Search

You may also like

Lëtzebuerg: De nationale Rettungsdéngschtzenter kënnt
Neiegkeeten

Lëtzebuerg: De nationale Rettungsdéngschtzenter kënnt

Bei der Virstellung vum Aktivitéitsbericht 2016 vum de Stater Pompjeeën-

De Biergerdialog zur Reorganisatioun vum RGTR-Reseau
Neiegkeeten

De Biergerdialog zur Reorganisatioun vum RGTR-Reseau

De ländlechen ëffentleche Verkéier (RGTR) gëtt bekanntlech net nëmme vum

Cannabis: Legal eng Kiffen?
Neiegkeeten

Cannabis: Legal eng Kiffen?

Et ass net well am Koalitiounsaccord vun DP, déi gréng

Smartwiele fir d‘Europawahlen

Smartwiele fir d‘Europawahlen

Nom Erfolleg vum Internetsite „Smartwielen“ bei de Chamberwahlen 2018, wou iwwer 50.000 Notzer matgemaach hunn, gëtt d‘Plattform och nees fir d‘Europawahlen agesat. D‘Universitéit zu Lëtzebuerg, den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) an de Lëtzebuerger Institut fir sozioekonomesch Fuerschung (LISER) hunn dëse Site zesumme mat hirem Schwäizer Partner „Politools“ entwéckelt.

Smartwielen ass en Tool deen op engem Questionnaire baséiert, an et dem Notzer soll erlaben, seng politesch Meenunge mat deene vun de Kandidaten/politesche Parteien déi un den Europawahle vun 2019 deelhuelen, ze vergläichen an iwwert déi eege politesch Positioun nozedenken. De Froebou enthält 33 Proposen déi eng grouss Zuel vu politeschen Themen, zu deenen d‘Kandidaten/Parteien an d‘Notzer kënne reagéieren.

Fir d‘Entwécklung vum Questionnaire, si verschidden Zilgruppe consultéiert ginn: Jugendlecher, Journalisten Acteure vun der Zivilgesellschaft an Interessegruppen. Zudeem gouf eng Upassung vum Site virgeholl, déi schonn am Januar online gaangen ass, fir et esou jidderengem ze erméiglechen seng Froe-Proposen anzereechen.

VoteMatchEurope

Smartwiele bedeelegt sech um Projet „VoteMatchEurope“ deen de sougenannten onofhängege VAA-Reseau (Voting Advice Application) op EU-Niveau regroupéiert. D‘Zil vu VoteMatchEurope ass et e VAA op europäeschem Niveau opzebauen, deen et de Notzer erméiglecht sech opgrond vu gemeinsamen Affirmatioune a ganz Europa ze positionéieren.

Konkret bedeit dat, datt wann ee säi Resultat op Smartwielen erhalen huet, een déi un VoteMatchEurope weiderleede kann, wat engem eng Berechnung zur politescher Proximitéit, géintiwwer de politesche Parteien am Land vu senger Wiel virleet.

Dëst Joer ass den Internetsite a 5 Sproochen Disponibel: Englesch, Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch a Portugisesch. Fir et nach méi einfach ze maachen, gëtt et och e „Video-Tutorial“ deen natierlech och de fënnef genannte Sprooche verfaasst ginn ass.

D‘Universitéit zu Lëtzebuerg an de LISER wëllen dann och hir Fuerschung mat den Donnéeën déi hei zesummekommen, weiderféieren. Dat ënnert anerem fir seng Benotzung, säin Impakt op d‘Informatioun an de Choix, esou wéi de Positionnement vun de Partien, Kandidaten a Wieler, zu de verschiddene politeschen a wirtschaftleche Propose déi a Smartwielen enthale sinn.

Matgedeelt vun der Equipp Smartwielen, aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics EU-Wahlen, LISER, Smartwielen, Universitéit Lëtzebuerg, VoteMatchEurope, Zentrum fir politesch Bildung
Next post Previous post