Search

You may also like

money
Bedruch a Geldwäsch
Neiegkeeten

Bedruch a Geldwäsch

De Fränk Schneider war beim SREL den operationelle Chef an

Trifolion am Januar 2021: Wat gëtt gebueden?
Neiegkeeten

Trifolion am Januar 2021: Wat gëtt gebueden?

Virfreed ass déi schéinste Freed. Esou huet den Trifolion zu

D‘Bildungspolitik nei orientéieren
Neiegkeeten

D‘Bildungspolitik nei orientéieren

Duerch d‘Resultater vun de Wahle vum leschte 14. Oktober, hunn

smile again – Ee Laache vir de Verkeefer an de Client

smile again – Ee Laache vir de Verkeefer an de Client

Um fréie Mëtteg huet den Minister fir Tourismus a Mëttelstand Lex Delles d’Campagne smile again presentéiert. Nodeems vill Servicer wärend der Pandemie gelidden hunn an och de Client emol säi Vertrauen fir erauszegoen zeréckgewanne muss, wëll ee mat aluedenden Affichen aus dem reale Liewen dozou encouragéieren, vum Service vum Liiblingscommercant, – restaurateur oder -handwierker ze profitéieren.

Mat iwwer 160.000 Aarbechtsplaz ass de Commerce, d’Handwierk an d’Gastronomie ee wichtegt Réckrad vun eiser Wirtschaft. Duerch seng Qualitéit sinn d’Secteuren och an der Groussregioun beléift, wouduerch een nëmme soe kann: Gitt eraus a profitéiert vun der Lëtzebuerger Offer.

Fir de Charme vun der lokaler Geschäftswelt ervirzehiewen war et dofir besonnesch wichteg, keng Mannequinen, mee reell Persounen aus dem Betrib ze weisen. Mat smile again soll net nëmmen beim Client mee och beim Déngschtleeschter d’Laache zeréck an d’Gesiicht kommen.

smile again

(v.l.n.r.) Michel Reckinger, President vun der Handwierkerfederatioun; Lex Delles, Minister fir Tourismus a Mëttelstand © MECO

D’Campagne ass a 4 Sproochen erstallt ginn, a souguer eng extra Homepage smileagain.lu huet een opgebaut. An dësem Kader invitéiert de Minister Lex Delles, och emol eng Foto dovunner ze maachen, wann een e Geschäft, Restaurant oder Ähnleches besicht, dës op Instagram deelt a se mam Hashtag #SmileAgainLu ze dekoréieren.

Bei der Presentatioun war ënnert anerem och de Michel Reckinger, President vun der Handwierkerfederatioun dobäi. Hien huet ënnerstrach, datt d’Leit de soziale Kontakt gesicht hunn an een glécklech ass, d’Servicer – wann och ënnert verschidde Konditiounen – nees unzebidden. D’Betriber wiere grad elo frou iwwert d’Solidaritéit vum Client, dee sech an der Heemecht ukucke soll, wann en ee Service sicht.

Deem hat den Alain Rix, President vun der Horesca dobäizedoen, datt eng Stad ouni Café, Restaurant a Bistro dout ass. Schliisslech ass et de Wiert oder Serveur, deen ëmmer en oppent Ouer fir de Client huet. E lokale Betrib ze ënnerstëtze géif och heeschen ee Beitrag zur Bekämpfung vum Chômage ze leeschten an dem Secteur eng Chance zum Iwwerliewen ze ginn. Méi wei 250 gastronomesch Betriber si schonn Deel vu Safe to Serve an all Dag kommen Neier dobäi. Si wëllen schaffen an dem Client déi néideg Sécherheet ginn.

smile again

Als stellvertriedenden Direkter vun der Lëtzebuerger Handelsconfederatioun (CLC) huet de Claude Bizjark bemierkt, datt mir zu Lëtzebuerg e grousst Potential hunn, wat nach net ausgebaut ass. D’Kris huet Secteur zesummebruecht, Réckschlëss an en neie Bléck op de Secteur erméiglecht, sou datt een an Zukunft nach besser dem lokale Besoin wëll gerecht ginn. Vill Leit zécken trotz sanitäre Moossnamen nach, d’Haus ze verloossen. D’Kris huet hir Spueren hannerlooss an elo soll Client, wouduerch als éischt emol erëm Vertraue muss opgebaut ginn.

Wat allen Acteuren besonnesch opgefall ass, sinn déi nach ëmmer eidel Büroen. Duerch den Teletravail feele vill Clienten an der Stad. Soubal nees jiddweree schafft wäert et och bei der Horesca, dem Handwierk an dem Commerce nees rullen. Pauschal Conclusioune ginn et awer keng wëll d’Situatioun vu Secteur zu Secteur wiesselt.

Related topics Alain Rix, Claude Bizjark, CLC, Client, Coiffeur, Geschäft, Handwierk, Handwierkerfederatioun, HORESCA, Lex Delles, Michel Reckinger, Pandemie, Service, smile again, Teletravail, Vertrauen
Next post Previous post