Search

You may also like

What the Fakt – UNICEF gëtt gegrënnt
Neiegkeeten Sport

What the Fakt – UNICEF gëtt gegrënnt

Et ass hiert wichtegst Ziel de Kanner an Nout z

D‘CSV setzt bei den Europawahlen op eng jonk Equipp
Neiegkeeten Sport

D‘CSV setzt bei den Europawahlen op eng jonk Equipp

Nodeems de Frank Engel als President vun der CSV net

Europäesch Marine-Missioun am Mëttelmier
Neiegkeeten Sport

Europäesch Marine-Missioun am Mëttelmier

D‘EU-Ausseminister hu gëschter zu Bréissel eng Missioun beschloss, fir de

Skoda Tour vu Luxembourg – Traficinfo

Skoda Tour vu Luxembourg – Traficinfo

Vum 14. bis den 18 September 2021 fënnt de Skoda Tour vu Lëtzebuerg statt. An dësem Kader informéiert d’Stad Lëtzebuerg Iech, datt et zu Ännerungen a Stéierungen am Stroosseverkéier ka kommen. Och de mobillen Transport ass betraff.

Déi éischt Etapp vun der Vëloscourse start den Dënschdeg, de 14. September 2021 um Kierchbierg. D’Arrivée a soumat déi fënneft Etapp an ass fir de Samschdeg, den 18. September 2021 um Lampertsbierg geplangt. An dësem Kader wäert d’Stad Lëtzebuerg déi noutwenneg Virkéierungen treffen, fir d’Aschränkungen am Verkéier ze miniméieren.

1. Etapp, den Dënschdeg, de 14. September

Fir d’éischt ginn emol d’Cycliste virgestallt. Dono fënnt den Depart an der Léon Hengen Strooss bei der Coque statt. Déi fiktiv Streck féiert iwwert de Boulevard Konrad Adenauer, de Boulevard Prënz Charel, d’Kierchbierger Strooss, d’München-Tesch Strooss sou wéi an d’Iechternacherstrooss. De realen Depart ass zu Dummeldeng an der Géigend vum Parc Alvisse.

Do verloossen d’Cyclisten d’Stad a Richtung Waldhaff. Dobäi ginn si vun der groussherzoglecher Police am A behalen. Bei der Arrivée vun dëser Etapp gelaangen d’Cyclisten iwwert d’Iechternacherstrooss, d’München-Tesch Strooss, d’Kierchbierger Strooss, de Boulevard Prënz Charel sou ewéi de Boulevard Konrad Adenauer. D’Arrivée ass tëscht 15:40 a 16:20 Auer um Boulevard Konrad Adenauer geplangt.

Adaptiounen un de Stroosseverkéier

De Boulevard Konrad Adenauer (Ofschnëtt Érasme Strooss a Boulevard Frieden) gëtt tëscht 9 an 20 Auer fir de Verkéier gespaart. D’Strooss Antoine de Saint-Exupéry (tëscht der Érasme Strooss an der Leon Hengen Strooss gëtt tëscht 9 an 20 Auer fir de Verkéier gespaart.

De Val des Bons-Malades sou wéi de Boulevard Prënz Charel an de Boulevard Konrad Adenauer a Richtung Stadzentrum sinn tëscht 11:30 an 18:00 Auer fir de Verkéier gespaart. D’Kierchbierger Strooss sou wéi déi ugrenzend Stroossen sinn tëscht 14:30 an 16:30 Auer fir de Verkéier gespaart.

D’Parken um Adenauer Parking (op der Westsäit) ass vum 13. September 2021 vu 6 Auer bis de 14. September 2021 bis 22 Auer verbueden. D’Parken um Adenauer Parking (op der Ostsäit) ass vum 13. September 2021 vu 6:00 Uhr bis de 14. September 2021 bis 22 Auer verbueden. Och d’Parken an der Kierchbierger Strooss ass de 14. September 2021vun 12 bis 17 Auer ënnersot.

Dat selwecht gëllt fir Érasme Strooss, tëscht der Leon Hengen Strooss an der Avenue John F. Kennedy. De Verbuet zielt vum 13. September 2021 vun 20 Auer bis de 14. September 2021 bis 18 Auer.

Adaptiounen un déi ëffentlech Transportmëttel

Déi ëffentlech Transportmëttel ginn den Dënschdeg, de 14. September 2021 vun 9 bis 20 Auer folgendermoossen ëmgeleet:

D’Linne 5, 16, 18, 21 a 25 kënnen den zentralen Deel vum Konrad Adenauer net bedéngen a gi bei d’John F. Kennedy Avenue ëmgeleet. D’Arrêten Antoine de St Exupéry, Konrad Adenauer an Avalon gi suppriméiert an duerch Léon Hengen (rue Érasme) sou wéi Albert Borschette (rue Albert Borschette) ersat. Tëscht dem Kierchbierg an dem Terminus Réimerwee gëtt d’Linn 30 iwwert d’Joseph-Bech-Bréck an d’Avenue John F. Kennedy ëmgeleet. D’Arrêten Schmëdd, Sichegronn, Konrad Adenauer an Avalon gi suppriméiert.

