Search

You may also like

D’Doktere vun der Welt: Nei Campagne fir d’Gesondheet!
Neiegkeeten

D’Doktere vun der Welt: Nei Campagne fir d’Gesondheet!

Haut um 13. August hunn d’Doktere vun der Welt (MdM)

Europawahlen 2019 – Déi Lénk am Kampf géint Grousskonzerner
Neiegkeeten

Europawahlen 2019 – Déi Lénk am Kampf géint Grousskonzerner

En Dënschdeg, den 23. Abrëll huet déi Lénk hir Campagne

Bergkarabach: Dem Zar seng Warnung un d‘Armenier
Neiegkeeten

Bergkarabach: Dem Zar seng Warnung un d‘Armenier

Iergendwéi hunn et d‘Russen déi lescht Woch hikritt, datt sech

Op Silvester mam ëffentlechen Transport ënnerwee!

Op Silvester mam ëffentlechen Transport ënnerwee!

Wéi all Joer gëtt nees den ëffentlechen Transport fir Silvester verstäert. De Verkéiersbond informéiert iwwert d’Fuerpläng vun den extra agesaten Transportmëttel.

Mam Zuch ënnerwee

Wärend der Silvesternuecht garantéiert d’CFL den Transport vun alle Linnen zu Lëtzebuerg. Tëschent Mëtternuecht a 6:00 Auer moies gi speziell Zich agesat, déi folgendermoosse fueren:

  • Tëschent Ielwen a Rodange (Iwwert Lëtzebuerg Stad an Esch-Uelzecht)
  • Tëschent Waasserbëlleg a Rodange (Iwwert Lëtzebuerg Stad an Dippech)
  • Tëschent Lëtzebuerg Stad a Klengbetten

Den Uschloss tëschent de verschiddenen Zich gëtt an der Haaptstad garantéiert.

Mam Bus ënnerwee

Um Méindeg, den 31. Dezember 2018 zirkuléieren d’Busser vum CFL, RGTR an TICE (mam Nuetsservice) zu den normalen Zäiten. An der Silvesternuecht gëtt also den normale Service vun de meeschte Linne garantéiert, an dat bis ëm 05:30 Auer vun Neijoerschdag. D’Detailer fannt Dir op sylvestre.vdl.lu.

Um Dënschdeg, den 1. Januar 2019 ginn déi normal Servicer vun AVL, CFL (Bus) an RGTR géint 8:00 Auer moies virgesinn. De Reseau vun TICE dogéint verleeft no de Fuerzäite vun de Feierdeeg.

Fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit gi weiderhin d’Zäite vu Call-a-Bus ugebueden, an dat vu Mëtternuecht bis moies 5:00 Auer vum 1. Januar 2019. Déijéineg, déi heivunner profitéiere wëllen, sollten hir Plaz am viraus iwwert den Telefonsnummer 4796-4797 reservéieren. Weider Informatioune ginn et iwwert callabus.vdl.lu.

Dës weideren hunn vill Gemengen och nach extra Servicer op d’Been gestallt, woufir ee sech bei der jeeweileger Gemeng informéiere sollt.

Mam Tram ënnerwee

Vu Méindes, den 31. Dezember 2018 bis den 1. Januar 2019 zirkuléiert den Tram ouni Ënnerbriechung. Ab 21:00 Auer fiert en all 15 Minutten, Alleguerten d’Detailer ginn et ënnert www.luxtram.lu

De Funiculaire

Och de Lift, den de Pafendall an de Gronn verbënnt ass zu den normalen Zäiten op, an dat och déi ganz Nuecht iwwer.

Related topics CFL, Ëffentlechen Transport, Funiculaire, Neijoerschpatt, RGTR, Silvester, VDL
Next post Previous post