Search

You may also like

dislike
Wann de Jughurt sauer schmaacht
International Neiegkeeten

Wann de Jughurt sauer schmaacht

Et ass e Virbiewen vum Wahlkampf, wann sech zwee Ministeren

E grousse Merci geet un all Benevollen!
International Neiegkeeten

E grousse Merci geet un all Benevollen!

E Samschdeg huet weltwäit den Internationalen Dag vum Benevolat stattfonnt.

Zil erreecht: 1 Millioun Ënnerschrëfte fir eis Déieren!
International Neiegkeeten

Zil erreecht: 1 Millioun Ënnerschrëfte fir eis Déieren!

Säit September 2018 ass déi Europäesch Biergerinitiativ fir d’Enn vun

SNP verpasst säin Zil ganz knapp

Bei de Parlamentswalen a Schottland hunn d‘Separatisten eng däitlech Victoire errongen, an op ee Sëtz, hätt dem Nicola Sturgeon seng Partei, déi absolut Majoritéit fir sech verbuche kënnen

SNP verpasst säin Zil ganz knapp

En Donneschdeg hunn d‘Schotte gewielt, an dës Parlamentswale sinn a gewësser Mooss de Prolog zu enger weiderer Wal. Déi regéierend SNP, huet oppe Walkampf fir d‘Onofhängegkeet gemaach, an och wann dem Nicola Sturgeon ee Sëtz feelt fir déi absolut Majoritéit am Parlament ze hunn, et ass ee grousse Schratt a Richtung Onofhängegkeetsreferendum gemaach ginn.

D‘Walkommissioun zu Edinburgh huet e Samschdeg déi offiziell Resultater verkënnegt. D‘SNP ass mat 64 Mandater déi stäerkste Fraktioun. Déi Scottish Green Party dierft mat hiren aacht Mandater de viraussiichtleche Koalitiounspartner ginn. Och d‘Greens hu keng Loscht méi sech vu London an der Kroun an hirer Entscheedungsfräiheet ausbremsen ze loossen. D‘Separatisten hunn elo d‘Heft an der Hand, et gëtt eng politesch Majoritéit fir d‘Onofhängegkeet.

Um Samschdegowend huet déi aktuell – a wuel och nächst – Ministerpresidentin vu Schottland sech un hir Landsleit gewannt, an dësen erkläert: „Et ass de Wëlle vum Land. Déi eenzeg Mënschen déi iwwert d‘Zukunft vu Schottland entscheede kënnen, sinn d‘Schotten“. Dat kléngt wuel eppes vill pathetesch, woubäi een net dierf aus den Ae verléieren, datt d‘SNP scho fir déi véiert Kéier a Folleg d‘Parlamentswale gewënnt, an ëmmer Mandater zougewanne konnt.

Net iwwerrascht awer veriergert

Wann de Walkampf schonn zimmlech däitlech d‘Marschrichtung virginn huet, esou dierft, wann dat neit Parlament bis zesummegestallt ass, d‘Organisatioun vun engem Onofhängegkeetsreferendum eng vun den zentralen Aufgabe vun der neier Regionalregierung ginn. Am Parlament huet et jo elo eng Majoritéit, an awer stellt sech ville Schotten den Ament eng Fro: „ass d‘Zäit scho räif fir esou en decisive Schratt?“. An dann huet jo do nach de Boris Johnson…

SNP

Eigentlech ass de BoJo jo ee grousse Frënd vum Onofhängegkeetsbestriewen, hie selwer huet seng Landsleit vum Bréisseler Diktat befreit, an och wann d‘Britten dank dëser neier Fräiheet an eng ongewëss Zukunft ënnerwee sinn; elo brauch et Zesummenhalt am Vereente Kinnekräich. Dat een do an der Downing Street manner Versteesdemech fir d‘Schotten huet, déi dat selwecht fir sech beusprochen, huet esouwuel territorial wéi wirtschaftlech Grënn.

Ee Referendum schonn 2023?

Dat dem Boris Johnson d‘Walen a Schottland net entgéint kommen ass dat eent, datt hien sech dës Pärel net mir näischt dir näischt wäert aus der Kroun zoppe loossen, ass dat anert. Schliisslech ass ee Referendum a Schottland ouni d‘Zoustëmmung vu London „ongesetzlech“. De Schotten awer e Referendum ze verbidden, ass schwiereg och wann et dem Boris Johnson hei entgéint kënnt, datt d‘SNP net déi absolut Majoritéit huet. Et hänkt also un de Greens…

SNP

Bei der Analys vun de Walresultater an dem Walverhalen huet et nach Opfällegkeeten, déi een als Indiz fir de schottesche Wonsch no Onofhängegkeet bewäerte kann. D‘Participatioun huet bei 63% geleeën. Esou héich war d‘Walbedeelegung a Schottland scho laang net méi, an eraus komm ass ee wuel däitlechen Optrag. D‘Nicola Sturgeon huet jiddefalls ugekënnegt, datt een de Referendum och viru Geriicht akloe wëll, falls London sech queesch stellt.

mat indymedia/edi

Annex: De Manifest vun der Scottish National Party (SNP) 2021

Related topics Nicola Sturgeon, Onofhängegkeet, Parlamentswalen, Schottland, Scottish National Party, SNP
Next post Previous post