Search

You may also like

Drogenhändler am Garer Quartier gepëtzt a Brandstëfter gesicht
Fail International Neiegkeeten

Drogenhändler am Garer Quartier gepëtzt a Brandstëfter gesicht

Déi beschte Geschäftsiddi daacht näischt, wann däi Business illegal ass.

dislike
Editorial: Politik mat Käpp
Fail International Neiegkeeten

Editorial: Politik mat Käpp

Virun der Wahl ass no der Wahl. Sou oder op

Corona, meng Depressioun an ech
Fail International Neiegkeeten

Corona, meng Depressioun an ech

D’Welt steet stëll – an ech sprangen am Dräieck. Wien

dislike

Dës E-Mail weist, wéi grouss Silicon Valley hire Sexismus Problem wierklech ass

Google suergt fir Negativ-Schlagzeilen

Dës E-Mail weist, wéi grouss Silicon Valley hire Sexismus Problem wierklech ass

Et waren him 3.000 Wieder duergaangen, fir de Sexismus-Problem bei Google däitlech ze maachen. E männlechen Ingenieur, deen bis elo net identifizéiert konnt ginn, huet sech an enger E-Mail kloer ausgedréckt: „D’Choixen an d’Kapassitéiten vu Männer a Fraen ënnerscheeden sech, an engem groussen Deel, wéinst biologesch Faktoren an des Ënnerscheeder kënnen erklären, firwat d’Representatioun vun de Fraen an den Technologien an an de Chefetagen net ausgeglach ass”.

Dëst si keng Usiichten déi ech oder eis Entreprise ënnerstëtzen, promovéieren oder encouragéieren

Danielle Brown, Diversitéitsbeoptragte vu Google

D’Natierlech Fähegkeete vu Männer géifen dozou féieren, datt des éischter an d’Informatik ginn, während d’Fraen, laut dem Auteur, éischter dozou tendéieren, sozial oder kënschtleresch Beruffer ze ergräifen. D’Diversitéitsbeoptragte vu Google, d’Danielle Brown, huet dës Iddien an enger Mail un d’Ugestallten vum Internetkonzern zeréckgewisen: „Dëst si keng Usiichten déi ech oder eis Entreprise ënnerstëtzen, promovéieren oder encouragéieren”. Zousätzlech huet se d’Hypothesen als „inkorrekt“ bezeechent.

Tech-Sektor säit längerem an der Kritik

Google stellt bei wäitem keng Ausnam am Tech-Sektor duer, wat Sexismus ugeet. Déi bekannte Boîte Uber steet säit längerem an der Kritik, Sexismus a sexuellen Iwwergrëff deels fräie Laf ze loossen. Den Travis Kalanick, Matgrënner vun Uber, huet dowéinst och den 21. Juni missen demissionéieren. Him gouf virgeworf, dës Kultur am Betriib ënnerstëtzt ze hunn. Google selwer gouf nach méi fréi am Joer beschëllegt, Frae manner gutt ze bezuele wéi Männer.

Allerdéngs ass dëst nëmmen een Aspekt vum Sexismus am Silicon Valley. Elephant in the Valley huet verschidde Saachen zesumme gedroen: 66% vun de befrote Fraen fillen sech bei sozialen an networking Events ausgeschloss. 75% ginn no hirem Familje-Status gefrot an 60% vun de Fraen ginn un, op mannst eng Kéier eng ongewollten sexuell Avance erlieft ze hunn. Dobäi ass net ze vergiessen, datt niewent dem Sexismus och nach e Mangel un Diversitéit dobäi kënnt. Rassistesch Remarken kënnen esou d‘Liewe vun Fraen, déi net wäiss sinn, zousätzlech erschwéieren.

Bei Google sinn aktuell 69% vun den Salariés Männer. Bei de méi techneschen Aarbechtsgruppen klëmmt dëse Prozentsaz op 80%. Bei Facebook gesäit et ähnlech schlecht aus, 27% vun den Agestallten an den héijere Räng do si Fraen. Bei Apple sinn et insgesamt 37%.

Mat AFP (lo/juf)

Related topics Digital, Digitaliséierung, Google, Sexismus
Next post Previous post