Ersatzstoppe sinn hei ze fannen: Saint-Fiacre Strooss (Hausnummer 18), Jean Monnet, Léon Hengen an Albert Borschette.

D’Arrêten Antoine de St Exupéry, Sichegronn a Schmëdd vun der Linn 32 gi suppriméiert an duerch den Arrêt Monnet sou wéi de provisoreschen Arrêt Saint-Fiacre (Hausnummer 18) ersat.

D‘Arrivée vun der 5. Etapp e Samschdeg 18. September 2021

Wann déi 5. Etapp vum Skoda Tour vu Lëtzebuerg ukënnt, fueren d’Cyclisten iwwert d’CR215 (nei Briddeler Strooss) an d’Stad, duerch de Rollengergronn, d’Albert Unsen Strooss, d’Bësch-Avenue, d’Glacis Strooss, d’Avenue Victor Lentz, Evrard Ketten Strooss, d’Avenue de la Faïencerie, d’Kopleschter Strooss (N12), de CR181 sou wéi de CR215. D’Arrivée ass tëscht 13:30 a 16 Auer op der Place Laurent an der Victor Hugo Avenue um Lampertsbierg geplangt.

Adaptiounen un de Stroosseverkéier

D’Avenue Victor Hugo sou wéi d’Henri VII Strooss sinn tëscht 9 an 18 Auer fir de Verkéier gespaart. D’Parken ass scho vu 6 bis 22 Auer verbueden.

Adaptiounen un déi ëffentlech Transportmëttel

Déi ëffentlech Transportmëttel ginn de Samschdeg, den 18. September 2021 folgendermoossen ëmgeleet:

Tëscht 9 an 13:30 Auer sou wéi vum 16 bis 18 Auer:

Vum Lampertsbierg Richtung Hamilius gëtt d’Linn 2 nom Arrêt Theater Quai 1 iwwert d‘Avenue du Bois, d’Frantz Seimetz Strooss, d’Avenue Joseph Sax an Nicolas Liez Strooss a Richtung Terminus vum Michel Lucius Quai 2 ëmgeleet. D’ Arrêten Jongelycée Quai 1, Alen Tramsschapp Quai 1, Square André Quai 1, Waassertuerm Quai 1, Avenir Quai 1 a Siggy vu Lëtzebuerg ginn net zerwéiert an duerch d’Arrêten Guillaume Schneider, Bois, Wassertuerm Quai 3 an Square André Quai 2 ersat.

Vum Lampertsbierg a Richtung Hamilius gëtt d’Linn nom Terminus beim Michel Lucius Quai 2 iwwert d’Avenue Pasteur an d’Allée Scheffer an d’Richtung vum Arrêt Theater Quai 2 ëmgeleet.

D’Arrêten Avenir Quai 2, Waassertuerm Quai 2, Square André Quai 2, Alen Tramsschapp Quai 2 an Jongelycée Quai 1 ginn net zerwéiert an duerch d’Arrêten N.S. Pierret, Alfred de Musset an Allée Scheffer an der Avenue Pasteur ersat.

Tëscht 13 a 16 Auer:

D’Linnen 2, 8 an 30 fueren net op de Lampertsbierg. Nom Arrêt Theater, wou Endstatioun ass, huelen si d’Busparkplaz Glacis an der Avenue de la Faïencerie.

D’Arrêten Jongelycée, Alen Tramsschapp, Square André, Waassertuerm, Avenir, Siggy vu Lëtzebuerg, Lycée Michel Lucius, Faïencerie/INL, Henri VII, Ermesinde, Uni-Campus Limpertsberg sou wéi Batty Weber ginn net zerwéiert. Dat gëllt fir déi zwou Verkéiersrichtungen.

D’Linn 21 wäert Deeler vum Rollengergronn, Belair Nord sou wéi d’Millebaach an Eech net bedéngen. Vun der Bannestad aus ginn se ëmgeleet. Den Arrêt Val Fleuri duerch de Val Saint André, d’Alexandre Fleming Strooss, d’Thomas Edison Strooss bis zu engem provisoreschen Terminus zu Stroossen (Primeurs).

D’Arrêten Val St André, Roudebierg, Villeroy & Boch, Peiffeschbierg, Siwemuergen, Eecher Schmelz, École Eich, Eecher Plaz an Eich Centre Culturel ginn net zerwéiert. Dat gëllt fir déi zwou Verkéiersrichtungen. Déi suppriméiert Arrête gi provisoresch ersat. Den Arrêt ass an der Val St. André (Hausnummer 6-8) ze fannen. Terminus ass Stroossen Primeurs.

Related topics Cyclissem, Lëtzebuerg, Skoda Tour, Sport, Vëloscourse, Verkéiersbehënnerungen
Next post Previous post