Search

You may also like

Expo am CNL: Lëtzebuerg an den Zweete Weltkrich
International Neiegkeeten

Expo am CNL: Lëtzebuerg an den Zweete Weltkrich

Nach ëmmer si verschidden Aspekter zur Geschicht vu Lëtzebuerg wärend

„Äre Projet (m)am Naturpark!“ – Präisiwwerreechung vun de beschten Iddien
International Neiegkeeten

„Äre Projet (m)am Naturpark!“ – Präisiwwerreechung vun de beschten Iddien

Am Naturparkzenter Esch-Sauer huet gëschter, am Bäisinn vun der Ministesch

Vakanzeresidenz Cabasson – Wiem gehéiert den Domaine?
International Neiegkeeten

Vakanzeresidenz Cabasson – Wiem gehéiert den Domaine?

Et gehéiert sech – esou den offizielle Jargon – datt

Wann ee sengem Smartphone d‘Hausschlësselen iwwerléisst

Google-Experten hunn erausfonnt datt d‘Apple iPhones iwwer 2 Joer laang „ausspionéiert“ goufen

Wann ee sengem Smartphone d‘Hausschlësselen iwwerléisst

Programmentwéckler vu Google wëlle beim „Konkurrent“ Apple eng monstréis Sécherheetslück entdeckt hunn. Déi soll et méiglech gemaach hunn, datt iwwer zwee Joer d‘Smartphonen aus dem Premiumsegment konnten ausspionéiert ginn. Vun Apple gouf et dozou nach keng Stellungnam…

Fir den Apple-Expert Thomas Reed vun der Softwaresécherheetsentreprise „Malwarebytes“ ass et eng „Première“, esou eppes wier nach net do gewiescht, zumindest net an dëser Gréisstenuerdnung. Et hätt wuel ëmmer nees geziilt Attacken op eenzel Persoune ginn, mee betraff ware bis dohinner eigentlech ëmmer nëmmen d‘Notzer vun engem sougenannten „gejailbreaktem“ iPhone.

Mat „Jailbreak“ ass d‘Iwwerwanne vun den Notzungsbeschränkunge gemengt, déi Apple a senge Produkter (i-Phone, iPod Touch, iPad an AppleTV) installéiert huet. Mat deem sech wat awer elo presentéiert, geroden och d‘Experten an d‘Staunen. Eenzegaarteg ass, datt bis ewell kee Fall bekannt ass, wou eng esou grouss Mënschegrupp ugegraff gouf, déi all eng Websäit besicht hunn.

Ee Klick an „Zack!“

Laut den Experte vu Google, ass et duer gaange bestëmmt Websäiten opzeruffen an schonn huet ee sech mat der Spionagesoftware (Spyware) infizéiert. Weider heescht et, datt hei e Muster ze erkennen ass, dat de Verdacht opkomme léisst, datt d‘Brigangen et op eng bestëmmt Zilgrupp ofgesinn huet. Wie mat der Bezeechnung „Zilgrupp“ gemengt ass, hunn d‘Experten net verroden.

Smartphone

Geséchert ass, datt déi manipuléiert Websäiten all Woch dausende Leit „ugezunn“ hunn. Am vun den Experte virgeluechte Rapport ginn dës Internetsäiten als „Ugrëff op eng Waasserplaz“ bezeechent. Eng Metapher fir: eng Plaz ze beschreiwe wou sech all méiglech Déieren treffen, wou awer am Hannergrond d‘Predatore lauere fir sech déi „onbekëmmert“ ënnert hinnen ze gräifen.

Wann den iPhone bis „infizéiert“ war, also wann déi Spionagesoftware emol um Smartphone fest installéiert war, haten d‘Brigangen Zougrëff op all gespäichert Passwierder, Biller, SMS-Messagen an eMails. Dees net genuch, war et esouguer méiglech, op verschlësselt Noriichten (WhatsApp / Telegramm) zouzegräifen, an esouguer de Standuert vun der Persoun gouf an Echtzäit iwwerdroen.

Léiwer spéit wéi ni

Bedréckend un dëser Noriicht ass manner de Fait, datt et méiglech ass mat engem Klick all seng „Geheimnisser“ präiszeginn, wéi d‘Feststellung, datt d‘Entwéckler vu Google de „Problem“ scho säit Ufank Joer kennen an de Konkurrent informéiert hunn. Apple huet déi Sécherheetslück am Februar gestoppt, huet awer ni iwwert de Virfall kommunizéiert. Wéi vill Leit kënne Betraff sinn?

Dozou seet Apple näischt. Den Thomas Reed geet awer dovunner aus, datt jiddereen deen säin iPhone (oder soss eent vun de genannte Produkter) op „iOS 12.1.4“ ëmgestallt (upgrade) huet, ass aktuell net bedreet, an och e Neistart vum Gerät géif d‘Spionagesoftware aus dem System läschen. Wien derhannert steet? Fir de Mann aus der Silicon Valley kéinten d‘Chinesen derhannert stiechen.

mat indymedia/sfo

Foto: William Iven / Pixabay

Related topics Apple, Malwarebytes, Silicon Valley, Spyware, Thomas Reed
Next post Previous post