Search

You may also like

Lega-Chef zu Palermo ugeklot
Auto Neiegkeeten Stories

Lega-Chef zu Palermo ugeklot

2019 hat dem deemolegen italieneschen Inneminister seng anti-Migratiounspolitik fir eppes

Am Myanmar forméiert sech de Widderstand
Auto Neiegkeeten Stories

Am Myanmar forméiert sech de Widderstand

Virun enger Woch huet d‘Militärjunta d‘Muecht iwwerholl, d‘Regierungscheffin Aung San

Stad Lëtzebuerg: Déi guidéiert Visitte fannen nees statt
Auto Neiegkeeten Stories

Stad Lëtzebuerg: Déi guidéiert Visitte fannen nees statt

Wéi de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) matdeelt, ginn ab

De Lëtzebuerger Automobil-Sportler 2018 steet fest!

Gëschter Owend war am Casino 2000 zu Mondorf-les-Bains nees eng méi lass. Um vergaangenen Owend huet eng grouss Gala stattfonnt, bei der d’Laureate vum Automobilsport 2018 geéiert gi sinn an de Successeur vum Dylan Pereira presentéiert ginn ass.

Et war eng Soirée ganz am Zeechen vun der Vitesse an de staarke Gefierer. „Den Autosport lieft“, esou ass d’Evenement ugefaange ginn. Bei der Ufanksried gouf et vill ze erzielen. Sou ass beispillsweis ee kuerze Bléck op déi nei Reegelung vum Joer 2019 geworf ginn, sou wéi och op d’Zukunft vum Verbrennungsmotor an dësem schnelle Sport. D’Nationalequippe huet 2018 d’Coupe mat Heem bruecht – ee risegen Erfolleg fir Lëtzebuerg, an awer gouf dëst Resultat leider net gewierdegt, wat den ACL Sport immens bedauert.

Wien denkt, datt den Automobilsport zu Lëtzebuerg net wäit ausgebaut ass, den täuscht sech. Eis Sportler hunn mat extrem gudde Resultater a Podiumen am leschte Joer total iwwerzeegt. An esou ass et och net verwonnerlech, datt bei dëser Soirée ee ganzen Dësch voller Coupen un déi bescht Piloten a Kopiloten vum Joer 2018 verdeelt gi sinn.

D’Laureaten vun 2018

Den ACL Sport vergësst natierlech net d’Pilote vun de vergaangene Joer. Soumat huet de Lucien Franck, Vize-President vum Conseil d’Administration vum ACL, mat véier Éierungen ugefaangen. Verdeelt goufen dës un de Roger Heck, de Jakoby Win, de Joe Wagner an den Henry Mannes. Dobäi betount de Roger Heck, datt d’Organisatioun vun de Rallyen hei am Land an de richtegen Hänn ass a mat enger super Organisatioun iwwerzeegt. Hien hofft op 2 Biergcoursen am Grand-Duché a betount, datt bei enger Rallye den Toun vum Auto zielt, woumat Elektroautoen an dësem Beräich keng Chance hätten. Viru goung et dunn mat de Gewënner beim Karting.

Auto

© Martine de Lagardère/moien.lu

Karting 2018

Hei ass de Präis vum Henri Schwirtz iwwerreecht ginn. Geéiert goufen de Manuel Martin, de Pol Leyten, d’Lynn Eyven, de Christian Hostert, de Marek Dyrda an den Alain Bazard. Als eenzeg weiblech Fuererin erzielt d’Lynn, datt hatt duerch säi Brudder op de Karting komm ass. An Zukunft well hatt an dësem Beräich viru fueren an iergendwann op méi grouss Autoen ëmsteigen.

Auto

© Martine de Lagardère/moien.lu

Challenge X30 ACL
Och dëse Präis gouf iwwerreecht vum Henri Schwirtz. Hei huet d’Zoé Knebler an der Kategorie Senior iwwerzeegt.

