Search

You may also like

money
China wirtschaftlech u Lëtzebuerg interesséiert
Neiegkeeten

China wirtschaftlech u Lëtzebuerg interesséiert

Tëscht dem 12. a 15. August hat Lëtzebuerg Gäscht aus

„Shutdown“: US-Kongress a Wäisst Haus ginn sech net eens
Neiegkeeten

„Shutdown“: US-Kongress a Wäisst Haus ginn sech net eens

Säit Haut Muere sinn d‘USA an der „Shutdown“ (Haushaltsspär) Period

Wa Konscht belieft: D’Fuel Box V op der Cloche d’Or (Billergalerie)
Neiegkeeten

Wa Konscht belieft: D’Fuel Box V op der Cloche d’Or (Billergalerie)

Bei dëser kollektiver Expo maachen net nëmmen d’Wierker, mee och

Den SNMC zum Joer 2019 – 460 Demanden sinn erakomm

Den SNMC zum Joer 2019 – 460 Demanden sinn erakomm

Gëschter hunn de Wirtschaftsminister Franz Fayot, sou wéi de Mediateur vun der Consommatioun, de Claude Fellens, de Bilan vum Joer 2019 vum Nationale Service vum Mediateur fir Verbrauchergeschäfter (SNMC) presentéiert.

Esou konnt ee feststellen, datt lescht Joer 460 Demanden eragaange sinn. Am Verglach dozou krut een d’Joer virdrun 268 Demanden eran, wat also eng Erhéijung vun 72 % wärend engem Joer bedeit. Bei 60,78 % vun dësen agereechten Demanden war de Sëtz vum Etablissement net zu Lëtzebuerg. An 129 Fäll ass et ëm eng Sträitsaach gaangen, mat engem duerchschnëttleche Wäert vun 15.482 Euro (vu 15 bis 480.000 Euro war alles dobäi).

D’Dossieren hu besonnesch folgend Secteure betraff: Bausecteur (31 Demanden), Automobil-Secteur (13 Demanden), Immobiliesecteur (13 Demanden) oder den Online-Handel (13 Demanden). D’Demanden, déi vum Konsument agereecht goufen, representéieren méi wéi 96 % insgesamt.

Am Ganze konnte 54 Dossieren an der Vermëttlung, respektiv an der Sträitschlichtung ofgeschloss ginn. An 51 Fäll konnt een Accord vu béide Säite fonnt ginn, wat ee Succès vun 94,4 % an en totale Wäert vun 961.341 Euro bedeit.

De Wirtschaftsminister Franz Fayot huet dobäi ënnerstrach, datt den SNMC e wichtegen Acteur, souwuel fir eis ekonomesch Ëmwelt, wéi och fir d’Bierger ass. „Si proposéieren Léisunge fir Sträitfroen bei der Consommatioun, an dat fräiwëlleg a gratis, dank engem sachleche Mediateur an zum Profit vum Konsument an der Entreprise.“

Hei huet de Mediateur Claude Fellens bäigefüügt: „Am Kader vun der Mediatioun ass et d’Zil, datt de Client an d’Entreprise hir Kommunikatioun erëm hierstellen, fir sech nees ze verstoen. En friddlechen Accord gëtt béide Säiten e befriddegend Gefill an erméiglecht et der Entreprise Vertrauen opzebauen, wärend d’Erwaardungen an d’Satisfaktioun vu senge Clienten besser erfaasst gëtt.“

SNMC

(v.l.n.r.) Claude Fellens, Mediateur beim SNMC; Franz Fayot, Wirtschaftsminister © Wirtschaftsministère

Méi zum Nationale Service vum Mediateur fir Verbrauchergeschäfter

De Service national du Médiateur de la consommation (SNMC) informéiert Konsumenten a Professioneller zum Oflaf vun den aussergeriichtleche Reglementer bei Sträitfroen zur Consommatioun. Donieft këmmert den Déngscht sech och ëm Demanden, déi an dësem Beräich erakommen Sollt en anere Service fir d’Demande zoustänneg sinn, da leet den SNMC se weider.

Den SNMC këmmert sech ëm Sträitfroen zur Consommatioun vu Produiten oder Servicer tëscht Professionellen a Privatpersounen, mam Zil e friddlechen Accord tëscht béide Säiten ze fannen, sou datt de Fall net viru Geriicht muss goen. Esou begleet de Mediateur déi concernéiert Acteuren, versicht ze vermëttelen an den Echange tëscht béide Säiten ze fërderen.

D’Servicer vum SNMC si gratis, d’Participatioun bei der Prozedur ass fräiwëlleg fir déi concernéiert Acteuren. Si kënne sech zu all Ament vum Prozess zeréckzéien oder sech dofir Entscheeden, d’Sträitfro viru Geriicht ze klären.

Weider Informatiounen zum SNMC fannt Dir ënnert guichet.public.lu. De komplette Rapport 2019 kënnt Dir HEI eroflueden.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Claude Fellens, Mediateur beim SNMC; Franz Fayot, Wirtschaftsminister © Wirtschaftsministère

Related topics aussergeriichtlech, Claude Fellens, Entreprise, Fränz Fayot, Geriicht, Konsument, Nationale Service vum Mediateur fir Verbrauchergeschäfter, Rapport 2019, Service national du Médiateur de la consommation, SNMC, Sträitfroen, Wirtschaftsminister
Next post Previous post