Search

You may also like

Mobbing ass un eise Schoulen keng Seelenheet – an d’Opfer wëssen sech oft net ze hëllefen!
Stories

Mobbing ass un eise Schoulen keng Seelenheet – an d’Opfer wëssen sech oft net ze hëllefen!

Fir vill Schüler ass et eng deeglech Realitéit: Si gi

Gewerkschaften: Deelaccord am Bankesecteur fonnt
Stories

Gewerkschaften: Deelaccord am Bankesecteur fonnt

Während d’Verhandlunge fir en neien a moderne Kollektivvertrag weider ginn, ass d’Optioun

Lëtzebuerger Impfstrategie: D’Phas 5 fänkt un
Stories

Lëtzebuerger Impfstrategie: D’Phas 5 fänkt un

Am Kader vun der Lëtzebuerger Impfstrategie wäerten an dëser Woch

D‘Batterie ass dem Elektroauto seng grouss Schwächt. Mee zu Lëtzebuerg gouf eng méiglech Léisung fonnt

Am SnT gëtt no neie Méiglechkeete gefuerscht

D‘Batterie ass dem Elektroauto seng grouss Schwächt. Mee zu Lëtzebuerg gouf eng méiglech Léisung fonnt

Onerwaarte Situatiounen sinn ëmmer geféierlech am Stroosseverkéier. Mee stellt iech fir, d’Bremsen an d’Gaassginn, dat géift der engem automatesche System iwwerloossen! Do géif een nëmmen zoustëmmen, wann dëse System och wierklech sécher wier, oder? Genau dorunner gëtt gefuerscht – an dat dank dem SnT(1) och hei zu Lëtzebuerg!

Während esou Fuer-Assistenz-Systemer scho säit Joren existéieren, huet de Fuerschungsprojet vum Amin Sajadi Alamdari vum SnT en anert Zill: Hie soll verhënneren, datt onnéideg Stroum dobäi verbëtzt gëtt. Dëst soll zum engen iwwert d‘Verschaffe vun Donnée geschéien, déi schonn am viraus bekannt sinn. A während Systemer an Hardware scho länger existéieren, déi dëst iwwerhuelen, geet d‘Fuerschung am Grand-Duché en anere Wee: En Algorithmus soll dozou bäidroen, datt d‘Batterien an Elektroautoen méi laang halen. En Algorithmus, un deem och den Amin Sajadi Alamdari schafft.

D‘Gravitatioun als Alliéierten

Mee wéi eng Aspekter ginn hei mat aberechent? Zum engem wier do d‘Stroosselaach – de System muss wëssen, op Kéieren do sinn, op den Hang erof oder erop geet. Nëmmen dann kann en vun der Gravitatioun profitéieren, fir Stroum ze spueren. D‘Zil ass kloer: Den Auto soll eng méiglechst stabil Vitesse halen. Déi gëtt vum Fuerer virginn a kann net d‘Vitesselimitten iwwerschreiden. D‘Sécherheet vum Fuerer steet dobäi ëmmer am Virdergrond. An dowéinst muss de System och op Saache reagéiere kënnen, déi grad deen Ament geschéien.

SnT

Den Amin Sajadi Alamdari ass vum Fuerschungsprojet iwwerzeegt

Et geet also dorëmmer, prediktiv a reaktiv ze schaffen. Dat ass keng Klengegkeet an dat weess och den Amin Sajadi Alamdari. Bei den éischten Tester vum neie System zu Colmar-Bierg huet sech op mannst schonn emol den éischten Deel vum System als efficace bewisen. Esou weess de System beispillsweis, wéini et biergop a Biergof geet an de Schwong matgeholl ka ginn, fir esou Energie spueren ze kënnen.

Mee beim System wier d‘Sécherheet ëmmer dat wichtegst, betount den Amin Sajadi Alamdari. An do kënnt dann de Mënsch an d‘Spill. Net onbedéngt deen, deen am assistéierten Auto hannert dem Steier sëtzt, mee all déi aner, déi um Verkéier deel huelen. Déi sinn fir de System nämlech deelweis schwéier anzeschätzen. Mee en huet d‘Sécherheet als Prioritéit: Wann et net anescht geet, kënnt et och zu Vollbremsung, Energiespueren hin oder hir.

Grousst Interesse um Projet vum SnT

Allerdéngs ass d‘Potenzial fir hei ze spuere grouss. An den Interesse aus der Industrie ass och grouss. Well den Algorithmus, deen hei getest gëtt, kann onofhängeg vun Hiersteller a Maschinn ëmgesat ginn. Zwar ass eng bemierkenswäert grouss Renteleeschtung néideg fir all des ze réaliséieren, mee en agebautene, moderne Computer kann dës iwwerhuelen. Dobäi muss och a Realzäit erakommend Donnéeë verschafft kënne ginn. Enger breeder Uwennung vun dëser Fuerschung géif also wéineg am Wee stoen, wat wuel ee vun de Grënn ass, firwat de Fond national de la recherche dëse Projet mat finanzéiert.

Et herrscht also eng gewëssen Opbrochstëmmung. Mee am Moment misst nach méi getest ginn, fir ebe besser op aner mënschlech Fuerer kënnen anzegoen. A wie weess, villäicht gesäit een dann an Zukunft nach méi Autoen, déi mat esou Fuerassistenzen ënnerwee sinn.

(1) Interdisciplinary Centre for Security Reliability and Trust

Fotoen: Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Infrastruktur, Lëtzebuerg, SnT, Transport, Universitéit Lëtzebuerg
Next post Previous post