Search

You may also like

D‘USA sichen nach ëmmer no enger Léisung fir Venezuela
Neiegkeeten Stories

D‘USA sichen nach ëmmer no enger Léisung fir Venezuela

Nodeems et dem venezuelaneschen Dissident Juan Guaido net gelongen ass

Keng dréche Lagerung vum „Offall“ am Atomkraaftwierk Tihange
Neiegkeeten Stories

Keng dréche Lagerung vum „Offall“ am Atomkraaftwierk Tihange

Wéi Enn Juli den EuGH geuerteelt huet, datt d‘Atomkraaftwierker vun

Frae sinn ënnergeuerdent Wiesen
Neiegkeeten Stories

Frae sinn ënnergeuerdent Wiesen

Déi sougenannten Istanbul-Konventioun, gouf 2011 an d‘Liewe geruff a vun

Simon „IPA“: ënner fënnef Happzorte leeft hei keng

Simon „IPA“: ënner fënnef Happzorte leeft hei keng

Wann ee sech aleedend muss agestoen, datt en Indian Pale Ale (IPA) vun Haus aus eppes fir Kenner ass, esou muss hei eng Lanz fir den IPA vun der Simon Brauerei gebrach ginn. Wien, wéi mir, der Usiicht ass, datt Béier soll Charakter a Goût hunn, an dësen héichwäertegen IPA vu Woltz nach net geschmaacht huet, deen huet tatsächlech eng verpasst.

Dësen Indian Pale Ale zitt seng Batterstoffer aus fënnef ënnerschiddlechen Happzorten, déi dem Béier „kal bäigemëscht“ ginn, fir datt si hir Aromae beschtens entwéckele kënnen. Natierlech ass et en héichgärege Béier deen och net gefiltert gëtt, wat him awer ganz gutt zu Gesiicht steet an him eng wonnerprächteg sämmeg Textur verléint. Mat 5% Alkoholgehalt ass hien och bekëmmlech.

A mam IPA vu Simon, mécht een eigentlech jidderee wierklech glécklech, deen es dem industriellen Eenerlee iwwerdrësseg ass. Fir d‘Craft Beer Fangemeinschaft, ee weidere Gronn sech beim Genoss op d‘Zong, de Mo an d‘Häerz ze verloossen. En eegent sech zu all Joreszäit an ass, do besteet keen zweiwel, och Genderneutral. Mann a Fra genéissen den IPA gläichermoossen an esou soll et sinn.

Wien dëst Produkt vun der Simon Brauerei och wëll mat an d‘Kichen huelen, deem kann een mat op de Wee ginn, datt hien zu häerzhaftem a gegrilltem passt. Am beschten ass den IPA wann hie bei enger Betribstemperatur tëscht 7°C an 8°C zerwéiert gëtt. Optimal ass et „ee Glas mat déckem Bauch“ ze benotzen, e geet jo drëms déi nobel Happzorten an dësem Béier erauszeschmaachen.

Verweise mir nach kuerz op den Numm a seng Hierkonft. Den IPA ass vun de Briten „erfonnt“ ginn an dat scho viru gutt 200 Joer. D‘Aarbechter haten den happegen Ale nawell gären, an et gëtt sech och deels drop behaapt – dat gëllt fir déi méi eppes „staark“ – datt esou gebraut huet misse ginn, fir déi laang Rees an déi britesch Kolonie Indien ze iwwerstoen an op der Plaz nach genéissbar ze sinn.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics artisanale Béier, Béieradventskalenner, Brauerei Simon, IPA. Indian Pale Ale
Next post Previous post