Search

You may also like

Sämtlech SERVIOR-Seniorenariichtungen op ee Bléck
Neiegkeeten

Sämtlech SERVIOR-Seniorenariichtungen op ee Bléck

Am Kontext vum 20. Jubiläum vum féierende Lëtzebuerger Déngschtleeschter an

Den ULC-Büro zu Bouneweg ass nees op
Neiegkeeten

Den ULC-Büro zu Bouneweg ass nees op

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz ULC informéiert, dass d’Berodungsplaz zu Bouneweg nees

Humanitär Hëllef vun der EU fir Beirut – 17 Tonne Material goufen ageflunn
Neiegkeeten

Humanitär Hëllef vun der EU fir Beirut – 17 Tonne Material goufen ageflunn

Méi wéi 17 Tonnen humanitär Versuergungsmëttel, Medikamenter a medezineschem Material

Paulette Lenert: Ganzer 94.031 Covid-Tester goufen duerchgefouert

Paulette Lenert: Ganzer 94.031 Covid-Tester goufen duerchgefouert

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet haut de Bilan zur Evolutioun vun de COVID-19-Infektiounen an dem Contact-Tracing am Verlaf vun der Woch vum 13. bis de 19. Juli 2020 presentéiert. Ganzer 94.031 Tester goufe gemaach, 876 Persounen isoléiert an 2.175 Persounen a Quarantaine geschéckt. Nach ëmmer läit de grousse Problem dodran, datt d’Gestes Barrières net agehale ginn.

Datt d’Zuel u positive Fäll – mir louche bei 684 Neiinfektiounen ënnerhalb vun der genannter Woch – weider an d’Luucht gaangen ass, huet d’Gesondheetsministesch domat erkläert, datt och méi getest ginn ass. Insgesamt si mir nämlech bei 94.031 Tester ukomm. Beim sougenannten Taux de Positivité leie mir bei engem Wäert vun 1,08. An der Woch virdru louche mir bei 0,85, et wier awer eng „douce Steigerung“.

Den Altersduerchschnëtt vun den Neiinfizéierten läit wärenddeem mat 35,5 Joer relativ déif.

Ganzer 65 % vun de positive Fäll konnten duerch Tester erausfonnt ginn, déi Persoune mat Symptomer maache gelooss hunn. Dëse Wäert ass relativ stabel bliwwen. Ma, a ganzer 44 % vun alle positive Fäll huet sech d’Persoun scho vu sech aus a Quarantaine befonnt. Lueflech!

Vun den 94.021 Tester ware 76 % Large Scale Tester. 13 % si positiv ausgefall.

Wéi gesäit et an de Spideeler aus?

Dësem Beräich kuckt ee mat Suerg entgéint, Alarm schloe muss een awer net. D’Neiadmissioune si vu 37 op 34 erofgaangen. Op der Intensivstatioun gesäit et liicht anescht aus: Am Schnatt si mir elo vun 3 op 5 Persounen geklommen. Den Altersduerchschnëtt bei den Hospitaliséierungen läit bei 57 Joer, wat eng kloer Tendenz zu enger méi jonker Populatioun beweist.

Covid

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert presentéiert de Bilan zur Evolutioun vun de COVID-19-Infektiounen an dem Contact-Tracing am Verlaf vun der Woch vum 13. bis de 19. Juli 2020

D’Dammen an d’Hären um Telefon

Zur Zäit si 85 Persounen an der Tracing-Ekipp am Asaz. Dobäi kënnt d’Ekipp op der Cloche d’Or, déi sech ëm d’Hotline këmmert. Hei zielt een aktuell 7 aktiv Persounen. Ab muer sollen 10 Persounen hei schaffen a 4 Stéck sinn aktuell an der Formatioun, falls si gebraucht ginn.

Zum Service fir en urgenten Test

Duerch Reesbeschränkungen an sanitär Moossname vun anere Länner ass viru kuerzem e System agefouert ginn, duerch deen ee kuerzfristeg a schnell getest ka ginn, fir esou – am beschte Fall – dat negatiivt Resultat an der Destinatioun virweisen ze kënnen. „Et kann een net jiddwerengem gerecht ginn“ erkläert d’Gesondheetsministesch a weist dorop hin, datt 3.000 Demanden nach musse beaarbecht ginn. Ganzer 1.388 Code goufen erausginn, woumat d’Demandeuren e Rendezvous kritt hunn.

Ma, et sinn awer och 819 Refusen erausgaangen, wat doru läit, datt d’Reesdestinatioun net vun den Aschränkunge betraff ass oder och net déi néideg Dokumenter ageschéckt gi sinn. Zuelräich Persoune wollten och einfach preventiv iwwert dëse Wee en Test maachen, och wann de System eigentlech fir Leit mat engem akute Problem duerch déi wiesselend Ëmstänn geduecht ass.

An dësem Kader goung e Merci un Chambre de Commerce eraus. D’Ekipp huet fir Verstäerkung gesuergt a sech beispillsweis ëm d’Demande fir Tester gekëmmert, wou et ëm Déngschtreesen vun Entreprise geet.

D’Opdeelung vun de Clusteren

Uschléissend ass d’Gesondheetsministesch nach op d’Clusteren, och Infektiounsherden genannt, agaangen. Vun engem Cluster schwätzt ee, wann 3 oder méi infizéiert Persounen iwwert eng Period vu 7 Deeg op der selwechter Plaz optrieden. D’Infektioun kann dobäi och ausserhalb vun dësem Raum stattfonnt hunn. Där Herden ginn et der aktuell 33: 12 am Beräich vun de Lycéeën a Schoulen, 5 an der Santé an der Fleeg, 1 am Sport, 1 an der Colocatioun, 3 am Horesca-Secteur, 1 am Commerce, 6 an der Konstruktioun, 1 an der Industrie an 3 am Beräich vum Nettoyage a Service.

An dësem Kader gëtt erkläert, datt dës Clusteren verdeelt an iwwerschaubar sinn. D’Kontakter konnte gutt retracéiert ginn.

Schlussfolgerend huet d’Paulette Lenert nach emol ervirgehuewen, datt et dem Virus egal ass wou ee sech befënnt. En iwwerdréit sech vun enger op déi nächst Persoun, an dat ëmsou méi schnell, wann ee sech net un d’Hygiènesmoossnamen hält. Zitt also Är Mask iwwert Nues a Mond an haalt Iech un d’Distanz!

Related topics Bilan, Covid-19, Gestes Barrières, Groussflächeg Tester, Hospitalisatioun, Infizéiert, Iwwerbléck, Large Scale Testing, Moossnamen, Neiinfektiounen, Pandemie, Quarantaine, Situatioun
Next post Previous post