Search

You may also like

Réiser: Grouss Erausfuerderungen trotz Iwwergangsbudget
Money Neiegkeeten

Réiser: Grouss Erausfuerderungen trotz Iwwergangsbudget

Och zu Réiser waren d‘Budgete (2017-2018) am Mëttelpunkt vun der

Hong Kong: Washington setzt d‘Carrie Lam op d‘Sanktiounslëscht
Money Neiegkeeten

Hong Kong: Washington setzt d‘Carrie Lam op d‘Sanktiounslëscht

Well d‘Regierungscheffin vun Hong Kong d‘Wahle verluecht huet, hunn d‘Amerikaner

What the Fakt – 3 Joer Weltemseegelung mam Joshua Slocum
Money Neiegkeeten

What the Fakt – 3 Joer Weltemseegelung mam Joshua Slocum

No enger dräi järeger Eenhand-Weltemseegelung kënnt den amerikanesche Kapitän Joshua

money

D‘SNCI investéiert an d‘Sozial- an Solidarwirtschaft

D‘SNCI investéiert an d‘Sozial- an Solidarwirtschaft

Am Inkubator fir lëtzebuergesch Sozial-Entreprisen am Déifferdenger „6Zero1“, ass um Dënschdeg tëscht dem Aarbechtsminister Nicolas Schmit an dem President vun Nationaler Societéit fir de Kredit zum Investissement (SNCI), Patrick Nickels, eng Absichtserklärung ënnerschriwwe ginn.

Sënn an Zweck vun der Operatioun ass et, d‘Entwécklung vun den Entreprisë vun der sozialer Wirtschaft ze stëtzen. Säit 2009 huet sech d‘Regierung an d‘Fërderung an d‘Entwécklung vun der Sozial- an Solidarwirtschaft implizéiert.

Dat konform zum Regierungsprogramm vum 3. Dezember 2013 an dem Gesetz vum 12. Dezember 2016, zu der Kreatioun vun Entreprisë mat gesellschaftlechem Impakt, wat eng offiziell Unerkennung vun der Sozial- a Solidarwirtschaft ass.

De Regimm vun der Entreprise mat engem sozialen Impakt (SIS) soll net nëmmen eng gutt Gestioun vun de Finanze vun der Betriber garantéieren, mee och d‘Virrangstellung vun der gesellschaftlecher an der sozialer Finalitéit vun der Ausschëddung vun de Beneficer.

Wien ass betraff?

De Regimm vun der SIS ass geduecht, esouwuel fir déi bestoend Organisatioune vun der Sozial- an Solidarwirtschaft, aktuell constituéiert als Asbl, Stëftungen a Kooperativen. Mee och fir Träger vu Projeten déi de Wonsch hunn sozial innovativ Aktivitéiten ze lancéieren.

Zudeem huet de SIS d‘Zil d‘Entwécklung vun enger neier Dynamik am Beräich vun der nohalteger Finanz z‘encouragéieren. Et wier dat e Beräich wou eng verstäerkten ëffentlech Ënnerstëtzung zu der Entwécklung vun der Sozial- an Solidarwirtschaft ka bäidroen.

Déi Entreprisë vun der Sozial- an Solidarwirtschaft déi sech fir de Regimm vum SIS entscheet hunn, an d‘Konditiounen erfëllen „Client“ vun der SNCI ze ginn, kréien dann och Accès zu hire Finanzéierungsinstrumenter.

Wat bréngt d‘Absichtserklärung?

Vun haut un also engagéieren sech dem Nicolas Schmit säi Ministère an d‘SNCI déi concernéiert Entreprisen (no SIS) aktiv ze informéieren an ze sensibiliséieren. Dat notamment iwwert d‘Instrumenter fir e Kredit vun der SNCI kënnen ze erhalen.

Dat entsprécht deene vun enger PME (Kleng oder Mëttelgrouss Entreprise) fir en Kredit zur Uschafung vun Equipement, oder och de Kredit zur Grënnung oder Iwwernam vun enger Entreprise an nach villes méi.

Et gëtt sech zudeem och engagéiert den Dialog mat de Vertrieder vun der Sozial- an Solidarwirtschaft ze sichen, fir d‘Uwennung vun den Instrumenter ze beliichten, déi zum Zweck hunn d‘Entwécklung vum Secteur sécher ze stellen.

Related topics Aarbechtsministère, Nicolas Schmit, Patrick Nickels, SNCI, Solidarwirtschaft
Next post Previous post