Search

You may also like

surprise
Esch Uelzecht: Aktuelle Schoulsystem vergréissert d’Ongläichheet
Neiegkeeten

Esch Uelzecht: Aktuelle Schoulsystem vergréissert d’Ongläichheet

Déi Lénk hunn ee Mangel an der aktueller Schoulpolitik vun

Harespelen: Schlechte Ruff, nëtzlech Insekten
Neiegkeeten

Harespelen: Schlechte Ruff, nëtzlech Insekten

Duerch déi besonnesch Ëmstänn an d’Ausgangsbeschränkungen, wéi och déi elo

San Francisco: FBI verhënnert Attentat
Neiegkeeten

San Francisco: FBI verhënnert Attentat

Um Samschdeg hunn sech d‘Enquêteure duerch d‘Vergaangenheet vum Ex-Marine gewullt.

Gutt Nouvelle: D‘Salariéeë vun der SOCOM hunn hire Kollektivvertrag

Gutt Nouvelle: D‘Salariéeë vun der SOCOM hunn hire Kollektivvertrag

Den OGBL-Departement „Bâtiment, Artisanat du Bâtiment et Constructions métalliques“ an d‘Direktioun vun der SOCOM, hunn den 11. Dezember en Avenant zum Kollektivvertrag fir déi ronn 530 Salariéeë vun der Entreprise ënnerschriwwen.

D‘SOCOM ass déi gréisste Lëtzebuerger Entreprise am Beräich vun den elektroneschen an elektreschen Installatiounen. Bei der SOCOM ass just den OGBL als Gewerkschaft vertrueden, an esou ass si dann och den eenzege Signataire vun dëser Konventioun. Den Accord huet eng Lafzäit vun dräi Joer. Hie gëllt (retroaktiv) vum 1. Januar 2018 bis zum 31. Dezember 2020.

Déi wichtegst Punkten:

  • All d‘Salariéeën ënnert dem ale Statut vum Aarbechter, erhalen eng Primm vun 295 Euro fir 2018, an en Avancement vun op mannst engem Echelon um Niveau vun der Gehältertabell bis 2020, wat enger Gehaltserhéijung vu ronn 2% – fir d‘Dauer vun der Konventioun – entsprécht.
  • déi administrativ Salariéeën an déi aner Salariéeën ënnert dem fréiere Statut vum Privatbeamten, erhalen eng Gehaltserhéijung vun 2,1% op dräi Joer. Och hei gëllt den Datum vum 1. Januar 2018; dëse Grupp vu Salariéeën erhält elo och déi selwecht Unzuel u Congésdeeg, gebonnen un d‘Anciennetéit an den Alter, wéi hir Aarbechtskollegen (also 26 Deeg als basis, a bis zu 29 Deeg an der Theorie);
  • d‘Direktioun vun der SOCOM huet och garantéiert, datt et eng Gewënnbedeelegung gëtt.

Den OGBL leet grousse Wäert drop ze betounen, datt d‘Verhandlungen sech an engem konstruktive Kader ofgespillt hunn, wat derzou bäigedroen huet, datt ee séier zum Ofschloss komme konnt.

matgedeelt vum OGBL, aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics Bausecteur, Kollektivvertrag, OGBL, SOCOM
Next post Previous post