Search

You may also like

surprise
Greta Thunberg am Interview bei Democracy Now!
Neiegkeeten

Greta Thunberg am Interview bei Democracy Now!

Et ass eng Symbolfigur fir déi Jonk an ee rout

Den e-Bike ass populär, praktesch a schount d’Ëmwelt
Neiegkeeten

Den e-Bike ass populär, praktesch a schount d’Ëmwelt

Zu Lëtzebuerg kann een 2017 als Joer vum Vëlo bezeechnen.

Konstruktiv Ënnerriedung tëscht der ULC an der CLC
Neiegkeeten

Konstruktiv Ënnerriedung tëscht der ULC an der CLC

Am Kader vun enger rezenter Ënnerriedung tëscht dem Konsumenteschutz (ULC)

SNPGL versus Henri Kox

Vergräift sech de Minister fir bannenzeg Sécherheet un de gewerkschaftleche Fräiheeten?

SNPGL versus Henri Kox

Ufank Februar hat déi National Gewerkschaft vun de Lëtzebuerger Police (SNPGL) op ee vu RTL ausgestraalten Interview mam Minister fir bannenzeg Sécherheet reagéiert. Hei hat den Henri Kox eng Rei Zuelen an e Mond geholl, déi d‘Gewerkschaft zolidd veriergert hunn. Si hunn sech an hirer Stellungnam dësen Zuelen ugeholl a se op beandrockend Manéier, awer verständlech, entkräft.

Dat huet dann nees zu enger Interventioun vum Minister fir bannenzeg Sécherheet gefouert. An dëser huet hie sech de Beschëllegunge säitens der SNPGL erwiert. Et goufen op en neits Zuele virgeluecht, déi dann awer esou guer näischt mat deene gemeng haten, déi am RTL-Interview vum Minister genannt goufen. Um Enn war een éischter nach méi veronséchert, wei gutt informéiert.

Bei der Gewerkschaft erkennt een un, datt et vëlleg legitim ass, datt e Minister kritesch mat deenen him gemaachte Virwërf ëmgeet, woubäi dann awer scho sollt d‘Form gewoort bleiwen. Gemengt ass hei de Communiqué vum Minister deen am Intranet vun der Police publizéiert gouf. An dësem géif et dem Minister drëms goen, d‘Gewerkschaftsaarbecht ze denigréieren. Mee ass deem esou?

Fir keen Doute opkommen ze loossen, hei den offizielle Wuertlaut vum 12. Februar:

„De Minister fir bannenzeg Sécherheet Henri KOX riicht sech an engem Message un d’Membere vun der Police.

Léif Polizistinnen a Polizisten,

Dir Dammen an Hären aus dem Zivilkader,

Den 8. Februar 2021 huet den SNPGL e Communiqué un d’Presse geschéckt wou si meng Interventioun an der Sendung Invité vun der Redaktioun op RTL kritiséiert hunn. Meng Aussoen wieren ënner anerem „erstaunlech a souguer falsch” an d’Rekrutéirungspläng wieren „illusoresch“.Mat dësen onjustifizéierten Attacken hu si net nëmme mech kritiséiert, mee och meng Équipe, all déi Polizisten um Terrain an all déi déi aktiv a mat vill Engagement un de verschiddene Mesuren a Projeten schaffen fir eng biergerno Police op d’Been ze stelle wéi dat och d’Reform vun 2018 verlaangt. À long terme sollen dës Mesuren der Police erlaben hier alldeeglech Missiounen an de beschtméigleche Konditiounen ze leeschten.

Schued ass et dass den SNPGL des Intentiounen net schéngt ze verstoen.

En Annexe de Communiqué wou ech op de Communiqué vum SNPGL reagéieren a virun allem mech dovunner distanzéieren.

Beschte Gréiss, Henri Kox”

Kann een esou net stoe loossen

An dësem interne Message, dee jo dem Personal vun der Police sollt virbehale bleiwen, ass et dann awer de Minister de falsch Ënnerstellunge mécht. Zum engen ass säitens der SNPGL ni behaapt ginn, datt seng Rekrutementspläng „illusoresch“ wieren. Dofir geet et iwwregens duer dee vun der SNPGL verëffentlechte Communiqué ze liesen. An dësem Kontext dierf een net vergiessen, datt de pluriannuelle Rekrutementsplang eréischt decidéiert gouf, nodeems mat der SNPGL am Juni 2019 den Amenagement vun der Aarbechtszäit gereegelt gi war. An et war eng Demande vum SNPGL.

Et geet – an et kann een d‘Interventioune vun der SNPGL Wuert fir Wuert zerleeën – sech och net un, vu Kritik säitens der Gewerkschaft géintiwwer de Leit um Terrain ze schwätzen, wann deem net esou ass. Méiglecherweis huet de Minister, déi vun der Gewerkschaft zum Ausdrock bruechte Warnung betreffend Sécherheetsaspekter absichtlech falsch interpretéiert, oder de Communiqué zu gudder Lescht guer net gelies. Mee och dat kann de falsche Wuertlaut am Intranet net excuséieren.

An dann ass do nach déi oniwwerluechten Undeitung vun engem méigleche Verstouss géint den deontologesche Kodex vun der Police. Wann een d‘Saachen „esou“ ugoe wëll, sollt een awer de Courage, och de Communiqué vum SNPGL am Intranet unzespéngelen. Woubäi, wann ee schonn den deontologesche Kodex beméit, sollt ee berecksiichtegen, datt dësen net geschafe gouf, fir de Gewerkschaften ee Maulkuerf ze verpassen. Sollt dat dem Henri Kox säi Wonsch gewiescht sinn, kann sech dëse schonn emol mam Gedanken ufrënnen, dat deen net wäert an Erfëllung goen.

Et ass keng Einfach Saach, an de Minister Henri Kox schéngt net nëmme mat der Logementskris iwwerfuerdert ze sinn. A Krisenzäiten huet sech d‘Instrument „Dialog“ zu Lëtzebuerg, bis ewell ëmmer gutt bewäert. Wann een awer d‘Dier schonn zouschléit, wärend d‘Interlocuteuren nach am Trapenhaus ënnerwee sinn, riskéiert een, dat si engem dës arennen. Natierlech weess ee beim SNPGL wéi d‘Situatioun ausgesäit, éierlech a Léisungsorientéiert domadder ëmgoen, méi wier den Ament net verlaangt.

Illustratioun: © NeONBRAND / unsplash

Related topics Denigrement, Henri Kox, Interventioun, Minister fir bannenzeg Sécherheet, Police, SNPGL
Next post Previous post