Search

You may also like

Pestiziden solle Parkinson-Krankheet ausléisen an net nëmmen d‘Baueren si betraff
Neiegkeeten

Pestiziden solle Parkinson-Krankheet ausléisen an net nëmmen d‘Baueren si betraff

Pestizide solle Parkinson ausléise kënnen. Eng Etüd, déi haut verëffentlecht

Ännerungen am ëffentlechen Transport an der Stad Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Ännerungen am ëffentlechen Transport an der Stad Lëtzebuerg

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert de Public, datt ab dem 10. Dezember

12 Méint an 12 Geschichten: Autismus, Schoul a Bildung (Deel 3)
Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten: Autismus, Schoul a Bildung (Deel 3)

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg

Sneak-Preview fir ee Konzessiounsvertrag (kommentéiert)

Sneak-Preview fir ee Konzessiounsvertrag (kommentéiert)

Gëschter huet ee schlecht gelaunte Medien- a Kommunikatiounsminister der Mediekommissioun de Konzessiounsvertrag tëscht dem Staat an der CLTUFA (Bertelsmann/RTL) virgeluecht. Natierlech nëmmen zur Usiicht an driwwer geschwat ginn dierf jo bekanntlech och net. An awer ass dëse Schratt ee wichtegen, dee wuel ouni d‘Piratepartei esou ni zustane komm wier.

Et huet net u „Spannung“ gefeelt, wat éischter onverständlech ass, well de Secret deen dem Vertrag tëscht dem Staat an RTL unhängeg ass, dee bleift bestoen. Ganz interessant dogéint déi vill Aussoe vu gewësse politeschen Acteuren, déi hir Meenunge méi séier revidéieren, wéi een Zäit hätt sech de Boxekueder zouzéien. Esou beispillsweis de Chamberpresident Fernand Etgen (DP), deen sech bei aneren d‘Zitater stibitze geet: „D‘Urteel wäert d‘Roll vum Parlament als Opsiichtsorgan stäerken, d‘Parlament geet an dëser Saach als Gewënner ervir“.

Dat ass interessant, well direkt hannendrun heescht et, datt ee selbstverständlech d‘Modalitéite miss analyséieren, an och hie besteet op de Respekt „vun der vertraulecher Natur vun dësem Dokument“ a léisst duerchblécken, datt hien all Sanktiounsmëttel stäipen, wann net esouguer selwer géif asetze, sollt en Deputéierten des Geheimhaltung hannergoen. Den Escher Affekot a Kulturschäffe Pim Knaff (DP), hat jo an der Chamber eng Motioun agereecht, mat där hien d‘Regierung opfuerdert eng juristesch Analys vun dësem Urteel ze maachen.

Eigentlech – an dem Deputéierte vun der Demokratescher Partei geet et an der Motioun och ëm d‘Klärung vun de Flichten tëscht den Deputéierten an der Regierung – heescht dat, datt d‘DP prinzipiell géint eng Asiicht a Verträg (oder aner geheim Dokumenter) ass, déi d‘Regierung mat kommerzielle „Partner“ ofschléisst. Da géif villen dubiéisen Accorden an Arrangementer awer e Spillraum bidden, dee gesellschaftlech net kann erwënscht sinn. Zudeem stellt den Affekot mat senger Motioun d‘Urteel vum Verwaltungsgeriicht a Fro.

Et gëtt Asiicht an „Asiicht“

Erfreelech, datt d‘Deputéiert aus der Oppositioun d‘Entscheedung vun dëser héchster administrativ-juristescher Instanz begréissen. D‘Urteel vum Verwaltungsgeriicht kann och tatsächlech d‘Roll vum Parlament – also d‘Handlunge vun der Regierung ze kontrolléieren – stäerken, mee wann dës „Kontroll“ duerch ee streng ageschränkten Zougang ad absurdum gefouert gëtt, stellt een de ganzen demokratesche Prozess ass Fro. An et geet jo an dësem Fall net wierklech eenzeg ëm de Vertrag mat RTL, mee generell ëm d‘Staatsverträg mat Konzerner.

De Xavier Bettel awer huet sech dem Urteel gebéit, woubäi hie dee ganze politesche Spillraum ze notze wousst. Den Text deen eng 100 Säite fëllt, gouf den Deputéierte vun der Mediekommissioun virgeluecht, d‘Zäit fir d‘Consultatioun allerdéngs op 90 Minutte begrenzt. Dat erlaabt den Acteure festzestellen, datt et tatsächlech en Text gëtt, net awer sech domadder ausenanerzesetzen. Dat ass esou awer „virgesinn“, well den Deputéierten elo wierklech Asiicht ze ginn, läit definitiv net am Interessi vun der Regierung, déi jo den Inhalt kennt.

Selbstverständlech gouf hannert verschlossenen Dieren „gekuckt“ an den Toun war schonn eppes feindlech tëscht Majoritéit an Oppositioun. De Premier huet sech awer betount galant gewisen, wollt och net mat der Oppositioun am Sträit ausenanergoen, an huet versprach datt – well jo 90 Minutte wieren eppes kuerz bemooss sinn – datt déi Deputéiert wou Asiicht wënschen, dës zäitno sollen erhalen. An engem Sall vum Staatsministère (a wuel ënner Observatioun) soll d‘Dokument a Rou kënne studéiert ginn. Dat awer ass net zefriddestellend.

Ee puer Randbemierkungen

Wärend sech d‘Deputéiert vun der Koalitioun domadder schéngen arrangéieren ze kënnen, datt eng kontrolléiert Asiicht ugebuede gëtt, grommelt d‘Oppositioun. Et muss een allerdéngs hei och eppes Verständnes fir d‘Koalitiounspartner opbréngen, déi wuel drop aus sinn spéiderhi behaapten ze kënnen, vun näischt gewosst ze hunn, well de Vertrag jo geheim war. Anersäits ass et richteg, datt méiglech Vertragspartner – et huet jo och nach Google an der Leitung – esou net méi bereet sinn, dann nach Verträg mam Staat ze schléissen.

Géintiwwer dem Mikro vum partiell ëffentlech-rechtleche Sender, huet den Initiator vun dëser Klo, den Deputéierte Sven Clement (Piraten) no der Sëtzung an der kuerzer Asiicht an den Text gesot: “Do stellen sech zousätzlech e puer politesch Froen iwwert d’Renegociatioun vum Kontrakt. Well do sinn Ënnerscheeder – ouni iwwert den Detail kënnen ze schwätzen – tëscht der Versioun 2007, déi bis den 31.12.2020 gegollt huet, an där, déi vum 1. Januar un elo gëllt an déi 2017 verhandelt gouf.” Hie wäert sech also déi Zäit huelen…

Datt elo awer d‘Asiicht vum Konzessiounsvertrag op ee Sall am Staatsministère begrenzt ass, gëtt zolidd vun déi lénk denoncéiert. Zum enge sinn se esou schonn onzefridden, well et net ka sinn, datt een als Deputéierte muss Asiicht an Dokumenter „Verlaangen“ (wann dann d‘Existenz bekannt ass) wou dës generell allen Deputéierte sollten zougänglech sinn. Ob et dann awer richteg soll sinn, datt een als Deputéierten esou Dokumenter doheem liest? Gutt dat ass en aneren Debat. Et bleift elo also nach just ofzewaarden, wéi séier den Zougang erlaabt gëtt.

Illustratioun: © Morning Brew / unsplash

Related topics Bertelsmann, CLTUFA, Konzessiounsvertrag, Piraten, Regierung, RTL, Staatsminister, Sven Clement
Next post Previous post