D’Sober Buddy Challenge

Maacht mat an dot Ärem Kierper eppes Guddes

Alkohol. Et gëtt en a ville Goûten, déi eng Leit si méi ufälleg fir en erhéichten Alkoholkonsum, ewéi anerer.

Da kënnt nach dobäi, datt Alkohol immens gesondheetsschiedlech ass. E gräift ënnert anerem d’Liewer un an ass och ee Risikofakor fir u Kriibs ze erkranken. Dozou gehéiert ënnert anerem Daarmkriibs, Broschtkriibs, Mondkriibs a Liewerkriibs.

An dësem Kader lancéiert d’Fondation Cancer hier zweet Editioun vum Sober Buddy Challenge, et kann een sech ab elo hei aschreiwen. Déi éischt Editioun hat nawell ee grousse Succès, hoffentlech leeft et am nächste Joer geneesou gutt. Dobäi ass d’Zil ganz einfach – et soll vum 1. bis den 31. Januar 2022 keen Alkohol gedronk ginn.

Ob een dat eleng oder mat engem Kolleeg zesumme mécht, ass eigentlech egal. Et ass den Erfolleg, deen zielt. Dobäi sinn d’Participanten kengesfalls eleng. Op der Websäit vu Sober Buddy wäert déi beschtméiglech Ënnerstëtzung a Motivatioun ze fanne sinn.

Jo, et ass eng Erausfuerderung. Am leschte Joer hunn sech méi ewéi 2.500 Mënsche getraut, dëst auszeprobéieren. Dobäi komm eraus, datt 99 Prozent vun de Participanten bereet wieren, dës liewensverännerend Erfarung nach eemol ze probéieren. D’Auswierkunge sinn tatsächlech enorm – de Schlof gëtt besser, d’Haut erhëlt sech, et verléiert ee Gewiicht a spuert ee gudde Koup Suen.

Duerch dës Paus, gëtt ee sech sengem (alldeegleche) Konsum méi bewosst. Doduerch kann een och eng bewossten (an niichter) Entscheedung fir seng Gesondheet an d’Liewen treffen.

Weider Informatioune fannt Dir hei.

Dernières nouvelles