Search

You may also like

E Beruff aus dem Gesondheetssecteur? (Lieserbréif)
Meenung Neiegkeeten

E Beruff aus dem Gesondheetssecteur? (Lieserbréif)

Wann ech z. B. Museksvideoen op enger grousser Internetplattform kucken,

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 6. bis den 12. September 2021
Meenung Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 6. bis den 12. September 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech

Walfer: ee Weekend laang d‘Haaptstad vun der Literatur
Meenung Neiegkeeten

Walfer: ee Weekend laang d‘Haaptstad vun der Literatur

Et dierf ee vun de Walfer Bicherdeeg hale wat ee

FFP2-Maske fir d’Enseignanten : just eng Marketingscampagne vum Educatiounsminister?

FFP2-Maske fir d’Enseignanten : just eng Marketingscampagne vum Educatiounsminister?

D’Erkenntnis, dass de Virus sech och an de Schoule verbreet, ass elo och endlech am Educatiounsministère ukomm. Dofir huet den Educatiounsminister ganz mediewierksam ugekënnegt, dass d’Enseignante FFP2-Masken zur Verfügung gestallt kréie fir sech an der Schoul bei hirer Aarbecht am Kontakt mat de Kanner besser géint Infektioune schützen ze kënnen.

Dat schéngt dem SNE/CGFP dréngend noutwendeg. Schonn zënter Méint fuerdert den SNE/CGFP d’Bereetstelle vu FFP2-Maske fir all d’Enseignanten. Den Educatiounsministère als Patron huet d’Flicht seng Mataarbechter, also och d’Enseignanten, ze schützen.

D’Fuerderung no Schutz vum Personal kritt ëmsou méi Wichtegkeet, wann een de “Rapport d’analyse sur la situation de la COVID-19 dans les établissements scolaires (du 15 septembre au 27 décembre 2020)” e bësse méi genau analyséiert. Do stellt een nämlech fest, dass den Infektiounstaux bei den Enseignante wärend de Schoulwochen dacks däitlech iwwert deem vun der Allgemengpopulatioun läit. Ass dat net ee Grond méi, den Enseignanten esou séier wéi méiglech FFP-2 Masken zur Verfügung ze stellen? Besonnesch och wéinst der neier, méi infektiéiser Variant vum Coronavirus wär dat definitiv ubruecht.

Wat awer elo esou mediewierksam vum Educatiounsminister ugekënnegt gouf, erweist sech elo schonn, nach ier all d’Maske verdeelt goufen, als e Flopp.

Et si net genuch Maske bestallt gi fir all Enseignant der an enger raisonnabeler Quantitéit zur Verfügung ze stellen. Eventuell kéinten nach Nobestellunge gemaach ginn, mee den SNE/CGFP fäert berechtegterweis, dass et an Zukunft bei der Ausliwwerung vu FFP2-Masken zu Enkpäss kéint kommen, esou wéi dat am Fréijoer 2020 schonn de Fall war. Grond fir dës Befierchtung ass, dass ëmmer méi Länner d’Droe vu FFP2-Masken am ëffentleche Raum recommandéieren oder esouguer verlaangen. Et besteet also de Risiko, dass d’Demande no esou Maske spronghaft klamme wäert an et ass net sécher, dass d’Versuergung mat deene Masken an nächster Zäit garantéiert ass.

Et gesäit och erëm esou aus, wéi wann all Direktioun aus dem Enseignement fondamental hir eegen Zëppche géif kachen an et keng eenheetlech national Linn am Verdeele vun de Maske gëtt.

A verschiddenen Direktioune schéngt och net all Enseignant en Urecht op FFP2-Masken ze hunn. Do muss mat groussem bürokrateschen Opwand motivéiert ginn, firwat een esou eng Mask wëllt. An den Ae vum SNE/CGFP een absolutten Nogo!

An aneren Direktioune gëtt vu virera gesot, dass d’Maske just u vulnerabel Enseignante géife verdeelt ginn, grad esou wéi wann net vulnerabel Leit sech net kéinte mam Virus ustiechen. D’Gesondheet vun all Enseignant muss eng absolutt Prioritéit sinn, ob vulnerabel oder net.

Aner Direktioune soen zwar, dass all Enseignant FFP2-Maske kéint bestellen, mee d’Unzuel u Masken, déi all Enseignant kréie soll, ass esou niddereg, dass et einfach nëmme lächerlech ass.

Den SNE/CGFP fuerdert de Minister Meisch op, mat deem blannen “Aktionismus” opzehalen, endlech Neel mat Käpp ze maachen a säi Personal “effektiv” op senger Aarbechtsplaz ze schützen. Et geet net duer, der Ëffentlechkeet an de Medie virzegaukelen, dass een alles wat méiglech ass mécht fir d’Enseignanten ze schützen, fir dass d’Schoulen esou laang wéi méiglech kënnen opbleiwen. Et muss een déi ugekënnegt Mesuren och mat der néideger Rigueur a Seriositéit um Terrain ëmsetzen!

Matgedeelt vum SNE/CGFP

Hiren offizielle Communiqué fannt Dir HEI

Opmaacherbild: © Greenvalley Picture / Unsplash

Related topics Covid19, Educatioun, Enkpäss, FFP2-Masken, Infektiounstaux, sanitär Moossnamen, Schutz, SNE-CGFP, Versuergung
Next post Previous post