Search

You may also like

Covid-19: Impfzertifikat iwwer MyGuichet.lu eroflueden
Neiegkeeten Stories

Covid-19: Impfzertifikat iwwer MyGuichet.lu eroflueden

Zënter dem 2. Abrëll kënne Persounen, déi am Kader vun

D‘Police Iechternach sicht no Zeien
Neiegkeeten Stories

D‘Police Iechternach sicht no Zeien

Ee Freideg den 11. Juli koum et tëscht 11 an

Doudeger bei Seelbunn-Accident
Neiegkeeten Stories

Doudeger bei Seelbunn-Accident

Op der Seelbunn, déi d‘Klengstad Stresa mat der Biergstatioun Monte

Impf-Alternativen: „Sniffe statt Sprëtzen“

An Israel huet et zanter dem Fréijoer ee sougenannten Nasalen-Impfstoff an der maach, an eis däitsch Nopere schéngen och interesséiert ze sinn. Wat ass do drun, wéi soll dat goen…

Impf-Alternativen: „Sniffe statt Sprëtzen“

Wa bei eis vun Impfung rieds ass, denkt ee wuel automatesch un d‘Sprëtz, déi engem an iergendee gefällege Kierperdeel gejummt gëtt. Et huet awer zanter 2012 och Impfunge wou iwwert een sech engem sougenannte „Nuese-Spray“ bedénge kann. Et ass beispillsweis eng Grippeimpfung fir Kanner a Jugendlecher zougelooss. Esou ee Virgank ass kaum intrusiv an et huet kee Gejéimers.

Dës nasal Impfstoffer hunn also esouwuel psychologesch, wéi och méi generell vill Virdeeler. Et ass wesentlech méi einfach a punkto Manipulatioun a si si flächendeckend asetzbar. D‘Unisklinik zu Tübingen an Zesummenaarbecht mam Max-Planck Institut hunn hire Projet „vir4vac“ lancéiert, well si der Usiicht sinn, datt ee beim Coronavirus als alleréischt sollt d‘Otemweeër schützen.

Logesch eigentlech, wëll déi zougeloosse Vaccine ginn intramuskulär verofreecht, an et gëtt hei als éischt ee generelle Schutz generéiert, woubäi bezunn op de Wierkungskrees vum Covid19, et wuel besser wier eigentlech d‘Otemweeër ze schützen. Gett den Impfstoff do agesat wou de Virus als éischt zouschléit, sollt de Schutz mëttels enger nasaler Impfung méi effektiv a sécher sinn, oder?

An d‘Kolleegen aus Tübingen sinn net déi eenzeg, déi dëse Prinzip verfollegen. D‘Entreprise „riboxx Pharmaceuticals“ fuerscht an déi Richtung. Et feelen nach eppes Finanzmëttel fir déi klinesch Etüden ze lancéieren, mee et kéint ee schonn 2022 un eng Zouloossung denken. De Vaccin gëtt mat der Tudag-Holding vun der Universitéit zu Dresden an aneren Acteuren zügeg entwéckelt.

De Funktiounsprinzip berout op zwou wichtege Komponenten. Dat ass eng kéier d‘Eewäiss vum Virus, an eng kéier den Impfstoffverstäerker (deen aktivéiert déi ugebueren Immunitéit). Esou sollen dann d‘Immunzellen onofhängeg vun engem Virus aktivéiert ginn. Bei esou enger Impfung, soll eng grouss a virun allem direkt Wierksamkeet ganz ouni Niewewierkungen erreecht ginn.

Weider heescht et, datt eng däraarteg Impfung sech vill besser op déi ganz Mutatiounen astelle géif, an esouguer déi alljäerlech Grippeimpfung géif iwwerflësseg maachen. De 27. Juli gouf eng éischt gréisser Analys zur nasaler Impfung an engem Wëssenschaftsmagazin verëffentlecht. Aus dëser geet ervir, datt d‘Tester bei Hamster an Rhesus-Af ganz gutt waren. Et brauch awer nach Gedold.

Bis et zu enger Zouloossung duerch d‘EMA kënnt, wäert nach vill Zäit vergoen, well den Ament geet et gewëssen Acteuren och drëms d‘Wirtschaftlechkeet vun de bestoende Produiten – och wann se iergendwéi schlecht ukommen an d‘Wierkung zumindest diskutabel ass – ze assuréieren. Et wäert wuel keng Zouloossung ze erwaarde sinn, bis d‘Käschte vum éischte Worf gedeckt sinn.

Illustratioun: © Diana Polekhina / unsplash

Annex

Related topics Covid19, Impfstoffer, Impfstrategie, intramuskulär, nasal, Otemweeër
Next post Previous post