Search

You may also like

Sklaverei zu Lëtzebuerg: Wou verstoppt se sech a wéi kann een et beendegen?
International Money Neiegkeeten

Sklaverei zu Lëtzebuerg: Wou verstoppt se sech a wéi kann een et beendegen?

Fir de „Liaisounscomité vun de Vereenegunge fir Auslänner Asbl“ (CLAE)

Editorial: Kuck un de Béifchen- huet dach allen den Dicks gebéit
International Money Neiegkeeten

Editorial: Kuck un de Béifchen- huet dach allen den Dicks gebéit

Se hu gewielt d‘Männer a Fraen aus de Bierger, an

Groussbritannien imposéiert Voyageuren aus Frankräich an Holland eng Quarantaine
International Money Neiegkeeten

Groussbritannien imposéiert Voyageuren aus Frankräich an Holland eng Quarantaine

Wéinst der Zounam vun de Covid19-Infektiounen a Frankräich an Holland,

money

USA a China maache bei Singapur-Konventioun mat

Globaliséierung an Handelskricher: 46 Länner ënnerzeechnen UN-Ofkommes

USA a China maache bei Singapur-Konventioun mat

D‘USA a China leien sech an den Hoer an eng Entspanung am sech aktuell weider zouspëtzenden Handelskrich ass net a Siicht. Dat neit UN-Ofkommes zur Klärung vu wirtschaftleche Streidereien hunn béid Natiounen dann awer als éischt ënnerzeechent.

Sënn an Zweck vum UN-Ofkommes ass et bei grenziwwerschreidende Streidereien, verstäerkt op d‘Vermëttlung zréckzegräifen an mëttels Mediatioun ze schlichten. Eigentlech verständlech an och wirtschaftlech fundéiert: Eng Mediatioun geet méi séier an zudeem och nach e gudde Krack méi bëlleg wéi opwenneg Verfahren a Prozesser. Mat dëser Konventioun soll elo alles besser ginn…

Eng gewoten Ausso, déi sech nees relativiséiert wann ee feststellt, datt trotz engem massive Sträit och d‘USA a China d‘Konventioun ënnerschriwwen hunn, an zwar als éischt… Wéi dës zwou Natiounen awer mam UN-Ofkommes ëmgoe wäerten, muss sech nach erweisen. Wéi sech elo d‘Europäer zum Ofkommes positionéieren? Dat weess keen, Eenheet ass keng europäesch Stäerkt.

Singapur-KonventiounGutt wier et natierlech, wann d‘Europäer d‘Singapur-Konventioun geschlossen ënnerschreiwe géifen. Dat awer muss d‘Unioun nach „beroden“. Als Eenheet oder jidderee fir sech? Bei der aktueller politescher Wiederlag wuel éischter nees all Land fir sech. Dat wier nees en Zeechen, a kee gutt, well et géif bedeiten, datt een nach net emol eng gemeinsam wirtschaftlech Linn huet.

De Konzerner geet et eenzeg ëm de Profit

Beim klenge Sommet zu Singapur huet de Ministerpresident vum Inselstaat, Lee Hsien Loong, drop higewisen, datt „de Multilateralismus steet ënner Drock. D‘Léisung besteet doranner dësen ze verbesseren, net en ofzeschafen“. Dat gesäit esou och de stellvertriedenden UN-Generalsekretär Stephen Mathias, deen d‘Ofkommes als „Weeweisend“ fir friddlech Léisunge bezeechent huet.

Singapur-KonventiounDéi europäesch Wirtschaftsverbänn stinn dem Ofkommes allgemeng positiv géinteniwwer. Et wier eng gutt Saach, esou den allgemenge Kredo. D‘Wirtschaft ka mat de virherrschenden onrouegen Zäite wéineg ufänken (wa se net grad zum Militärkomplex gehéieren) a mat dëser Konventioun ginn d‘Rechtsmëttel vum Mediatiounsverfaren tëscht Handelspartner gestäerkt.

Si hätten also en duerchaus berechtegten Interêt dorunner, datt déi 27+1 sech op eng gemeinsam Linn eenegen an der EU-Komissioun den Optrag erdeelen als „Unioun“ dës Konventioun esou wéi virgeluecht unzehuelen. Op dat esou och de politeschen Interesse vun deene Politiker entsprécht déi hir national Prioritéite virun deene vun der Allgemengheet stellen? Wuel éischter net…

mat indymedia/nyc

Foto: © Sahikala Premawardhane

Related topics Handelsbezéiungen, Handelskrich, Lee Hsien Loong, Mediatioun, Singapur-Konventioun, Stephen Mathias, UN-Ofkommes, Vereenten Natiounen
Next post Previous post