Auto

© Martine de Lagardère/moien.lu

Autopolis Ladies & Mens Slalom Cup
D’Coupe goufen verdeelt vum Norbert Hartz, Vice-President vum Directoire ACL Sport. D’Frae goufe folgendermoosse plazéiert:

3. Nathalie Morillon
2. Marie Delgado
1. Angèle Schaack

D’Männer goufe folgendermoosse platzéiert:

3. Christian Neiers
2. Mike Schenk
1. Kevin Hensen

Auto

© Martine de Lagardère/moien.lu

Championat Débutant zu Lëtzebuerger

3. Marcel Nipperts
2. Joël Meyers
1. Tania Flammang

Auto

© Martine de Lagardère/moien.lu

Championat Slalom zu Lëtzebuerger

3. Monique Becker
2. Joël Meyers
1. Daniel Donkels

Auto

© Martine de Lagardère/moien.lu

3. Monique Becker
2. Sandra Becker
1. Tania Flammang

Auto

© Martine de Lagardère/moien.lu

Championat Circuit zu Lëtzebuerger

1. Loris Cencetti

Auto

© Martine de Lagardère/moien.lu

Biergcours Championat zu Lëtzebuerger

Kategorie 1:

3. Charles Valentiny
2. Nico Schilling
1. Canio Marchione

Kategorie 2:

3. Leo Linden
2. Daniel Donkels
1. Tania Flammang

Auto

© Martine de Lagardère/moien.lu

Coupe Rallye fir Piloten a Kopiloten

Kopiloten:

3. Chris Stijnen
2. Lionel Rasquin
1. André Foxius

Piloten

3. Daniel Leyers
2. Claude Floener
1. Georger Goedert

Auto

© Martine de Lagardère/moien.lu

Trophy Nicolas Koob fir Piloten a Kopiloten

Kopiloten:

2. André Foxius
1. Steve Lanners

Piloten:

3. Grégoire Munster
2. Steve Fernandes
1. Yann Munhowen

Auto

© Martine de Lagardère/moien.lu

Mérite Sportif

Dës Éierung goung un d’Sandra Becker, den Alain Berg, den Daniel Bohr, de Loris Cencetti, de Christian Crucifix, DKR Engineering, d’Equipp Jean-Pierre Lequeux, de Maxime Furon-Castelain, de Steve Haentges, d’Zoé Knebler, de Joseph Lambert, de Gil Linster, de Grégoire Munster, den Dylan Pereira, de Kevin Peters, de Carlos Rivas an déi ganz Nationalequipp FIA Hill Climb Masters.

Auto

© Martine de Lagardère/moien.lu

An dësem Kader ass d’Equipp vum FIA an hire Kapitän, den Norbert Hartz, nach emol extra geéiert ginn mat engem Bild fir all Member. Och déi gutt Resultater vun de véier Sportler bei der Cours zu Gubbio an Italien goufen presentéiert.

Auto

© Martine de Lagardère/moien.lu

Automobil-Sportler 2018

Dëst war de wichtegste Präis vum Owend. Nominéiert waren de Steve Lanners, d’Equipp vun FIA, de Steve Fernandes, de Gil Linster, de Canio Marchione, de Grégoire Munster, den Dylan Pereira an de Kevin Peters. D’Gewënner si folgendermoossen ausgefall:

3. Dylan Pereira
2. d’Equipp FIA
1. Kevin Peters

Domadder ass de Kevin Peters de Successeur vum Dylan Pereira an Automobil-Sportler vum Joer 2018 – Gratulatioun! De Sportler ass mam Motocross opgewuess a schliisslech op den Autocross gewiesselt. Hien lieft seng Passioun an d’Gefill vum Dreck a Kaméidi, deen mam Autosport verbonnen ass. Elo preparéiert hien sech awer op d’Saison 2019.

Auto

© Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics ACL Sport, Casino 2000, Dylan Pereira, Kevin Peters, Soirée du Sport Automobile 2018
Next post Previous post