Search

You may also like

D‘Chamber siegéiert elo am Cercle Cité
Fail Neiegkeeten

D‘Chamber siegéiert elo am Cercle Cité

Et gouf eppes driwwer nogeduecht, wéi een dat mat den

surprise
En Auswee aus der Nordkorea-Kris gëtt ëmmer méi schwéier
Fail Neiegkeeten

En Auswee aus der Nordkorea-Kris gëtt ëmmer méi schwéier

Mir mussen den Drock erhéijen. Dat schéngt d’Taktik ze sinn,

De Grupp Saint Paul annoncéiert ee Sozialplang
Fail Neiegkeeten

De Grupp Saint Paul annoncéiert ee Sozialplang

Um 17. September sinn den LCGB an d‘Personaldelegatioune vum Personal

dislike

SLEG: Wann et muss sinn da gëtt ebe Gestreikt

SLEG: Wann et muss sinn da gëtt ebe Gestreikt

Am Lënster Lycée, hat d‘Gewerkschaft vun de graduéierten Educateuren (SLEG) seng Memberen am Kader vun enger Informatiounssëtzung op erkannte Problemer an der Carrière vum Sozialpädagog opmierksam gemaach. Fir sécherzestellen datt och jiddereen en et matkritt, ass dann och fir de nächste Méindeg e Protestpiquet ausgeruff ginn.

De Problem ass dann u sech och liicht ze erkennen, net awer ze léisen. Mat der Reform vum ëffentlechen Déngscht am Joer 2015, sinn déi staatlech Sozialpädagogen an d‘Carrière „A2“ agegliddert ginn. Elo bréngt d‘Carrière am Niveau „Bachelor“ zwar Virdeeler, mee d‘Gewerkschaft mécht dann awer drop opmierksam, datt d‘Ufanksgehalt manner ass wéi virdrun an een och nach muss en drëtt Joer Praktikum absolvéieren.

Richteg quokeleg gëtt et da fir all déi, wou scho virun der Reform geschafft hunn. „Den Déngschtalter bréngt näischt méi, d‘Anciennetéit ass an der Reform ënnergaangen“, esou d‘Siicht vum SLEG. Et hätt wuel Gespréicher mam zoustännege Minister Dan Kersch ginn, mee dee soll am Dezember 2016 op weider Verhandlunge verzicht hunn.

Dat huet déi der CGFP ugegliddert Gewerkschaft vun de graduéierten Educateuren opgestouss an si hunn sech staark gemaach fir d‘Erëffnung vun enger Schlichtungsprozedur. Och dat huet näischt bruecht an d‘Affär ass schliisslech beim Ombudsmann gelant, der leschter Instanz iert et zum Streik kënnt. Laut dem SLEG war ugesicht der Gespréichsbereetschaft säitens dem Ministère dëse Schratt net ze verhënneren.

Bei der Gewerkschaft ass een sech dann och eens, datt et net ka sinn, datt engem de Ministère stänneg erkläert et wier een de grousse Gewënner vun der Gehälterreform, wann et faktesch net de Fall ass. Et sollen allerdéngs nach Gespréicher am Kader vun der Mediatioun stattfannen, mee grouss Hoffnunge mécht ee sech net.

Well een dann och der Regierung wëll weisen, datt et engem mat de Fuerderungen Eescht ass, gëtt schonn emol nächste Méindeg e Protestpiquet organiséiert. An de Fall gesat, d‘Regierung wier net bereet sech mat der Gewerkschaft op e vertrietbare Kompromëss ze eenegen, missten d‘Sozialpädagogen hir Aarbecht néierleeën a streiken. Fir vill Betreiungsinfrastrukturen, Institutiounen a Verwaltungen heescht et dann ouni déi Leit eens ze ginn.

Related topics CGFP, Dan Kersch, SLEG, Sozialpädagog
Next post Previous post