Aus der Chamber: Police-Reform
Et ass gëschter an der Chamber net nëmmen ëm de
De Projet „EcoBox – méi laang genéissen“ begeeschtert duerch d’Dëppche,
De fräiwëllege Service riicht sech dobäi un ALL jonk Leit. Déi eenzeg Konditioun: Sech bei enger Missioun vun allgemengem Interesse zu Lëtzebuerg, an engem aneren europäesche Land oder méi wäit ewech wëllen engagéieren. Offréiert gi Beräicher wéi Entwécklungszesummenaarbecht, Kultur, Engagement fir Fridden, Ëmweltschutz an / oder Déieren, Sport, Tourismus oder sozial an edukativ Aarbecht.
Dës Erfarung, déi iwwregens gratis fir de jonke Mënsch ass, bitt d’Méiglechkeet Fäegkeeten a Kompetenze wéi Selbstkenntnisser, Autonomie a Verantwortung ze léieren, awer och Sproochekenntnisser ze gewannen, Kulturen an technesch Fäegkeeten ze entdecken. Mat dësen essentielle Fäegkeeten gëtt een e Stéck méi op d’Aarbechtswelt preparéiert.
Wärend sengem Engagement profitéiert de jonke Mënsch vum Statut als Benevolat, wat et him erlaabt staatlech Hëllef unzefroen, verbonne mat der Sozialversécherung. Dës weidere gëtt de Jugendlechen och vun engem qualifizéierten Team encadréiert, deen hatt/hien a senger Karriär begleet.
D’Virdeeler fir jonk Leit, Temoignagen, Konditiounen an d’Aufgaben, fannt Dir op www.volontaires.lu. D’Dauer vun de Missioune variéiert tëscht 2 Wochen an 12 Méint a passt sech esou der Disponibilitéit an der Liewenssituatioun vun der jonker Persoun un.
Fir déijéineg, déi nach méi praktesch Erfarunge wëllen, bitt den SNJ och en Orientéierungscours vu 4 Woche an engem Atelier un (Holzwierk, Bitzmaschin, Bildschiermdréck a Kachen). Méi Informatioun dozou ginn et op www.alj.lu.