Search

You may also like

money
Dem Lex Delles seng Erausfuerderungen: e politesche Challenge
Neiegkeeten

Dem Lex Delles seng Erausfuerderungen: e politesche Challenge

Et ass der Regierung hire jéngsten, hien denkt an handelt

E President muss och schmäerzvoll Entscheedungen treffen
Neiegkeeten

E President muss och schmäerzvoll Entscheedungen treffen

Fir ee Personnage wéi de Christian Kmiotek, e Mann mat

Internationale Fraendag – Wa Clichéen d’Passioun ënnerdrécken
Neiegkeeten

Internationale Fraendag – Wa Clichéen d’Passioun ënnerdrécken

Den Internationale Fraendag 2020 dës Kéier vum MEGA ënnert de

Natur, Geschicht a frësch Loft: Mam Solarboot iwwert de Stauséi

Natur, Geschicht a frësch Loft: Mam Solarboot iwwert de Stauséi

Ab dem 1. Mee wäert d’Solarboot nees seng Ronnen iwwert de Stauséi, eise gréissten nationalen Drénkwaasserspräicher, dréien, an dobäi mat Sécherheet fir den een oder aneren „Wooow“ an „ohooo“ suergen. Mat der Kraaft vun der Sonn kritt Dir e Stéck Geschicht an Natur méi no bruecht.

Wësst Dir zum Beispill, datt de Stauséi net nëmmen e Waasserreservoir ass, mee eis och nach mat Stroum versuergt, eng Moossnam zum Iwwerschwemmungsschutz ass an zuelräichen Déieren a Planzen en attraktive Liewenraum bitt? Wéi laang dauert et de Stauséi eidel an nees voll ze maachen? A wéi fonctionnéiert dat Solarboot iwwerhaapt? Dir wäert bestëmmt staunen bei den Erklärungen.

Wärend an Normalzäiten ëm 23 Persoune Plaz um Solarboot fannen, ass aktuell d’Passagéierzuel op 10 Persoune begrenzt. Wéi gewinnt gëtt ufanks just een Tour den Dag ugebueden, ab dem 15. Juni sinn et der nees 3. Umeldunge ginn iwwert Telefon (89 93 31-1) a Mail (info@naturpark-sure.lu) entgéint geholl.

Dir wëllt e klenge Virgeschmaach kréien wat Iech erwaarde wäert? Da luusst emol an den Artikel „#VakanzDoheem um Solarboot – De Stauséi aus neie Perspektiven“ eran.

Mir wënsche vill Spaass!

Opmaacherbild: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Drénkwaasser, Flora a Fauna, Iwwerschwemmungsschutz, Naturpark Öewersauer, Solarboot, Stauséi, Umeldung, Waasserreservoir
Next post Previous post