Search

You may also like

Dag vum Weltkulturierwen: D’Aktivitéiten zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Dag vum Weltkulturierwen: D’Aktivitéiten zu Lëtzebuerg

Zënter 2005 gëtt den Dag vum Weltkulturierwen gefeiert. An dësem

Flüchtlingslager op Lesbos steet a Flamen
International Neiegkeeten

Flüchtlingslager op Lesbos steet a Flamen

Zu Moria huet ee groussen Deel vun de Flüchtlingen d‘Lager

Justizreform a Polen ass net Rechtméisseg
International Neiegkeeten

Justizreform a Polen ass net Rechtméisseg

Mat hirer ëmstriddener Justizreform huet déi ultrakonservativ polnesch Regierung keng

Jordanien: Skandal am Kinnekshaus

De Prënz Hamsa bin Hussein wéinst Verschwierung géint de Kinnek Abdullah II ënner Hausarrest

Jordanien: Skandal am Kinnekshaus

Interessant a verwirrend sinn d‘Noriichten aus dem jordanesche Kinnekshaus. Dem ex-Krounprënz Hamsa bin Hussein säin Affekot huet der BBC ee Video zoukomme gelooss, deen de brittesche Staatssender um Samschdegowend verëffentlecht huet. Dëse Video soll de Prënz selwer a sengem Arrest opgeholl hunn…

Wat ass geschitt? Den 41 järege jordanesche Prënz soll Pläng geschmitt hunn, fir dem Kinnek – dat ass säin Hallefbrudder – d‘Muecht aus den Hänn ze enträissen. Elo ass d‘Informatiounslag dënn an dem Ganzen nozegoen ass net einfach. Esou huet déi staatlech Presseagence Petra leedeglech vun enger Verhaftung „aus Sécherheetsgrënn“ bericht huet, déi zwee héichrangeg Männer betreffe géif.

Heibäi handelt et sech ëm de féiere Finanzminister Bassim Auadalla an ee Member vun der Famill, den Hassan bin Said. Laut Petra wier d‘Informatioun/Ausso datt de Prënz Hamsa bin Hussein soll festgeholl an ënnert Hausarrest gestallt gi sinn eng Falschmeldung. De Video deen d‘BBC awer publizéiert huet stäipt dës Ausso net, woubäi natierlech net gewosst ass, wéini dee gemaach gouf.

Jordanien

Fir Irritatioun suergt och en offizielle Communiqué vum Arméischef Jussif al-Hunaiti, an deem de Prënz opgefuerdert gëtt, mat de Fisematenten opzehalen déi, sollten se falsch interpretéiert ginn, d‘Stabilitéit an d‘Sécherheet vum Kinnekräich a Fro stelle kéinten. Elo ass et awer nach ëmmer esou, datt et „keen Damp ouni Feier“ gëtt, firwat ee sech dem Inhalt vum Video zouwenne muss.

Eng korrupt Monarchie

A senger „Message“ verweist de Prënz op de schlechte Beholl vum Kinnek Abdullah II. Dëse géif seng Kritiker aschüchteren a bedreeën. Generell wier de ganze Monarchieapparat korrupt, an déi rezent Festname géifen dat alles just bestätegen. Wat elo dorunner alles soll „nei“ sinn, an zanter wéini Monarchen an Autokraten hir Géigner géife „mat Händchen“ upaken, ergëtt sech eis hei net.

De bin Hussein jiddefalls huet am Video ausgesot, datt de Chef vum Etat-Major hie e Samschdeg fréi Moies besicht hätt. Bei dëser kuerzer Entrevue wier him matgedeelt ginn, datt hien d‘Haus net verloossen dierf an all Kontakter zur Baussewelt ze ënnerloosse sinn. Da wier him den Telefon an den Internetaccès ofgespaart ginn. Wat d‘Virwërf betrëfft, esou wier dat alles eng béisaarteg Ligen.

Jordanien

Mëttlerweil huet sech dem Hamsa bin Hussein seng Mamm an de Concert vun den Interventiounen agelueden. D‘Kinnigin Nur – eng vun de véier „Fraen“ vum viregte Kinnek Hussein, an net mam aktuelle Monarch „leiflech“ verwannt – huet verkënnt datt si elo géif bieden, fir dat sech Wourecht a Gerechtegkeet duerchsetzen. Dat dommt heibäi: Gott muss sech emol ëm d‘Pandemie këmmeren.

Royal Ënnerstëtzung

Wärend ee sech muss a Gedold üben, wëll d‘Informatiounen éischter drëpse wéi fléissen, gëtt et awer am Donstkrees vun de mächtegen a schéinen ee grousse Besoin sech matzedeelen. Esou huet dat mächtegt a sech fir de Fridden an der Welt asetzend saudescht Kinnekräich Stellung ergraff. Si géifen alles maache fir d‘Stabilitéit an d‘Sécherheet vum jordanesche Kinnekräich ze assuréieren.

Jordanien

Deem schléissen sech och d‘Emiren an d‘Scheichen aus dem Bahrain a Kuwait un. Och Ägypten, wat wuel keng Monarchie méi ass, dofir eng autokratesch Regierung huet, huet dem Abdullah II déi voll Réckendeckung zougesot. De Kooperatiounsrot vun de Golfstaaten huet eng änlech Erklärung ofginn, woubäi de Spriecher zougestanen huet, datt och si näischt zu den Hannergrënn wëssen.

Aus den USA, dem Land vun deem ee sollt unhuelen, datt seng Geheimdéngschter ganz detailléiert Kenntnisser, vun allem wat sech am Kinnekshaus esou deet, sollt hunn, kritt de Kinnek Abdullah II och Ënnerstëtzung zougesot. De Spriecher vum US-Ausseministère, Ned Price, huet dem Monarch déi voll Ënnerstëtzung, militäresch an diplomatesch, ugebueden. Jordanien ass ee Schlësselpartner.

mat indymedia/tlv

Foto: Virum Palais vum Prënz Hamsa bin Hussein passt d‘Police op, datt den Hausarrest och agehale gëtt. © Zibik / unsplash

Related topics Jordanien, Kinnek Abdullah II, Kinnigin Nur, Monarchie, Prënz Hamsa bin Hussein, Putsch
Next post Previous post