Search

You may also like

Eng kloer Exit-Roadmap mat mënschleche Perspektiven
Kultur Neiegkeeten

Eng kloer Exit-Roadmap mat mënschleche Perspektiven

Zënter siwe Woche befanne sech d’Land an d’Leit am Corona-Ausnamezoustand.

Wéi gutt kenns du Rëmeleng?
Kultur Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Rëmeleng?

[onionbuzz quiz-id=96][/onionbuzz] An dësem Stad-Quiz gi mer erëm an de

Si si géint de Coronavirus a seng Aschränkungen
Kultur Neiegkeeten

Si si géint de Coronavirus a seng Aschränkungen

Ee Samschdeg war nees eppes „Protest“ an der Stad ugesot.

Der Natur ganz no: Mam Solarboot de Stauséi erliewen

Der Natur ganz no: Mam Solarboot de Stauséi erliewen

Loscht op eppes Neies, Natur a bësse Geschicht? Ab elo bitt den Naturpark Öewersauer nees seng Toure mam Solarboot iwwert de Stauséi un. Nei Perspektiven iwwert de gréisste Lëtzebuerger Drénkwaasserreservoir gi verbonne mat spannenden Detailer iwwert d’Flora an d’Fauna an dëser Regioun.

Dat ass awer nach laang net alles. Déi ëmweltfrëndlech Excursioun – et fiert ee schliisslech mat der Kraaft vun der Sonn – dauert 2 Stonnen an gëtt ee wonnerbaren a liewegen Abléck an d’Geschicht vum Stauséi oder nach zum Drénkwaasserschutz. Dobäi fiert een net nëmmen iwwert déi deels ofgeleeën Säitenäerm, en Ofstiecher bei den Entdeckungszentrum „Burfelt“ steet och um Programm!

Duerch d’Pandemie ginn an dësem Joer just 2 Tier pro Dag ugebueden, dat um 10:00 an um 13:45 Auer. D’Zuel u Passagéier ass op 10 Persoune begrenzt. Ma, d’Mask muss een dobäi hunn an och um Boot unhalen. Nach bis den 1. Oktober 2020 hutt Dir d’Méiglechkeet fir e Stéck Natur a Geschicht um Solarboot ze erliewen.

D’Reservatioun ass obligatoresch (Tel. 89 93 31-1 oder E-Mail info@naturpark-sure.lu). Ënnert folgenden Link kënnt Dir bequem vun Doheem aus kucken, op fräi Plazen un Ärem Wonschdatum zur Verfügung stinn: www.naturpark-sure.lu/offer/das-solarboot.

Opmaacherbild: © Nathalie Leger – Naturpark Öewersauer / Facebook

Related topics Burfelt, Drénkwaasser, Entdeckungszentrum, Flora a Fauna, Geschicht, Natur, Naturpark Öewersauer, Solarboot, Stauséi
Next post Previous post