Search

You may also like

D‘Dommheet a seng méiglech juristesch Folgen
Kultur Neiegkeeten

D‘Dommheet a seng méiglech juristesch Folgen

De Maître Jean-Jacques Schonckert huet sech mëttels engem Lieserbréif op

Covid19 Pandemie: Eng kuerz Situatiounsiwwersiicht vu Lëtzebuerg
Kultur Neiegkeeten

Covid19 Pandemie: Eng kuerz Situatiounsiwwersiicht vu Lëtzebuerg

Den offizielle Bilan fir d‘Lëtzebuerger Land huet gëschter Owend laut

Legal, illegal… wéi Italien Migratioun nei definéiert
Kultur Neiegkeeten

Legal, illegal… wéi Italien Migratioun nei definéiert

Wien elo mengt, datt Italien sech eng nei „Humanitéit“ entdeckt

Solidaritéitsconcert zu Iechternach: Fir d‘Affer vum Héichwaasser

Solidaritéitsconcert zu Iechternach: Fir d‘Affer vum Héichwaasser

D‘Héichwaasserkatastroph vum Juli 2021 huet Lëtzebuerg op verschidde Plaze schwéier getraff. Zemools Iechternach hat mat den Iwwerschwemmungen ze kämpfen. Deemools huet den Trifolion säin Zentrum fir betraffe Leit opgemaach a seng Hëllef ugebueden.

An dësem Kader fënnt en Donneschdeg, den 14. Oktober 2021 um 20 Auer ee Solidaritéitsconcert zu Iechternach statt. Dësen gëtt vum Trifolion, der Museksschoul sou wéi dem Stadmarketing Iechternach organiséiert. Dobäi ass all Erléis zugonschte vun de Betraffenen.

Follgend Kënschtler huelen d Spectateuren op eng musikalesch Rees mat:

  • Marly Marques & Riaz Khabirpour
  • George Letellier
  • Reis Demuth Wiltgen Trio
  • KLEIN.
  • Pilz Reis Dahm Martiny

Solidaritéitsconcert zu Iechternach

De Concert, dee gutt zwou Stonnen dauert, fënnt ënnert dem CovidCheck statt. Wann ee Schnelltest op der Plaz gemaach soll ginn, ass et gutt eng kleng Waardezäit anzeplangen.

Wien net dobäi ka sinn, an d’Héichwaasseraffer awer ënnerstëtze wëll, kann dëst gären mat enger klenger Spend op de Spuerkeeskonto LU18 0030 2316 4846 0000 maachen. Beim Vermierk sollt Echternach – Inondations stoen.

D’Tickete fir de Concert ginn et op www.trifolion.lu an op www.luxembourg-ticket.lu sou wéi am Ticket Service vum Trifolion (2, Porte Saint Willibrord, L-6486 Iechternach), a per Telefon iwwert d’Nummer +352 47 08 95-1 (Luxembourg Ticket) an +352 26 72 39-500 (Trifolion).

Opmaacherbild: © Shutterstock – Aniwhite

Related topics George Letellier, Héichwaasser, Iechternach, Iwwerschwemmungen, KLEIN., Marly Marques & Riaz Khabirpour, Pilz Reis Dahm Martiny, Reis Demuth Wiltgen Trio, Solidaritéitsconcert, Trifolion
Next post Previous post