Search

You may also like

Kee Patentschutz fir de Covid19-Vaccin?
Neiegkeeten

Kee Patentschutz fir de Covid19-Vaccin?

Wärend de „Verzicht“ op Patentrechter bei eis am Land keen

Buerg, Buerg, Buerg! Wéi gutt kenns du dech mat Uertschaften aus, déi Buerg am Numm hunn?
Neiegkeeten

Buerg, Buerg, Buerg! Wéi gutt kenns du dech mat Uertschaften aus, déi Buerg am Numm hunn?

[onionbuzz quiz-id=214][/onionbuzz] Wann et ëm Uertschafte geet, dann hunn der

Gebuertsdag emol anescht: „Mir dierfen net bei dech kommen, denken awer un dech!“
Neiegkeeten

Gebuertsdag emol anescht: „Mir dierfen net bei dech kommen, denken awer un dech!“

Wann eppes gezwongenermoossen ausfält, muss ee sech eng Nei afale

SNMC: een éischte Rapport no zwee Joer bestätegt grousse Succès

Ganzer 619 Mol ass den Déngscht schonn an Usproch geholl ginn

SNMC: een éischte Rapport no zwee Joer bestätegt grousse Succès

De Service National du Médiateur de la Consommatioun (SNMC) huet elo een éischte Rapport no senger Grënnung am November 2016 erausbruecht. De Service këmmert sech bei Streidereien, déi duerch ee Verbrauchervertrag tëschent enger professioneller an enger privater Persoun entstane sinn, ëm eng aussergeriichtlech Reegelung vun de Meenungsverschiddenheeten. Heibäi encadréiert ee Mediateur déi concernéiert Säiten.

Säit November 2016 sinn 619 Demanden eragereecht ginn, wouvun 305 sech op den Erhalt vun Informatioune bezunn hunn an 234 Stéck op d’Ufro vun enger Mediatioun. Heibäi goung et an 82 Fäll ëm de Bausecteur, 22 Mol ëm de Beräich Automobil, 15 Mol ëm Assurancen, 25 Mol ëm Wunnengen, 8 Mol ëm Affekoten, 13 Mol ëm den Transport, 5 Mol ëm de Beräich Online-Kaf, 3 Mol ëm elektronesch Maschinnen an 61 Mol ëm aner Beräicher.

An 114 Fäll, wou ee Mediateur an Usproch geholl ginn ass, konnt bis den 20. November 2018 bei 104 Fäll eng Eenegung fonnt ginn. Dëst bedeit eng grouss Reussite vun 91 %. Den duerchschnëttleche Montant bei de Sträitfroe louch bei 12.000 Euro. Déi aner Dossiere ginn nach ëmmer behandelt. Am Ganze sinn 8 Demanden als onzoulässeg deklaréiert ginn.

Fir den Zesummenhalt mat der Strategie a Saache sozial Responsabilitéit vun Entreprisen ze fërderen, kënnen och déi sech un ee Mediateur wennen, fir esou hir Streidegkeeten ze reegelen.

De ganze Rapport fannt Dir HEI.

Related topics Mediateur, Rapport, Service National du Médiateur de la Consommatioun, SNMC, Sträit, Succès
Next post Previous post