Search

You may also like

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vum Merci!
Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vum Merci!

Dir Dammen an dir Hären, haut geet et net ëm

LCGB: Meenungsaustausch mam portugiseschen Deputéierte Paulo Pisco
Neiegkeeten

LCGB: Meenungsaustausch mam portugiseschen Deputéierte Paulo Pisco

Vergaangene Freideg huet den LCGB sech mat portugisesche sozialisteschen Deputéierte

The Meyerowitz Stories ass eng grouss Iwwerraschung – virun allem fir Leit, déi den Adam Sandler net ausstoe kënnen
Neiegkeeten

The Meyerowitz Stories ass eng grouss Iwwerraschung – virun allem fir Leit, déi den Adam Sandler net ausstoe kënnen

Wann ee mer gesot hätt, datt ee vu menge léifste

Silvester war et zimmlech roueg am Land

D‘Stéierung vun der Nuetsrou a Verstéiss géint d‘Betäubungsmëttelgesetz… d‘Police hat d‘Nuecht zum Joreswiessel esouwäit gutt am Grëff

Silvester war et zimmlech roueg am Land

An der Nuecht vum Reveillon, war d‘Police am Asaz, well sech engersäits „Noperen“ iwwert d‘Stéierung vun der Nuetsrou geiergert hunn, anersäits trotz dem ausdréckleche Verbuet et plazeweis net ouni d‘Knupperten zu Silvester gaangen ass. Laut dem Bericht vun der Police, hätten d‘Beamten et an den allermeeschte Fäll mat „asiichtege“ Bierger ze di gehat, mee net nëmmen.

Esou waren d‘Polizisten zu Bartreng op een Hausbewunner gestouss, deen eng ënnerschiddlech Opfaassung vun der Nuetsrou verdeedegt huet. Dat mat geréngem Erfolleg, hien dierf sech elo mat enger Plainte wéinst Stéierung vun eben dëser Nuetsrou beschäftegen. Well och eppes „vill“ Leit zu Besuch waren, kruten d‘Gäscht déi dem Covid19-Gesetz entspriechend Amenden ausgestallt.

Zu Ettelbréck war et schonn am spéiden Nomëtteg (17.20 Auer) zu engem kuerzen Asaz komm, well der Police an der Groussgaass eng 15 Persoune gemellt goufen, déi gläichfalls mat Knupperten op sech Opmierksam gemaach haten. D‘Beamte sinn hirer Flicht nokomm, hunn nieft der Identitéit och feststelle mussen datt Droge mat am Spill waren. Fir 7 Participanten huet et eng Amende ginn.

Dee „gréisste“ Virfall gëtt vun Hueschtert gemellt. Géint 4 Auer war d‘Police an en Hotel geruff ginn, nodeems sech eng Rei Gäscht iwwert eppes vill Kaméidi an en „drolege“ Geroch beschwéiert haten. Wéi d‘Beamten op der Plaz waren an déi 5 gutt gelaunten, awer fir all déi aner Hotelsgäscht ustrengend Gesellen, op hir Zëmmer begleet hunn, konnt sech de „Verstéiss“ zougewennt ginn.

An de respektiven Zëmmer hunn d‘Polizisten Drogen, Drogenutensilien an och nach ee Schlagrank séchergestallt. Et gouf protokolléiert – wat en Nospill dierft hunn – an natierlech hunn déi fënnef en zolitte Protokoll wéinst Verstouss géint d‘Covid19-Reegelen an de Grapp gedréckt kritt. Et wier awer alles a Rou behandelt ginn, an déi aner Gäscht konnten sech nees hirer Nuetsrou zouwennen.

Et war insgesamt awer éischter Roueg op Silvester, wat ze begréissen ass. Mat engen zwou Dose Verstéiss géint d‘Covid19-Oplagen, kann een net behaapten, datt sech de Batti gestallt gi wier. Mee d‘Ausnam bestätegt bekanntlech d‘Reegel, firwat nach op en Accident zu Reisduerf hinzeweisen ass. Hei huet e Chauffer um 1 Auer mat 5 Passagéier ee Bam an der Our-Strooss erwëscht.

Laut éischten Erkenntnisser, war de Mann am Uertsagank an enger schaarfer Rietskéier fir d‘éischt op d‘Géigespur, dunn op den Trottoir an schlussendlech géint de Bam geroden. Déi „sechs“ Leit goufen zur Kontroll an e Spidol bruecht, den Auto vum Procureur beschlagnaamt. Well och keen e gudde Grond hat sech hei opzehalen, gouf och hei de Leit eng entspriechend Amende ausgestallt.

Illustratioun: © Sven Scheuermeier / unsplash

Related topics Covid19-Gesetz, Drogen, Nuetsrou, Party, Police, Reveillon, Silvester
Next post Previous post