Search

You may also like

D’Lëscht un essentielle Secteure gouf verklengert
Neiegkeeten

D’Lëscht un essentielle Secteure gouf verklengert

No der Interventioun vum OGBL huet d’Regierung sech um 15.

D‘ADEM zitt de Bilan an de Minister begréisst d‘Engagement vun der Institutioun
Neiegkeeten

D‘ADEM zitt de Bilan an de Minister begréisst d‘Engagement vun der Institutioun

Um Dënschdeg huet d‘ADEM zesumme mam Aarbechtsminister Nicolas Schmit (LSAP)

Verlängerung vun den Ëffnungszäite vum LNS Covid19 „Drive-in“ Testzenter
Neiegkeeten

Verlängerung vun den Ëffnungszäite vum LNS Covid19 „Drive-in“ Testzenter

Ab dem 29. November wäert den LNS-Testzenter, dee mëttels Drive-in

T’sinn Solden: Gutt ewech komme vum 2. bis de 25. Januar!

T’sinn Solden: Gutt ewech komme vum 2. bis de 25. Januar!

Vum 2. bis de 25. Januar sinn nees Wantersolden ugesot. An dësem Kader wäerten d’Geschäfter vun der Uewerstad an dem Garer Quartier och u verschiddene Sonndeger op hunn.

Fir genau ze sinn kann een hei um Sonndeg, de 5., den 12. an den 19. Januar 2020 vun de spezielle Solde profitéieren. D’Stad Lëtzebuerg erënnert drun, datt d’Busser, déi op busgratuits.vdl.lu opgelëscht sinn, gratis sinn an ee soumat vum ëffentlechen Transport Gebrauch maache soll. Dëse Service gëtt offréiert vun der Stad Lëtzebuerg a Kollaboratioun mam Transportministère.

Parking an Navetten

  • Parking Glacis – City Shopping Bus
    Déi gratis Navette vum City Shopping Bus verbënnt de Glacis (Rue Beaumont) mam Zentrum. Zu den Arrêten gehéieren ënnert anerem Beaumont, Forum Royal, Cathédrale, Gruef a Kasinosgaass. De Bus fiert vun 13:30 bis 18:30 Auer all 7 bis 8 Minutten.
  • Shuttle Gare
    Dës gratis Navette verbënnt d’Haaptarrêten vum Garer Quartier a fiert och Sonndes tëscht 6:00 an 23:00 Auer.
  • Parking Schuman
    De Parking Schuman bitt Plaz fir 400 Gefierer an ass um Weekend gratis. An direkter Proximitéit dozou fueren d’Buslinnen 1/125, 2, 8, 16, 18, 20 an 30 vum Arrêt Fondation Pescatore.
  • Parking Stadion
    De Parking vum Stadion (route d’Arlon) ass um Weekend gratis a gëtt vun der Buslinn 28 ugefuer. U Sonndeger fiert dës Linn tëscht 12:37 an 18:07 Auer all 30 Minutten an den Zentrum (Arrêt Monterey) an op d’Gare. An déi aner Richtung fiert d’Linn ab dem Arrêt Gare Centrale Quai 4 tëscht 12:58 an 18:28 Auer all 30 Minutten.
  • P+R Howald, Lux-Sud A+B
    De Parking Howald, Lux-Sud A+B ass wärend 24 Stonne gratis a gëtt vun der Buslinn 21 ugefuer. Och Sonndes fiert hei de Bus am 30-Minuttentakt tëscht 12:45 an 18:15 Auer a Richtung Stater Gare an Zentrum (Arrêten Roosevelt a Monterey). Zeréck geet et all 30 Minutten ab dem Arrêt Monterey Quai 1 tëscht 12:58 an 18:28 Auer iwwert Roosevelt an Gare Centrale Quai 103.
  • P+R Bouillon
    De Parking Bouillon ass déi éischt 24 Stonne gratis. D’Linn 17 fiert ab 12:52 Auer am 10 Minuttentakt vum Parking a Richtung Zentrum (Arrêt Monterey Quai 1). Retour ass um selwechten Arrêt tëscht 13:00 an 18:30 Auer.

    D’Verbindung zur Gare gëtt duerch d’Linnen 1/125 an 27 ab dem Arrêt P+R Bouillon Quai 1B am 15 Minuttentakt tëscht 13:05 an 18:05 Auer erméiglecht. Retour ass um Arrêt Gare Centrale Quai 103 tëscht 13:11 an 18:41 Auer.

Weider Informatioune ginn et ënnert www.vdl.lu. All Geschäfter, déi deelhuele mat den Ëffnungszäite fannt Dir op www.cityshopping.lu.

Related topics Akafen, Bus, Ëffentleche Transport, Gratis Ëffentlechen Transport, Parking, Prozenter, Shopping, Solden, Soldes, Tram, Wantersolden
Next post Previous post