Search

You may also like

D‘Strooss ass keng Rennstreck!
International Neiegkeeten

D‘Strooss ass keng Rennstreck!

D‘Fréijoer ass zu Lëtzebuerg ukomm a mat him dat gutt

moneysurprise
El Salvador: Bitcoin als offiziell Wärung unerkannt
International Neiegkeeten

El Salvador: Bitcoin als offiziell Wärung unerkannt

Zanter Gëschter ass am mëttelamerikaneschen El Salvador d‘Kryptowärung Bitcoin ee

money
Manner Stonnen, méi Fraen: Japan kritt Aarbechtsmaart-Reformen nogeluecht – fir d’Produktivitéit ze steigeren
International Neiegkeeten

Manner Stonnen, méi Fraen: Japan kritt Aarbechtsmaart-Reformen nogeluecht – fir d’Produktivitéit ze steigeren

D‘Generaldirectrice vum Weltwährungsfong (IMF), Christine Lagarde, huet e Mëttwoch Japan

„Land unter!“ Situatioun bleift dramatesch

An de Bundeslänner Rheinland-Pfalz an Nordrhein-Westfalen bleift d‘Situatioun oniwwersiichtlech

„Land unter!“ Situatioun bleift dramatesch

A ville Landkreesser sinn d‘Rettungsdéngschter an den Zivilschutz weiderhi prioritär mat der Rettung an Evakuéierung vun de Mënsche beschäftegt. Ëmmer méi Affer ginn elo opfonnt, et goufen um Freideg virleefeg 108 Affer bestätegt, mee et géifen honnert Mënsche vermësst…

Aus de verschiddene Pressekonferenze vum Freideg geet ervir: dëst Héichwaasser wäert ville laang an Erënnerung bleiwen. Den Inneminister vu Rheinland-Pfalz, Roger Lewentz (SPD), huet gëschter 65 Affer bestätegt. Dorënner zwielef Awunner vun enger Behënnertenariichtung zu Sinzig. De Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen, Armin Laschet (CDU) confirméiert 43 Affer.

Wat déi vermësst Persoune betrëfft, esou sinn d‘Autoritéiten zeréckhalend. Jee nodeem wéi eng Quell ee consultéiert huet, war vun iwwer dausend Leit riets… Dat misst een zolidd relativiséieren, esou déi zoustänneg Verwaltungen. Well d‘Mobil- an d‘Festnetz wäitraimeg ausgefall ass, wier et immens schwéier d‘Mënschen ze fannen. Dausende Mënsche sinn ouni Stroum an Drénkwaasser.

Besonnesch dramatesch: Erftstadt

An der südlech vu Köln geleeë Klengstad Erftstadt, ass d‘Erft aus sengem Bett getrueden an huet vill Haiser ënnerspullt. Dës sinn deels bis ganz an e Koup gefall, et huet gewalteg Erosioune ginn, wat zu massiven Äerdrëtsch gefouert huet. D‘Autoritéite befierchten hei vill Affer ze fannen. Et hu sech reegelrecht Krater gebilt, en deel vun der Buerg a Stécker vun der A1 goufe fortgespullt.

Den Inneminister vun Nordrhein-Westfalen, Herbert Reul (CDU) huet ugekënnegt, datt vu villen Affer auszegoe wier. Am ëstlechen Deel, deen de Rettungsdéngschter zougänglech ass, huet et keng Affer ze bekloen an d‘Leit konnten a Sécherheet bruecht ginn. De Landrat Franck Rock (CDU) huet erkläert, datt alles vun engem Ament op deen anere stattfonnt huet an een d‘Leit net warne konnt.

An der Pressekonferenz vu gëschter Owend, huet d‘Buergermeeschtesch Carolin Weitzel (CDU) e puer Präzisioune kënne ginn. 280 Awunner si gebuerge ginn. Den Ament läit de Fokus bei der Sich an der Rettung vun de Mënschen. Sechs Helikopter a 35 Booter ginn hei agesat. D‘Pompjeeën hu bestätegt, datt sech d‘Waasser am Quartier Blessem lues zeréckzitt, et awer nach eppes dauert.

De Stadkär steet weiderhi ganz héich ënner Waasser an hei goufen Taucher agesat fir zu den Haiser ze gelaangen an deenen nach ëmmer Mënschen duerch d‘Waasser festgesat sinn. Vill Awunner hunn de ganzen Dach iwwer a bis spéit an d‘Nuecht era gehollef Sandsäck ze fëllen. Eng Liewenswichteg Aufgab, wëll d‘Dämm mussen halen. De Bundespresident well sech haut op der Plaz ëmkucken.

Infrastrukturen

Fir d‘Rettungsdéngschter an déi vill Fräiwëlleg sinn déi zerstéiert Infrastrukturen e weidere grousse Problem. Zerstéiert oder onpasséierbar Stroossen, déi a Matleedschaft gezunn Eisebunnsstrecken, wäitleefege Stroumausfall (um Freideg waren a béide Bundeslänner iwwer 100.000 Menagen ouni Stroum) mee och de Rass an enger Äerdgasleitung, deiten net op eng séier „Normalitéit“ hinn.

Land unter

Un der Steinbachtal-Spär huet sech d‘Lag endlech nees berouegt an déi zoustänneg Autoritéite konnten hei kontrolléiert Waasser ofloossen. Dofir ass am Krees Heinsberg en Damm gebrach, firwat d‘Duerf Ohe vollstänneg an en Deel vum Wasserberg evakuéiert goufen. Eng 700 Leit hu missen an Noutënnerkënften iwwernuechten. Effeld a Steinkirchen kéint et änlech ergoen.

Ee Mëttwoch wëll d‘Bundesregierung iwwert d‘Hëllefe fir déi betraffe Regiounen an hir Bierger beroden. De Finanzminister Olaf Scholz (SPD) géif scho bannent der Koalitioun sondéieren, wat d‘Méiglechkeete sinn. Den Inneminister Horst Seehofer (CSU) huet sengersäits de Leit ee groussen Hëllefspak an Aussicht gestallt. Rheinland-Pfalz huet schon 50 Milliounen Direkthëllef fräigestallt.

mat indymedia/fra/cob

Foto: D‘Ministerpresidentin vu Rheinland-Pfalz Malu Dreyer huet sech bei der Krisenzell déi aktuell Lag erkläre gelooss. © Landesregierung Rheinland-Pfalz

Related topics Äerdrëtsch, Däitschland, Héichwaasser, Iwwerschwemmungen, Naturkatastroph, Nordrhein-Westfalen, Rheinland-Pfalz
Next post Previous post