Search

You may also like

En neie Chef fir d‘Welthandelsorganisatioun
Neiegkeeten

En neie Chef fir d‘Welthandelsorganisatioun

D‘Welthandelsorganisatioun (WTO) stécht a enger existenzieller Kris, an dem aktuelle

50 Millioune Konte geplëmmt: Facebook mat enger neier Kris
Neiegkeeten

50 Millioune Konte geplëmmt: Facebook mat enger neier Kris

„Wéinst engem „Sécherheetslach“ goufe 50 Millioune Facebook-Konte piratéiert“, esou um

Editorial: Dem Ursula Von der Leyen seng Krisekommissioun
Neiegkeeten

Editorial: Dem Ursula Von der Leyen seng Krisekommissioun

No honnert Deeg am Amt: d‘Ofwécklung vum Brexit, de Coronavirus

SNJ-President zum Schoulofbroch

SNJ-President zum Schoulofbroch

Datt sech den nationalen Déngscht fir d‘Jugend (SNJ) och mat der Problematik vum Schoulofbroch befaasst, ass net dem Fait geschëlt, datt de President Georges Metz eigentlech ee Mathesproff ass. E Schoulofbriecher ass jo an éischter Linn ee „Jugendlechen“ an esou ass den SNJ-President dann och kompetent, fir dëse Sujet am Staatsoptrag op der Antenn vu Bertelsmann/RTL ze erläuteren.

Op et een Zesummenhang mam nach ëmmer unhalenden Dissens tëscht dem Educatiounsminister an den Enseignantsgewerkschaften huet? U sech egal, well ee muss sech mam Thema beschäftegen, a well d‘Politik dovunner ausgeet, datt den SNJ déi éischt Ulafstell vun de Schoulofbriecher ass… Dobäi sollten déi an de Schoulen agefouert sozioedukativ Servicer, dëse Roll eigentlech ausfëllen.

Fir de Jonken entgéint ze kommen, war esouguer d‘Personal am Kontext vun der Beruffsausbildung verstäerkt ginn. Et also net wéi wa keng Efforte géife gemaach ginn, fir méiglechst jidderengem en Ofschloss ze erméiglechen. An awer, esou huet et sech unhéieren, landen a leschter Instanz vill vun de Jugendlecher an den Hänn vum Goerges Metz senge Mataarbechter. Déi „këmmere“ sech dann.

Laut dem offizielle Wuertlaut, ass de Schoulofbroch u sech awer keen Drama, well den SNJ jo als Missioun huet dëse Jonken eng Ausbildung ze erméiglechen (mat Diplom versteet sech) hinnen da Stage an Entreprise vum Privatsecteur ze organiséieren. Alternativ kann een dës jonk Mënsche jo zu enger fräiwëlleger Aarbecht motivéieren. Vill Plaze geet et net an och Studenten dierfen deelhuelen

Wat soen d‘Zuele a wéi geet een domat ëm?

Laut deene vum SNJ-President virgeluechten Zuelen, hat sech den Taux vu Schoulofbriecher virun der Pandemie an engem Beräich tëscht knapp ënner 8% bis liicht iwwer 9% agependelt. An Zuelen ausgedréckt sinn dat tëscht 1.600 an 1.900 Jugendlecher. Interessant, datt de Mathesproff de Covid-Zäitraum „Mäerz-Juni“ an dësem Kontext net als Trimester, mee als Semester agestuuft huet.

8,16% Schoulofbriecher an engem, wéi et de Goerges Metz gesot huet „Joer dat zur Halschent uerg vun der Pandemie beaflosst war“ sinn, bezunn op d‘Zuele vun de Virjoer, éischter stabil bliwwen. Mee jo et kann ee behaapten, schliisslech ass dee vun der Regierung beoptraagten Expert an dëser Matière, dat ouni Pandemie nach manner Jonker d‘Schoul ofgebrach hätten. Ass awer net de Fall.

SNJ

Mat Hypotheese loossen sech zwar Programmer erstellen – den SNJ schwätzt hei vun dräi Atelieren am Land wou jugendlecher „encadréiert“ ginn. Wie seng Energie léiwer an den Déngscht vun der Allgemengheet stellt, leescht ee Fräiwëllegen Déngscht an engem Altersheem. Aktuell profitéieren eng 350 Jonke vun den SNJ-Offeren (Studenten abegraff) an déi schéngen net extensibel ze sinn.

Wann dann awer den SNJ-President dovunner ausgeet, datt 2021 bis zu 30% méi Demandeure fir eng SNJ-Mesure wäerte vrun der Dier stoen, sollt et weider Moossnamen am Tirang hunn. Aus de géintiwwer Bertelsmann/RTL getätegten Aussoen, geet dat net ervir. An natierlech konnt den SNJ net virausgesinn, wéi en Impakt d‘Pandemie op déi wirtschaftlech Perspektive vun de Jonken hätt.

Archivfoto (November 2019): Den SNJ-President Goerges Metz steet der Jugend esou no wéi all senge Mataarbechter, a kann de Jonken op de Fangere vun enger Hand ausrechnen, wéi eng Zukunft si erwaart, wann si net bereet sinn en Effort ze maachen. © Service National de la Jeunesse

Related topics Covid19-Pandemie, Educatioun, Georges Metz, Schoulofbriecher, SNJ
Next post Previous post