Search

You may also like

Mäerderescht Orkandéif Friederike suergt fir vill Chaos
Auto Neiegkeeten

Mäerderescht Orkandéif Friederike suergt fir vill Chaos

Den Orkan Friederike huet en traurege Bilan hannerlooss: néng Doudeger

geek
Den neien Stranger Things-Trailer ass retrotastesch an en echten Thriller!
Auto Neiegkeeten

Den neien Stranger Things-Trailer ass retrotastesch an en echten Thriller!

Lescht Joer war d’Netflix-Serie Stranger Things en Iwweraschungshit. Dowéinst gëtt

Statec – Zwang an enger Demokratie fir un Ëmfroen deelzehuelen? (Lieserbréif)
Auto Neiegkeeten

Statec – Zwang an enger Demokratie fir un Ëmfroen deelzehuelen? (Lieserbréif)

Meng Fra krut den 8. Mäerz 2021 Post vum Statec

SNCA a Contrôle Technique: Wat muss ee wëssen?

SNCA a Contrôle Technique: Wat muss ee wëssen?

Duerch d’Moossnamen vun der Regierung, fir d’Ausbreedung vum Coronavirus COVID-19 ze miniméieren, huet och d’Société Nationale de Circulation Automobile (SNCA) handele missen. Hei fannt Dir déi offiziell Informatiounen zu hiren Ännerungen:

  • Den Accueil, wéi och all Guicheten zur Immatrikulatioun, Zouloossung an dem Führerschäin sinn zou
  • D’Dossieren zur Immatrikulatioun, Zouloossung an dem Führerschäin vu Privatpersoune gi just iwwert de Postwee ugeholl, respektiv mussen se an der Bréifboîte op engem vun de 6 Sitten agehäit ginn. D’Telefonsnummer oder d’Email-Adress vun der Kontaktpersoun muss obligatoresch ugi sinn.
  • D’Dossieren zur Immatrikulatioun, Zouloossung an dem Führerschäin vu Professionelle gi just iwwert de Back-Office entgéint geholl an behandelt, fir esou de physesche Kontakt ze vermeiden.
  • All theoretesch a praktesch Examen fir de Führerschäin sinn annuléiert. Concernéiert Kandidate goufe vun hirer Fahrschoul kontaktéiert.
  • Persounen, déi hire Führerschäin vum SNCA entgéint huele sollten, musse sech beim Call-Center iwwert d’Telefonsnummer 26 62 64 00 mellen, respektiv eng Email vun info@snca.lu schreiwen.

Den SNCA erënnert drun, datt eng Rei Demarchen och zu all Zäit iwwert d’Plattform Guichet.lu gemaach kënne ginn. Bei weidere Froen steet de Call-Center (Tel. 26 62 64 00) Iech zur Verfügung.

Zum Contrôle Technique:

Wéi den Transportministère elo matgedeelt huet gëllen vum Dënschdeg, de 17. Mäerz 2020 bis zum 31. Mäerz folgend Moossnamen:

  • Fir d’Period vum 17. bis den 31. Mäerz gi keng Gefierer akzeptéiert, deenen hiren Zertifikat net an den nächsten 2 Wochen oflafe wäert;
  • De Kontakt mam Client gëtt op ee strikte Minimum reduzéiert
  • Just 5 Clienten dierfe sech am Etablissement ophalen, si mussen een Ofstand vun 2 Meter zur nächster Persoun halen;
  • D’Inspektere solle sech duerch Eewee-Händschen an Desinfektiounsmëttel schützen.

Dem Transportminister no kënnen dës Informatiounen zu all Moment änneren. Fir weider Informatiounen oder Noutfäll kann een d’Telefonsnummer 247-84958 wielen.

Opmaacherbild: © Maxwell Ridgeway / Unsplash

Related topics Accueil, Call-Center, Coronavirus, Covid-19, Examen, Führerschäin, Guichet, SNCA
Next post Previous post