Search

You may also like

Wat brauch s de eng Tracing-App wa Google sech këmmert
Neiegkeeten

Wat brauch s de eng Tracing-App wa Google sech këmmert

Nach ee Freideg hat de Premierminister Xavier Bettel däitlech gemaach,

Iran: Fraen am Stadion
Neiegkeeten

Iran: Fraen am Stadion

Eng ronn honnert Fraen hunn um Dënschdegowend zu Teheran Zougang

Géint sexuell Gewalt: de Friddensnobelpräis fir zwee Helden
Neiegkeeten

Géint sexuell Gewalt: de Friddensnobelpräis fir zwee Helden

E Freideg ass de Friddensnobelpräis dem kongoleseschen Dokter Denis Mukwege,

SNE/CGFP: Wou sinn d‘Enseignanten?

SNE/CGFP: Wou sinn d‘Enseignanten?

E Freideg huet d‘Enseignante-Gewerkschaft SNE (Syndicat National des Enseignants) seng Siicht op d‘Schoulrentrée ugebueden, an „zefridden“ gesäit anescht aus. Fir de President vum SNE/CGFP, Patrick Remakel, ass offensichtlech, datt Si alt nees net gehéiert goufen.

De SNE huet nach emol seng Proposen a Revendicatioune virgeluecht, déi vum Syndikat gemaach goufen, fir den Hygièneskonzept am Enseignement ze stäerken an ze verbesseren. Dat fir datt trotz Covid19-Pandemie d‘Rentrée a méi generell d‘Schouljoer 2020/21 zum Erfolleg an net zur Tortur gëtt. Wann d‘Bildung déi éischt Missioun vum Enseignement ass, esou muss d‘Gesondheet ëmmer d‘Prioritéit genéissen. Dat setzt allerdéngs viraus, datt een den Enseignanten och eppes vertraut.

Mat der Pandemie huet et Restriktiounen engersäits a vill Erausfuerderungen anersäits, deenen elo d‘Enseignante musse Rechnung droen. D‘Léierpersonal mat Formulairen an administrative Prozeduren ze iwwerheefen ass do kloer de falsche Wee. Dee ganzen administrative Volet misst elo op ee Minimum reduzéiert ginn, wann d‘Zil nach ëmmer d‘Léiere sollt sinn. Um Zil hält ee wuel am Educatiounsministère och weiderhi fest, mee zu den ale Problemer kommen elo neier derbäi.

E Proff gehéiert an de Klassesall

A Problemer huet et virun der Kris scho masseg ginn. Déi ginn elo duerch de Covid19 nach verstäerkt. Et feelt nach ëmmer zolidd un Enseignanten, an d‘Fuerderung no gréissere Kontingenter ass leider och net nei. Fir de SNE, deen dës Penurie och weiderhin denoncéiert, ass offensichtlech, datt de Ministère weder beim Rekrutement virukënnt, mee elo och nach déi sougenannt „spezialiséiert“ Enseignante dru géif hënneren hir Aarbecht do ze maache wou se gebraucht gëtt.

Fir de Patrick Remakel wier et schonn ee grousse Fortschrëtt, wann d‘Politik géif verstoen, datt d‘Plaz vun de spezialiséierten Enseignante fir déi digital Kompetenzen am Klassesall ass. Laut dem SNE wier awer eng Aarbecht am Klassesall net virgesinn, wat net nëmme bei der Gewerkschaft op wéineg Versteesdemech stéisst, well wéi fir all aneren Enseignant, ass d‘Grondlag och fir Si d‘Aarbecht mat de Kanner. An anere Beräicher wier et schliisslech gelongen, dëse Wee ze goen.

Et feelt u Motivatioun

Wann dann elo d‘Fuerderunge vum SNE absolutt berechtegt sinn, an esou och net dierfte vum Educatiounsminister Claude Meisch a Fro gestallt ginn, esou kann een unhuelen, datt de Problem vum Kontingent dee mannsten ass. Dee léist sech bekanntlech nëmmen dann och léisen, wann et genuch Kandidate fir de Job als Enseignant gëtt. Leider feelt et dem Beruff aktuell zolidd un Attraktivitéit, firwat et laut dem SNE sënnvoll wier, eng anstänneg Campagne ze lancéieren.

Als weideren Usaz, fuerdert de Patrick Remakel, datt d‘Ausbildung vun de spéideren Enseignanten op der Universitéit reforméiert soll reforméiert ginn. Hei soll et um Enn en Diplom vum Typ „Master“ ginn. Lëtzebuerg wéilt ëmmer Virreider sinn, mee an dësem spezifeschen Domän huet d‘Land den Zuch endgülteg verpasst. Doriwwer eraus muss d‘Formatioun vun de Kanner nees déi éischt Suerg vun den Enseignante ginn an déi sollten och vun den Direktioune gestäipt ginn.

All Schüler testen?

Wann elo drop gehofft gëtt, datt de Claude Meisch erkannt huet, datt den Dialog muss besser ginn, an een déi Concernéiert net just iwwer Decisiounen „informéiere“ kann, mee déi och sollt mat hinnen ofschwätzen, esou huet et nach net vill bruecht. Begréisst gëtt dann awer, datt déi partiell Quarantaine bei isoléierten Infektiounsfäll ausgesat ginn ass. Net esou glécklech sinn déi Mesuren déi strukturbedéngt net anzehale sinn, wéi beispillsweis d‘Lëften oder déi sozial Distanz.

Fir méi Sécherheet, wier et zudeem net verkéiert, wann sech de Gesondheetsministère an den Educatiounsministère kéinten drop verstännegen, den Depistage an de Schoule bei alle Schüler an Enseignanten ze generaliséieren. Nëmmen esou kéint effizient verhënnert ginn, datt sech de Covid19 an de Schoulen onkontrolléiert verbreet. D‘Paulette Lenert huet dat fir d‘Schüler aus de Lycéeën envisagéiert, woubäi d‘Gewerkschaft dës Prozedur och am Fondamental fir ubruecht hält.

Illustratioun: © Jeshoots / unsplash

Related topics Attraktivitéit, Covid19-Tester, Enseignanten, Patrick Remakel, Rekrutement, SNE-CGFP
Next post Previous post