Search

You may also like

Haart ëmkämpft: De Cochonnet um Tournoi vun der Boule d‘Or
Meenung Neiegkeeten

Haart ëmkämpft: De Cochonnet um Tournoi vun der Boule d‘Or

Mat engem flotten, oppenen Turnéier am „Tête a Tête“, huet

money
Frankräich: Bedéngungslost Grondakommes als Pilotprojet
Meenung Neiegkeeten

Frankräich: Bedéngungslost Grondakommes als Pilotprojet

De Prinzip vum bedéngungslose Grondakommes um „Terrain“ ausprobéieren, fir en

Kannersäiten am Internet
Meenung Neiegkeeten

Kannersäiten am Internet

Den 21. Oktober war den Dag vun de Kannersäiten am

Solidaritéit mam kubanesche Vollek

D‘KPL protestéiert géint nei Amëschunge vum EU-Parlament an den Ugeleeënheete vu Kuba

Solidaritéit mam kubanesche Vollek

En Donneschdeg gouf der Plenarsitzung vum EU-Parlament zu Stroossbuerg eng nei Resolutioun zur Ofstëmmung virgeluecht, déi eng flagrant Amëschung an déi bannenzeg Ugeleeënheeten vun der Republik Kuba duerstellt.

Abruecht vun der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei (EVP), där hire Member d‘CSV ass, a mat ënnerzeechent vun der CSV-Deputéierter Isabel Wiseler-Lima, hëlt dës Resolutioun Bezuch op d‘Ereegnisser vum 11. Juli 2021, wou eng honnert Mënschen zu Havanna an an anere Stied géint d‘Politik vun der kubanescher Regierung op d‘Strooss gaange sinn.

Fir d‘EVP, an offensichtlech och fir d‘CSV, si gewalttäteg Protester géint eng demokratesch gewielte Regierung „Ausdrock vun de Fuerderungen no Mënscherechter, Fräiheet an Demokratie“, wärend déi massiv Demonstratiounen der grousser Majoritéit vum kubanesche Vollek zur Verdeedegung vun der Revolutioun als Ausdrock vun der „Ënnerdréckung“ duergestallt ginn.

Dës Resolutioun stellt en neien Niveau vun der Amëschung vun der Europäescher Unioun an d‘Ugeleeënheeten vun engem souveräne Staat duer. Se ass eng nei Form vun der Ënnerstëtzung vun der aggressiver Politik vun der USA-Regierung, déi mat der Oprechterhalung vun der Blockade géint Kuba d‘Problemer, déi ugesiichts der Corona-Pandemie entstane sinn, virsätzlech weider ze verschäerfe versicht.

Wärend all EU-Länner an der UNO-Volleksversammlung fir d‘Ophiewung vun der USA-Blockade votéiert hunn, gëtt dës Blockade an der Resolutioun mat kengem Wuert ernimmt – et gi souguer d‘Fuerderungen erhuewen, d‘EU-Kommissioun sollt weider Sanktiounen géint Kuba an d‘Weeër leeden.

D‘Kommunistesch Partei Lëtzebuerg protestéiert energesch géint dës nei Attacken op déi kubanesch Revolutioun. D‘Vertrieder vun den angeblech chrëschtlechen an demokratesche Parteien, déi sech esou vehement fir Mënscherechter an demokratesch Fräiheeten a Kuba asetzen, sollte sech an éischter Linn ëm hir eege Länner këmmeren, an deene grondleeënd Mënscherechter, wéi d‘Recht op Aarbecht, Wunnen, adequat Gesondheetsvirsuerg an anerer Dag fir Dag verletzt ginn.

D‘Lëtzebuerger Kommuniste sti weiderhin a fester Solidaritéit mam kubanesche Vollek, senger Regierung an der Kommunistescher Partei vu Kuba.

Matgedeelt vun der KPL

Opmaacherbild: © Ricardo Iv Tamayo / unsplash

Next post Previous post