Search

You may also like

déi gréng: Global denken, lokal agéieren
Neiegkeeten

déi gréng: Global denken, lokal agéieren

Déi Déifferdenger Gemeng hat dëse Samschdeg d’Éier de Landeskongress 2017

Heavy Petrol an den neien Album „The last Barrel“
Neiegkeeten

Heavy Petrol an den neien Album „The last Barrel“

Eigentlech sollt d’Lëtzebuerger Bluesband Heavy Petrol e Samschdeg, den 30.

Den Donald Trump an d‘Mënscherechter
Neiegkeeten

Den Donald Trump an d‘Mënscherechter

Et kritiséiert ee seng Alliéiert net! Wéi keng aner US-Regierung

Sober Buddy Challenge: E Mount ouni Alkohol

Sober Buddy Challenge: E Mount ouni Alkohol

Schonn iwwer 2.000 Buddys – englesch fir „Kollegen“ oder „Komeroden“ – hu sech zum Ufank vum Joer zesumme fonnt fir een Zil ze verfollegen: Ee Mount ouni Alkohol. An nach ass et net ze spéit fir sech dëser Challenge unzeschléissen.

Eigentlech kéint een dës Erausfuerderung jo zu all Ament ugoen, an awer feelt gären emol d’Motivatioun unzefänken an et duerchzezéien. Am Grupp, mat Ënnerstëtzung a verpak an en Challenge mat Erfollegserliefnis geléngt engem de Virsaz direkt méi einfach. An do kënnt de sougenannte „Sober Buddy Challenge“ an d’Spill.

Sober Buddy Challenge

Et sinn 31 Deeg, wärend deenen de Kierper sech vum Alkohol erhuele soll. Grad no de Feierdeeg, déi wuel bei de Meeschte vun eis mat Schampes, Wäin an aneren Spirituose begleet gi sinn, bitt sech den Ufank vum neie Joer ganz gutt un. D’Participatioun ass ganz einfach:

Schreift Iech op der Säit sober-buddy.lu an a luet Iech déi dozou gehéiereg App erof. Iwwert dësen Tool kënnt Dir och e weidere Buddy alueden Ären Abstinenzkalenner am A behalen. Deelhuele kann een de ganze Januar iwwer.

E Mount ouni Alkohol – dat bedeit net nëmmen, datt ee seng Suen anescht investéiere kann, mee och datt ee sengem Kierper eppes Guddes deet. D’Liewer erhëlt sech, mir profitéieren vun engem méi erhuelsame Schlof a vu méi Energie, an och d’Hautbild verbessert sech.

D’Initiative fir dësen Challenge huet d’Fondation Cancer ergraff. Alkohol gëllt nämlech als zweethéchste Risikofacteur fir Kriibs.

Nach keen Neijoerschvirsaz? Ma dann hutt Dir hei eng Iddi kritt!

Opmaacherbild: © Luis Quintero / Unsplash

Related topics Abstinenz, Fondation Cancer, Gesondheet, keen Alkohol, Kriibs, Liewer, Risikofacteur, Sober Buddy Challenge
Next post Previous post