Search

You may also like

D‘Regierung vu Katalounien steet viru Geriicht
International Neiegkeeten Stories

D‘Regierung vu Katalounien steet viru Geriicht

Déi duerch d‘Bestriewe vun Onofhängegkeet ausgeléiste politesch Kris, deplacéiert sech

Den Zenter fir erweidert Fleeg an der Rockhal
International Neiegkeeten Stories

Den Zenter fir erweidert Fleeg an der Rockhal

Säit dem 24. Mäerz 2020 bilt, neift der Luxexpo, och

surprise
AstraZeneca: Däiwelswierk oder Iwwerdriwwe Panik?
International Neiegkeeten Stories

AstraZeneca: Däiwelswierk oder Iwwerdriwwe Panik?

Nodeems och den däitsche Paul Ehrlich Institut, déi däitsch Medikamentenagence,

Onerwënscht slowenesch EU-Presidence

Onerwënscht slowenesch EU-Presidence

Haut soll de Premierminister Janez Jansa am EU-Parlament säi Programm virstellen, an dat dierft fir den Autokrat an Homophob kee Pleséier sinn, och wann hien natierelch seng Fans an dëser EU-Institutioun huet, déi sech net genéiere wäerten him d‘Partie ze halen.

Zu Bréissel dem Sëtz vun der Europäescher Unioun, ass d‘Begeeschterung iwwert d‘Presidence vu Slowenien ausbliwwen. Grond: de faschistoide Rietspopulist an Trump-Groupie Janez Jansa huet wéi et sech gehéiert, Turnusméisseg fir sechs Méint d‘Presidence vun der Europäescher Unioun an de Grapp gedréckt kritt, an dat schéngt majoritär Bedauert ze ginn, net nëmmen am EU-Parlament.

Slowenien

De Janez Jansa reit sech an, ënnert esou charismateschen Demokrate wéi de Viktor Orban a säin EPP-Mentor de Manfred Weber, oder déi gesamt polnesch Regierung an aner Membere vun der sougenannter Visegrad-Grupp. Zanter hie virun engem Joer un d‘Muecht komm ass, geet de Medien a Slowenien un de Pelz., an déi national Noriichtenagence wier eng schänterlech Organisatioun.

Versammlungsfräiheet ass eppes Geféierleches, firwat d‘Covid19-Pandemie och esou hir gutt Säiten huet, déi erlaabt et alles ze verbidden. Onbeléift Journaliste gi gezësst, Twitter hëlleft nees bei der Verbreedung vu Ligen a Verschwierungen, an d‘Gesetz zu Verhënnerung vun enger Wäertfräier Duerstellung vun der sexueller Orientéierung an Ungarn, géif ee sech a Slowenien och wënschen.

Ënnerschiddlech Bewäertung

Mee och soss huet de Slowen et net esou mat Europa, a méi generell ass Slowenien de Beweis dofir, datt déi europäesch Osterweiderung net gelongen ass, an ee wuel gutt berode wier, d‘Bestriewen no weiderem Liewensraum eppes auszesetzen. De geneeë Géigendeel ass natierlech de Fall. An dovu profitéiert de Slowen, dee guer net agesäit hie soll Procureuren op déi nei, bei eis um Kierchbierg opgeriichten „europäesch Staatsanwaltschaft“ soll schécken, déi him Problemer kéinte maachen…

Slowenien

De Büro vun der EU-Staatsanwaltschaft huet jo zäitgläich mat der slowenescher Presidence hir Aarbecht opgeholl, an et mécht Sënn d‘Aktivitéite vun dëser Institutioun ze sabotéieren. Hätt et, wéi dat eigentlech virgesinn ass, slowenesch Procureuren, esou wier d‘EU-Staatsanwaltschaft jo och a Slowenien aarbechtsfäeg. Dat muss mat alle méigleche Mëttel verhënnert ginn, well d‘Gefor sech selwer am Kräizfeier vun der europäescher Justiz an eegene Juristen erëmzefannen ass reell.

Wann dat elo Europa ass…

Eigentlech, also esou emol de Gedanken deen d‘Päpp vun der Unioun haten, soll d‘Presidence vun der EU sech als Mediateur asetzen, also politesch Brécke bauen an am Interessi vun allen Europäer no Kompromësser sichen. Mam Janez Jansa ass zumindest séchergestallt, datt dat hei net wäert de Fall sinn. De Beweis gouf et jo scho beim Optaktbesuch vun der Kommissioun zu Ljubliana.

Slowenien

Hei hat de Frans Timmermans, wuel och kee Virbild vun der Demokratie, dem slowenesche Premier net nëmme virgeworf zwee Riichter diffaméiert ze hunn, mee och zwou sozialdemokratesch EU-Parlamentarierinne beleidegt ze hunn. Hie wollt dann och net mat „esou eppes“ zesummen op déi traditionell Familljefoto. Jo och d‘Ursula vun der Leyen, huet net mat Begeeschterung geglänzt.

D‘EU-Kommissiounspresidentin hat dem Janez Jansa bei der gemeinsamer Pressekonferenz nach emol an Erënnerung geruff, datt et zu de rechtsstaatleche Standarde gehéiert, Pressefräiheet an d‘Onofhängegkeet vun der Justiz ze respektéieren, a wann et net ze vill Ëmstänn géif maachen, wier et elo ubruecht déi slowenesche Procureuren ze nominéieren, an ee gutt Beispill fir anerer ze sinn.

Wat se wierklech wëllen

Ënnert dem Slogan: „Zesummen. Widderstandsfäeg. Europa.“ well dem slowenesche Premier säi Club déi nächst sechs Méint dofir Suerg droen, datt Europa seng wirtschaftlech Reprise, de Sprong an den digitalen Zäitalter (inklusiv Ausbau vun der Cyber-Defense), a seng strategesch Autonomie (hei bezunn op d‘Hierstellung vu Medikamenter an medezinescher Ausrëschtung) sécherstellt. Jo esouguer de Klimawandel, hunn d‘Slowenen am Programm. Hei huet et dann och eppes Konsens.

Slowenien

Bei der Osterweiderung, esou wéi de Janez Jansa se gesäit, dierft et méi komplizéiert ginn. Dat och well eis franséisch Noperen den Ament keng Loscht Stress hunn. 2022 huet et bekanntlech Walen a kee vum Macron senge Geselle wäert sech hei eng Bléist ginn. Déi zwar dréngend noutwenneg Reform vum Asylrecht, d‘Diskussioun zu de Wäerter (Rechtsstaat) wéi déi politesch Entgleisung vu Polen an Ungarn, dierften déi nächst sechs Méint kaum grouss beschwat ginn. Wann et bis rullt….

mat indymedia/sxb/bru/lju

Related topics EPP, EU-Osterweiderung, EU-Parlament, EU-Presidence, EUCO, Janez Jansa, Slowenien
Next post Previous post