, juristesche Prozess. Dëse Prozess soll just däitlech maachen, wou d‘Ajatollahen d‘Grenz zéien.

Elo muss sech och gefrot ginn, wat dat 47 järegt politescht Affer vum iranesche Regime sech dobäi geduecht hat, d‘Presidentewal 2009 an d‘Widderwal vum Mahmud Ahmadinejad a Fro ze stellen. Hien hat zimmlech séier realiséiert, datt et wuel net déi beschten Iddi war an sech iwwert Malaysien a Richtung Frankräich ofgesat. Beweiser fir seng Behaaptunge gëtt et bis haut zudeem och keng.

De Ruhollah Zam, huet aus dem Exil gären a vill Interviewe ginn, datt och besonnesch mat Sender déi op Farsi (persesch) aus dem Ausland beriichten. An dëse „Gespréicher“ huet de Blogger keen eenzegt gutt Hoer un de reliéise Fanatiker gelooss, a wousst datt hie sech mat dësem Beholl scho géif exposéieren. Dat hien um Krop vun engem Kran vun dëser Welt géif goen, wousst hien net…

Ajatollahen

Onbestätegten a leider net novollzéibare Quellen zufolleg, soll de Ruhollah Zam vum iranesche Geheimdéngscht an den Irak gelackelt gi sinn, wou hien am Hierscht 2019 „verhaft“ an un den Iran ausgeliwwert soll gi sinn. Ass u sech och egal, well iergendwéi muss hien am Iran gelant sinn, wou hien dann och entspriechend de virherrschende Methoden invitéiert ginn ass, sech auszedrécken.

De Blogger huet och net wierklech laang gebraucht, fir unzëerkennen, datt hien aus dësem Kontext net méi wäert erauskommen. Hien huet viru verschiddene Geriichter ëmmer nees seng „Schold“ agestanen, a wéi et sech gehéiert ëm Vergebung gebueden. Hie wousst dann och, datt hien aus dëser Story net méi géif lieweg erauskommen. E Samschdegmueren ass hien zu Teheran higeriicht ginn.

Berlin huet dës Hiriichtung schaarf verurteelt an den iraneschen Ambassadeur abestallt, fir dësem nach emol ze erklären, datt ee Mënschen am Mëttelmier dierf erdrénke, an griichesche Lager dierf erfréieren a mësshandele loossen, een awer op kee Fall Mënschen dierf u Kreep hänken. Dat wier jo onmënschlech a géif net de Wäerter vun der Europäescher Unioun an Däitschland entspriechen.

Fir däitlech ze maachen, datt een d‘Awänn zur Kenntnis geholl huet, hunn d‘Ajatollahen dann och de däitschen Ambassadeur zu Teheran, Hans-Udo Munzel op ee gréngen Téi agelueden, an dësem ze verstoe ginn, datt si sech grad an intern Ugeleeënheeten amëschen a sech gefällegst nees sollten akréien. Den däitschen Ambassadeur war awer net eleng, och de Fransous huet missen undanzen…

mat indymedia/tlv

Related topics Ajatollahen, Blogger, Iran, Islamesch Republik, Meenungsfräiheet, RuhollahZam, Sharia
Next post Previous post